(C) Shotshop

De “kognitive Virdeel” vun der Méisproochegkeet besteet doranner, datt méisproocheg Kanner a bestëmmte kognitiven Aufgaben, déi déi sougenannten Exekutivfunktioune moossen, besser si wéi Kanner, déi nëmmen eng Sprooch schwätzen.

Firwat hu méisproocheg Kanner Virdeeler an den Exekutivfunktiounen?

Wann e méisproochegt Kand sech an enger vu senge Sproochen ausdréckt, gëtt seng zweet oder drëtt Sprooch automatesch mat aktivéiert. D’Kand brauch dann d’Exekutivfunktiounen, fir sech op déi relevant Sprooch ze konzentréieren an déi Sproochen, déi an deem Moment net benotzt ginn, „auszeschalten“. E méisproochegt Kand benotzt seng Exekutivfunktiounen also indirekt méi wéi e monolinguaalt Kand, wëll et permanent tëschent verschiddene Sprooche muss hin an hier wiesselen.

D’Gehir funktionéiert eigentlech ähnlech wéi ee Muskel, wa verschidde Funktioune méi benotzt ginn, dann entwéckelen déi sech besser.

Well also bei méisproochege Kanner d’Exekutivfunktioune méi musse schaffen, fir e Sproochekonflikt ze léisen (decidéieren, wat fir e Wuert se a wat fir enger Sprooch solle gebrauchen), ginn sie besser an Aufgaben, wou d‘Exekutivfunktioune gefrot sinn. Dëse Fait weist, datt d’Méisproochegkeet net nëmme positiv ass fir déi sproochlech a soziokulturell Entwécklung vum Kand, mee dem Kand och wichteg Virdeeler a Gehirfunktioune bréngen, déi näischt direkt mat der Sprooch ze dinn hunn - mee déi awer wichteg sinn, fir kënnen nei Saachen ze léieren.

Auteuren/Kontakt: LEARN

Photo © Shotshop.com

Infobox

Wat sinn d’Exekutivfunktiounen?

D’Exekutivfunktiounen sinn eng Aart Kommandosystem am Gehir, dat eis hëlleft, eist Verhalen an Denken zilgerecht ze steieren. D’Gehir brauch d’Exekutivfunktiounen, fir kënnen op dat opzepassen, wat relevant ass, an onwichteg Informatiounen auszeblenden, fir esou nei Problemer kënne schnell an effizient ze léisen. An der Schoul hëllefen d’Exekutivfunktiounen, fir gutt ze léieren. Kanner mat sougenannten „spezifesche Léier-schwieregkeeten“ hunn dacks Problemer mat hiren Exekutivfunktiounen. Besonnesch bei Kanner mat engem Opmierksamkeetsdefizit / enger Hyperaktivitéitstéierung (ADHS) schaffen d’Exekutivfunktiounen net sou gutt wéi bei Kanner ouni dës Stéierung. Dëst féiert derzou, datt sech dës Kanner kënnen impulsiv behuelen an sech nëmme schwéier konzentréiert kréien, well den „Filter“ am Gehir, deen déi relevant vun den onwichtege Saachen trennt, net richteg funktionéiert.

Wat ass LEARN?

LEARN ass d’Ofkierzung fir Learning Expertise And Research Network, dëst heescht esou vill wéi “Léier Expertise a Fuerschungsnetzwierk”. Mir sinn e Grupp vu Wëssenschaftler a Praktiker, déi sech fir Léierprozesser a Léierschwieregkeeten intresséieren. D’Zil vun dësem Netzwierk ass en Austausch vu verschiddenen Akteuren (Fuerschung, Schoul, Therapie,Elteren), déi sech mam Léiere befaassen.

Mir wäerte mir Iech nei Fuerschungsresultater aus rezente Projete virstellen, souwuel aus de Beräicher Mathematik, Zuelen a Raum, der Gesiichtserkennung, de Sproochen an de Sprooch-entwécklungsstéierungen, sou wéi dem Aarbechtsgediechtnes an den Exekutivfunktiounen.

Matarbeschter 

Ass.‐Prof. Dr Pascale Engel de Abreu: Fuerscherin/Professeur Associée bei ECCS

Dr Danielle Hoffmann: Neuropsychologin/Fuerscherin bei LUCET

Dr Caroline Hornung: Kognitiv Entwécklungspsychologin, Léierin a Fuerscherin bei LUCET

Prof. Dr Romain Martin: Vice-Recteur vun der Uni.lu a Fuerscher/Professeur bei LUCET

Ass.‐Prof. Dr Christine Schiltz: Fuerscherin/Professeur bei LUCET

Dr Anne-Marie Schuller: Neuropsychologin an EEG‐Expertin bei ECCS

Dr Sonja Ugen: Kognitiv Entwécklungspsychologin/Fuerscherin bei LUCET

Waat ass ECCS ?

ECCS ass eng Fuerschungsunitéit op der Universitéit vu Lëtzebuerg, an huet keen Service fir eng Prise en Charge vu Léierschwieregkeete kennen unzebidden. Wann Dier am Kader vun enger Léierschwieregkeet no Hëllef sicht, kontaktéiert w.e.g. ee vun de Servicer di um Terrain schaffen an eng Prise en Charge ubidden

Fir weider Informatiounen

Auch interessant

Familie und Kinder Vor- und Nachteile der allgemeinen Kinderbetreuung in Luxemburg

Wie steht es um die Kinderbetreuung in Luxemburg und wie sieht sie im Vergleich zu anderen Ländern aus? Die Wissenschaft...

Familie und Beruf Die Entwicklung des Elternurlaubs in Luxemburg aus Sicht einer Wissenschaftlerin

Welche Auswirkungen hatten Änderungen in der Elternurlaubspolitik? Und wie sieht der Elternurlaub in Luxemburg im Vergle...

Screentime fir Kanner Wéi vill Zäit sollte Kanner virum Ecran verbréngen?

Smartphone, Spillkonsol, Telé, Computer - grouss oder kleng Ecranen si jo haut fest an eis Liewen integréiert. Mee wéi v...

FNR

Auch in dieser Rubrik

Familie und Kinder Vor- und Nachteile der allgemeinen Kinderbetreuung in Luxemburg

Wie steht es um die Kinderbetreuung in Luxemburg und wie sieht sie im Vergleich zu anderen Ländern aus? Die Wissenschaftlerin Audrey Bousselin vom LISER gibt Einblicke.

KI IN DER BILDUNG Auswirkungen von Künstlicher Intelligenz auf den Bildungsbereich

ChatGPT ist auch in den Schulen Luxemburgs wie eine Bombe eingeschlagen. Viele fühlen sich von der Künstlichen Intelligenz überrumpelt und fürchten um die Qualität des Unterrichts. Zu Recht?

Gratis Kinderbetreuung in Luxemburg Wie gut geht es den Kindern in den Maisons Relais?

Ab dieser Rentrée sind Betreuungsstrukturen in Luxemburg kostenlos. Fühlen sich Kinder dort wohl? Und wie wirken sie sich auf ihre Entwicklung aus? Wir haben recherchiert und drei Expertinnen gefragt

Psychische Gesundheit Auswirkungen von Widrigkeiten in der Kindheit auf die psychische Gesundheit im späteren Leben

Neue Erkenntnisse über die Auswirkungen einer Trennung der Eltern oder einer Adoption auf die psychische Gesundheit zeigen deutlich, wie wichtig es ist, betroffenen Kindern Hilfe anzubieten.