Science Summer Splash

© PINS asbl

Un mix d’activités scientifiques, sportives et ludiques sont organisés

De Science Summer Splash ass e neien Camp vu PInS asbl. Iwwer 4 Deeg, vum 12.08.-15.08.2018, erwaarden dech flott Aktivitéiten am Beräich vun de Sciencen, vill Sport um Stau an eng gutt Ambiance. Wanns du tëscht 11 a 14 Joer al bass, dann zéck net dech fir de Science Summer Splash 2018 unzemellen. D'Platzen si begrenzt!

De Science Summer Splash ass eng Vakanzekolonie am Norde vu Lëtzebuerg. D'Ziel ass et d'Wëssenschaftskultur op eng einfach, praktesch a witzeg Manéier ze förderen. Während 4 Deeg kënne 25 Jonker vun 11 bis 14 Joer un engem gudde Mix u wëssenschaftlechen, sportlechen a witzegen Atelieren deelhuelen. 

All Dag ginn op mannst 2 Atelieren vun 2 Stonnen zum Thema Wëssenschaften oder Sport organiséiert. Dat Ganzt gëtt kombinéiert mat Trëppeltier an anere Fraizaitaktivitéiten wéi z.B. Geocashing, Visiten oder engem Lagerfeier. 

Déi 25 Jonker ginn an enger pluridisziplinärer Equipe vun Animateuren a Profesionneller aus der Education an de Wëssenschaften encadréiert. Duerch eng Kollaboratioun mat der base nautique vu Lëltz vum SNJ ass de sportleche Volet och ofgedeckt.

Aschreiwungen

Schreif dech an iwwert den Internetsite vu PINS.

Ooflaaf vun der Umeldung :

Nodems du dech iwwer eist Formular ugemellt hues, kënns du ob eis Umeldungsléscht. Sobaal eis Léscht voll ass, kriss du eng Bestätegungsmail. Et zielt also schnell ze sin, well dei éischt si fier! Dorobs hi schécken mir dir dann e Bréif fier all administrativ Demarchen ze reegelen. GANZ WICHTEG: Du muss erréicht bezuehlen wanns du deng Bestätegung kritt hues! Wann Demarchen a Bezuehlung geregelt sin, da bass du offiziel ugemellt fier de Science Summer Splash!

Méi Informatiounen iwwer PINS asbl op hirem Internetsite
Kontact: info@pins.lu 

Auteur: PINS asbl
Fotoen: PINS asbl

Auch interessant

Programmierung und künstliche Intelligenz Neue Informatik-Workshops für Sekundarschüler und - schülerinnen

Das Scienteens Lab der Universität Luxemburg möchte mit diesen Workshops das Interesse von Schülern und Schülerinnen aus...

Projekt COVID-Kids Lebenszufriedenheit und Wohlbefinden von Kindern im Schatten der Pandemie

Mit den Veränderungen aufgrund der Corona-Pandemie haben Kinder und Jugendliche besonders zu kämpfen. Das Projekt COVID-...

Auch in dieser Rubrik

MINKT mit Vorschulkindern Wie die drei kleinen Schweinchen helfen, MINKT-Kompetenzen zu fördern

Eine neue Weiterbildung des SciTeach Center zeigt Lehrkräften, wie MINKT (MINT + Kunst) auf innovative Weise fächerübergreifenden Unterricht ermöglicht.

Take Off Challenge zum Nachmachen Wie kann man Eis am schnellsten schmelzen?

Du bist LehrerIn und hast Lust, eine Science Challenge der Take Off Show mit deinen Schülern nachzumachen? In diesem Video erfährst du , wie du diese Challenge mit deiner Gruppe nachmachen kannst.

FNR, ALF
9. - 12. November am Gronn Impressioune vum Science Festival 2023

Spektakulär Showen, flott Experimenter a vill begeeschtert Kanner, Erwuessener a Wëssenschaftler. Déi 14. Editioun vum Science Festival war e grousse Succès!