Solarstrooss an Tourouvre a Frankräich

By Kumkum [CC0], from Wikimedia Commons

De Stroossebelag besteet aus Solarzellen

Mr. Science, dat kléngt awer no enger Schnapsiddi!

Dat kéint een esou mengen, jo. D’Iddi koum enger amerikanescher Psychologin, di mat engem Elektroingenieur bestuet ass. Zesummen hunn si eng Firma gegrënnt, fir ebe genau dës Iddi virunzedreiwen. Si waren awer net déi eenzeg. An Holland ass 2014 den éischte Vëloswee gebaut ginn, wou de Belag aus Solar-Panneaue besteet an Enn 2016 ass a Frankräich di weltwäit éischt Solarstrooss ageweit ginn. Ee ganze Kilometer ass mat Solarzelle beluet ginn.

Si Solarzellen net vill ze sensibel fir e Stroossebelag?

A Frankräich hunn se eng 7 Millimeter déck, ganz strapazéierbar Solarzellen-Folie op de Makadamm gepecht. China huet souguer schonn en Deel vun enger Autobunn mat Solarzelle beluet.  Déi si mat enger duerchsiichteger Bëtongschicht iwwerdeckt ginn.

Duerchsiichtege Bëtong?

Jo, dat ass e spezielle Bëtong wou Glasfaser dra sinn, déi d’Luucht duerch loossen. Wéis de gesäis, experimentéiert ee mat ville Materialien, fir dass d’Autoen och net un d’Schleidere kommen. Ee grousse Problem ass awer och d’Verschmotzung vun de Solar-Panneauen. Op vill befuerbare Stroosse sammelen sech zum Beispill Knascht vu Pneuen a Bremsscheiwen un. All dës Problemer wëll ee mat Teststrecke besser an de Grëff kréien.

Ginn et da schonn éischt Erfahrungswäerter?

Di franséisch Solarstroossen hunn nëmme bësse méi wéi d’Hallschent vum erhoffte Stroum produzéiert. De Grond dofir waren Donnerwieder, déi d‘Anlag beschiedegt hunn. Et ass also en duerchwuessene Bilan, mee kee kompletten Echec.

Firwat kënnt een iwwerhaapt op d’Iddi, Solarzellen op de Stroossen opzeriichte wann dach op esou villen Diecher genuch Platz wier?

Dat stëmmt. Allerdéngs muss all eenzele Solar-Daach extra un d’Stroumnetz ugeschloss ginn an dat hëlt immens vill Zäit an Usproch. Laang Solarstroossen dogéint sinn ewéi riseg Solarfarme mat nëmmen engem Netzuschloss a bedecken esou och kee wäertvollt Akerland. Wann een elo di komplett Fläch vu Stroossen, Parkplazen an och Trottoiren zesummerechent, da kënnt een op eng riseg Fläch. Fir dass sech dës Iddi och lount, mussen d’Stroossensolarzellen awer nach e gutt Stéck méi bëlleg ginn. Fir den Ament sinn se nach ronn 15 Mol méi deier wéi di bis elo bekannte Solarzellen.

Do mussen sech d’Fuerscher an Ingenieuren also nach ustrengen!

Ma genau dowéinst bleift d’Fuerschung ëmmer esou spannend!

Auteur: Ingo Knopf
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Iwwersetzer: Melanie Reuter (FNR)
Photo: By Kumkum [CC0], from Wikimedia Commons

Infobox

Mr Science op Eldo Radio

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldo Radio eng Fro. Des Fro gouf den 31.05.2018 beäntwert.

Solarstroum méi bëlleg wéi Atomstroum

Säit den Ufankszäite vun de kommerzielle Solarzellen an de 70er Jore vum leschte Joerhonnert huet de Präis sech bis haut em dat honnert-facht reduzéiert. Spezialiste soe souguer viraus dass de Präis nach méi erof wäert goen. Solarstroum ass mëttlerweil ronn duebel méi bëlleg wéi Atomstroum aus moderne Kärkraaftwierker. Déi a punkto Solarenergie bis elo éischter zeréckhalend International Energy Agency seet viraus dass bis Mëtt vum Joerhonnert d’Sonn weltwäit zum gréisste Stroumverdeeler wäert ginn. Ob d’Solarstroossen zu dëser solarer Energiezukunft bäidroe wäerte muss een awer nach kucken.

Alternativen zu Solarstroossen?

Skeptiker zweiwelen drun dass de Solarzellen-Stroossebelag jeemools wierklech rentabel gëtt. Si schloe fir dass een elo schonn am grousse Moss d’Ramplie vun Autobunnen a Stroossen mat Solarzelle soll beleeën, oder domat Parkplaze soll iwwerdecken. Och an der Landwirtschaft kéint et méiglech si fir Bauerefelder deelweis mat Solardiecher ze iwwerdecken. Agronomen testen dës Iddi schonn op Versuchsfelder a wëllen erausfannen, wéi eng Planzen och nach hallef am Schiet gutt wuessen.

Aner Iddie fir Energie unhand vu Stroossen ze produzéieren

A südleche Géigende kënne Stroossen ganz waarm ginn. Fuerscher aus Texas an den USA testen dowéinst d’Iddi fir den Temperaturënnerscheed tëscht waarmen a kale Stroossenuewerflächen als Energiegewënn ze notzen. Dofir bauen si Thermoelementer an de Stroossen an, déi den Ënnerscheed vun der Wäermt an elektresche Stroum ëmsetze kënnen. Eng aner Iddi ass fir aus de Vibratioune vun de Stroossenuewerflächen elektresch Energie ze gewannen. Dat misst am Prinzip mat Piezoelementer goen. Am Alldag kennt een dës vu Gasunzünder déi ouni Batterie auskommen. Beim Zesummendrécke vum Grëff gëtt Drock op den agebaute Piezoelement ausgeübt, deen da Stroum fir den Zündfunken erstellt. Béid Iddie fir Energie mat Hëllef vu Stroossen ze produzéiere sinn awer nach méi wäit ewech vum wirtschaftlechen Asaz wéi d’Solarstroossen.

Auch interessant

SnT Partnership Day Bewährte Schnittstelle zwischen Forschung und Anwendung

Das SnT der Uni Luxemburg gehört inzwischen zu den weltweit bedeutendsten Forschungszentren für Software-Entwicklung. Ei...

SnT
Was ist besser für das Klima? Elektroantrieb vs. Verbrennungsmotor

Elektrofahrzeuge stoßen zwar bei der Fahrt kein CO2 aus, verbrauchen in der Herstellung aber weitaus mehr Energie als ei...

Selbstreparierend, intelligent und kugelrund Wie sieht der Reifen der Zukunft aus und was kann er?

Das Gute an einem Reifen ist, dass man damit sowohl vorwärts als auch rückwärts fahren kann. Forschern wie Laurent Poor...

Auch in dieser Rubrik

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR