Cancer Research Institute

Laut der botanescher Definitioun ass en Uebst eng Fruucht

D’Fréijoer ass do, an déi éischt Planze fannen hire Wee an de Geméisgaart. Mee ass dat wierklech alles Geméis, oder ass et Uebst??

Oh, gutt Fro! Mir maachen am Fong intuitiv den Ënnerscheed, zum Beispill wa mer akafe ginn. Am Buttek wësse mer genee wat mer bei d’Uebst, a wat bei d‘Geméis siche ginn. An d‘Tomat fanne mer beim Geméis.

Dann ass eng Tomat also keen Uebst?

Hmm, laut der botanescher Definitioun ass en Uebst eng Fruucht – also dat, wat aus der Bléi entsteet. A Geméis ass de ganzen iessbare Rescht vun der Planz – wéi zum Beispill d’Blieder oder d‘Wuerzel. Laut dëser Definitioun wier also Rhubarb e Geméis an eng Tomat en Uebst.

Et steet also 1:1!

Dat ass och nach net alles! D‘Liewensmëtteldefinitioun geet vun der Liewensdauer vun de Planzen aus: en Äppelbam wiisst all Joer weider, dofir ass en Apel en Uebst. Eng Tomateplanz muss een all Joer nei setzen, dofir ass eng Tomat e Geméis. Grad esou wéi eng Meloun iwwregens.

Soll ech dech elo nach e bësse méi duerchernee maachen? Eng Äerdbier ass ....?

....en Uebst?

Eng Noss! – hänkt natierlech och rëm vun der Definitioun of…

Boah, wat soll dat Ganzt? Firwat eenegen se sech net op eng Definitioun an dann ass d’Bier geschielt?

D’Bier ass op alle Fall ëmmer en Uebst! Am Fong ass d’botanesch Definitioun – dass Uebst d‘Fruucht ass - am kloersten. De Problem ass, dass se absolut net mat eiser Intuitioun iwwerenee stëmmt. Ëmgedréint kënnen d’Fuerscher sech och net einfach op hir Intuitioun verloossen: Da géifen se jo déi ganzen Zäit laanschtenee schwätzen.

Also d’Fuerscher solle maache wéi se mengen, mee ech bleiwe bei menger Intuitioun. Déi huet mech bis elo nach ni am Stach gelooss.

Auteur: Corinne Kroemmer
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)

Photo © Cancer Research Institute

 

Infobox

Fuerschung zu Lëtzebuerg

Schlussendlech ass et egal op et Uebst oder Geméis ass: déi zwee spillen eng wichteg Roll an eiser Ernierung an droen zu eiser Gesondheet bäi! An zwar ënner anerem well se Substanze wéi Karoténoïden a Polyphenolen enthalen.

Genee déi 2 Substanzklassen huet den Torsten Bohn vum „Luxembourg Institute of Science and Technology“ (LIST) méi genee ënnert d’Lupp geholl. Et ass scho gewosst dass des Substanze chronesch Krankheeten, wéi Häerzkreesslafkrankheeten oder Kriibs, kënnen entgéintwierken. Et ass awer nach net kloer gewosst op se och kënnen Entzündungen an eisem Verdauungssystem bremsen an esou Schwiere kënnen entgéintwierken. Fir den Impakt vu Karoténoïden a Polyphenolen op Entzündunge besser ze verstoen, hëlt hie mat senger Fuerscherequipe lëtzebuerger Prommen a Kabes ënnert d’Lupp.

Auch interessant

Kachwëssen Wéi vill Alkohol bleift nom Kachen am Iessen?

Ob Boeuf bourguignon oder Béierzooss fir de Brod: Bei ville Rezepter kënnt Wäin oder Béier an d'Kachdëppen. Mä verkacht ...

FNR
Et kënnt op den “r” un Firwat fänkt d'Mullesaison am September un?

Am Hierscht sti se nees an de Restauranten op der Kaart: Mullen. Mä firwat kommen d'Muschelen eréischt am September nees...

FNR
Chili, Peffer & Co. Firwat ësst een a waarme Länner schaarf?

Bei richteg schaarfem Iesse schweesst ee séier. Mä firwat iessen d'Leit a waarme Länner trotzdeem oft gär schaarf? Et gë...

FNR

Auch in dieser Rubrik

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR