Beam me up! Wéini reese mer per Teleportatioun?

19.02.18

FNRDiesen Artikel drucken

Ëmmer erëm liest een, dass Wëssenschaftler mëttlerweil a klengem Moossstaf beame kënnen. Wäert dat och iergendwann mat Mënsche méiglech sinn?

Soulaang d’Naturgesetzer gëllen, wéi mer se haut kennen: Nee.

Ooh, dat ass jo eng enttäuschend Äntwert. Wisou wäert dat dann ni geschéien?

Wann hautdesdaags vu Beamen oder wëssenschaftlech vun der Teleportatioun geschwat gëtt, da geet et ëmmer em klengsten Deelercher, wéi zum Beispill d’Deelercher aus deene Luucht besteet (d’Photonen). Dobäi ginn awer net d'Deelercher selwer transportéiert, mee eng Informatioun iwwerdroen. Fir genee ze sinn d’Informatioun iwwert den Zoustand vum Deelchen deen ee wëll beamen. Dës Informatioun gëtt op en anert Deelchen wäit ewech iwwerdroen. Dann kann een déi zwee net méi ënnerscheeden.

Kéint een dat dann iergendwann mat den Deelercher maachen, aus deene mir Mënsche gemaach sinn?

Also d‘Informatioun, wéi d’Atomer an eisem Kierper ugeuerdent a matenee verbonne sinn, ausliesen, op eng aner Platz iwwerdroen an dann eng Kopie vun eisem Kierper op där Platz erëm genee sou zesummebauen?

Jo, genee.

Dat kéint een sech theoretesch iwwerleeën. Mee: Wann d’Wëssenschaftler haut Deelercher beamen, also d’Ausgesinn vun engem Deelchen op en anert Deelche wäit ewech iwwerdroen, da kënnen se virdrun net wëssen, wéi déi Deelercher ausgesinn. Dat ass en Naturgesetz, dat bei ganz klengen Deelercher gëllt.

Dat ass sou schwiereg sech virzestellen, well et mat näischt vergläichbar ass, wat mir aus dem Alldag kennen. A wann ech éierlech sinn, kann ech mer dat och net richteg verstellen. Mee iwwerdroen dëst op eist hypothetescht Beame vu Persounen, géife mer do vill dem Zoufall iwwerloossen: z.B wéi eng Persoun gebeamt gëtt, oder wéi eng Deeler an wéi déi erëm zesummegesat ginn...

Do ka jo sou munches schif goen...

Stëmmt. Ausserdeem géife et jo no dësem Beamen, wann dann alles funktionéiert, zwee Klonen ginn, déi e separat Liewe féieren... Oder muss een den éischte Mënsch ëmbréngen? An huet deen, deen op der anerer Platz entstanen ass dat selwecht Bewosstsinn ewéi dee vum Startpunkt?

Verréckt Froen...

Jo, zimlech verréckt. Science Fiction eben!

Auteur: Ingo Knopf
Editeur: Joseph Rodesch

Iwwersetzer : Sophie Steinmetz
Photo : Shotshop

 

Auch in dieser Rubrik

Wisou hu Fligerfënsteren e klengt Lach?

04.07.18 Wann een sech d’Fënsteren am Fliger méi genee ukuckt, erkennt een e klengt Lach. Wisou ass dat do? > Ganzen Artikel lesen

Héichhaiser aus Holz: Gëtt Holz dat neit High-Tech-Baumaterial?

11.05.18 Zu Tokio soll en 350- Meter héije Wollekekrazert aus Holz gebaut ginn. Mr. Science, kann dat wierklech stabil sinn? > Ganzen Artikel lesen

Ëmweltschutz: Pabeier- oder Plastikstuten?

22.11.17 Wat fir eng Tut soll ech beim Akafen huelen? > Ganzen Artikel lesen

Wéi funktionéiert en Fusiounskraaftwierk?

01.03.17 Niewent Wand, Sonn a Waasserkraaft soll an Zukunft Energie aus Kärfusioun benotzt gi fir Stroum ze generéieren. Wéi funktionéiert sou e Fusiounskraaftwierk? > Ganzen Artikel lesen

Wat ass den “Internet of Things” (a wat hu mer dovun)?

18.04.16 Eis Welt gëtt ëmmer méi vernetzt. An Zukunft sollen all eis Geräter matenee kommunizéiere kënne – an sou eis Liewe méi einfach a méi bëlleg maachen. > Ganzen Artikel lesen

Infobox

Mr Science op Eldo Radio

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldo Radio eng Fro. Des Fro gouf an der Sendung vum 7. Februar 2018 beäntwert. 

Beame mat der „spukhafter Fernwierkung“

Wann haut Fuerscher vu Beame vu klengsten Deelercher schwätzen, produzéieren se als éischt matenee gekoppelt Liichtdeelercher a schécken se dann a verschidde Richtungen. Se nennen se „verschränkte“ Liichtdeelercher. Well wann se elo den Zoustand vun engem Liichtdeelche veränneren, verännert sech am selwechte Moment och den Zoustand vum Aneren, egal, wéi wäit ewech en ass. Souguer den Einstein huet dësen Effekt rätselhaft fonnt an huet en dofir „spukhaft Fernwierkung“ genannt. Bildlech gesi kann een d’Lichtdeelercher mat zwee Wierfele vergläichen, mat deen an zwee wäit vuneneen entfernte Raumschëffer gewierfelt gëtt.  Wéi wann d’Wierfelen onsiichtbar matenee verbonne wieren, weisen se bei all Worf ëmmer déi selwecht Aaenzuel un, also eng Kéier 2 a 2, eng Kéier 6 a 6 an sou weider. Mee wat fir eng Zuel op deenen zwou Platzen erwierfelt ginn, bléift trotzdeem weiderhi komplett zoufälleg.

 Wisou kann ee klengsten Deelercher net kopéieren?

Soubal een sech an der Welt vum Klengste beweegt, also der Welt vun den Atomen an den nach méi klengen Elementardeelercher, gëlle Gesetzer, déi eiser alldags Erfarung widderspriechen. Een dovun ass d‘“quantemechanescht Klonverbot“. Et seet, dass een net déi komplett Informatioun, déi en Deelche beschreift, also zum Beispill seng Platz, Vitesse an aner physikalesch Gréissten ausliesen an domat eng Kopie vum Deelche maache kann. Well an der Welt vum Allerkléngste beaflosst all Miessung de gemoossen Deelchen. Soubal een den Zoustand vun engem Deelche gemooss huet, ass et schonns net méi den ursprénglechen Deelchen. Verreckt, mee bis elo hunn all Experimenter dës Naturgesetzer bestätegt!

 Wéi vill Energie géif Beame wéi beim Raumschëff Enterprise kaschten?

Laut dem „Next Generation Technical Manual“, dem techneschen Handbuch zu der Science Fiction Serie, gëtt beim Beamen d’Informatioun vun ze iwwerdroende Kierper erausgelies, de Kierper „dematerialiséiert“ an dann zesumme mat der Informatioun als e „Stral“ un eng Platz wäit ewech iwwerdroen. De Physiker Lawrence Krauss huet a sengem Buch „The Physics of Star Trek“ dës Prozedur no de gëllenden Naturgesetzer duerchgerechent. Et misst een den ze beamende Kierper op Temperaturen ëm déi 1000 Milliarde Grad erhëtztem, dat ass eng Millioun mol méi waarm, wéi den Zentrum vun der Sonn. Dofir bräicht een d’Energie vu méi wéi 70 000 Hiroshima-Atombommen. Iergendwéi onmachbar, oder?

 


Verwandte Themen