Bierger-Debatt zum Thema „Weltraumfuerschung“ an 22 ESA Memberlänner

24.08.16

ESA
4motion
Diesen Artikel drucken

Iwwer 2.000 Bierger aus 22 europäesche Länner sinn invitéiert fir den 10. September 2016 un der éischter Biergerdebatt iwwert Weltraumfuerschung an Europa deel ze huelen.

Dës Consultatioun wäert parallel an allen 22 Memberstaate vun der Europäescher Weltraum Agentur (ESA) statt fannen. 

Während engem ganzen Dag hunn ongeféier 100 Bierger pro Memberstaat d'Méiglechkeet ze diskutéieren, hir Meenung ze soen a matzeschaffen fir Prioritéiten ze definéieren fir zukünfteg Fuerschungsprogrammer am Weltall. D'Resultater aus alle Länner ginn konsolidéiert an direkt weidergeleet un den Directeur Général vun der ESA, den Jan Woerner.

Technologien an Innovatiounen di aus den Weltraum Programmer resultéieren kënne mathëllefen fir gesellschaftlech Erausfuerderungen ze meeschteren a sinn eng Quell vun Inspiratioun fir zukünfteg Generatioune.

Eng Première fir Europa - an och Lëtzebuerg mécht mat

D'Bierger Debatt iwwert Weltraumfuerschung an Europa ass eng Première - et ass déi éischte Kéier dass des Thematik simultan an esou ville Länner diskutéiert geet. Des Debatt gëtt vun der Europäescher Weltraum Agentur (ESA) organiséiert an Zesummenaarbecht mat der franséischer Agence Missions Publiques (http://missionspubliques.fr/) a mat lokale Partner an all Memberstaat. 

Zu Lëtzebuerg ass dat 4motion asbl (http://4motion.lu).

Kommt a maacht mat bei dëser grousser Première den 10. September 2016 !
Adress vum Dag: Centre Culturel Tramsschapp, 49 rue Ermesinde, L-1469 Luxembourg

Gitt méi gewuer iwwert d'Weltraumfuerschung an hir Resultater. All Participant kritt en Zertifikat vun der ESA als Merci fir seng Participatioun. Deelt des Informatioun an ärem Bekanntekrees fir dass méiglechst vill Leit sech un dëser Initiativ bedeelegen. D'ESA beméit sech ëm Transparenz an en aktiven Dialog mat den europäesche Bierger.

Fir matzemaachen muss een sech aschreiwen am Internet op der Websäit http://www.citizensdebate.space/lb_LB/

Méi Informatiounen kritt Dir och op dëser Websäit oder kontaktéiert 4motion direkt:

Luc Wagner
4motion asbl
email: citizensdebate@4motion.lu

Auteur: 4motion
 

Auch in dieser Rubrik

“Wissenschaft für Alle!” : Wer sind die Gewinner ? Was sind ihre Themen ?

19.07.17 Vom 1. Juni bis 3. Juli 2017 hat science.lu die erste Ausgabe seines Wissenschaftsjournalismus-Wettbewerbs organisiert. Heute stellt die Jury die Gewinner u...> Ganzen Artikel lesen

Quelles nouveautés en Science au mois de juin ? : Les dernières actualités dans le monde

03.07.17 Quelles sont les dernières avancées scientifiques mondiales ? L’équipe de science.lu vous propose un tour d’horizon (non exhaustif) sur sa sélection du mois...> Ganzen Artikel lesen

Asteroid Day 2017: Live-Stream vu Lëtzebuerg an d’ganz Welt

28.06.17 Dëse Freiden, 30. Juni, diskutéieren Astronauten, Astrophysiker an Asteroiden-Expert’en iwwer méiglech (positiv an negativ) Impakter vun de “Weltall-Fielsen...> Ganzen Artikel lesen

Wettbewerb „Wissenschaft für alle!“: 1. Auflage des Wettbewerbs im Wissenschaftsjournalismus von science.lu

01.06.17 Haben Sie Lust, über ihre Forschungsergebnisse zu berichten oder ein wissenschaftliches Thema zu erörtern? > Ganzen Artikel lesen

Neues aus der Wissenschaft im Mai: Die jüngsten Nachrichten in der Welt

31.05.17 Welches sind die neuesten wissenschaftlichen Durchbrüche in der Welt? Das Team von Science.lu bietet Ihnen einen (nicht ausführlichen) Überblick über seine ...> Ganzen Artikel lesen

Infobox

A propos de l’Agence Spatiale Européenne (ESA)

L’Agence Spatiale Européenne représente pour l’Europe une porte d’accès à l’espace. Sa mission consiste à façonner les activités de développement des capacités spatiales
européennes et à faire en sorte que les citoyens européens continuent à bénéficier des investissements réalisés dans le domaine spatial. L’ESA compte 22 états membres. En coordonnant les ressources financières et intellecuelles de ses membres, elle peut entreprendre des programmes et des activités qui vont largement au-delà
de ce que pourrait réaliser chacun de ces pays à titre individuel. Les 22 états membres de l’ESA sont l’Allemagne, l’Autriche, la Belgique, le Danemark, l’Espagne,
l’Estonie, la Finlande, la France, la Grèce, la Hongrie, l’Irlande, l’Italie, le Luxembourg, la Norvège, les Pays-Bas, la Pologne, le Portugal, la Roumanie, le Royaune-Uni, la Suède, la République Tchèque et la Suisse. De plus, le Canada participe à certains projets de coopération avec l’ESA. www.esa.int

A propos de 4motion asbl


Verwandte Themen