Biologesch Auer: Wisou musse mer schlofen?

26.10.17

FNRDiesen Artikel drucken
Wisou musse mir schlofen? Fir dass mir net midd sinn, ass déi plomp Äntwert vu ville Schloffuerscher. Well se wëssen nach ëmmer net genee, wisou mir schlofe mussen. Mr. Science, ass dat wierklech en wëssenschaftlecht Rätsel?

Dat kann een op jiddefalls sou soen! Wéi all Déiere musse mir zwar reegelméisseg schlofen, mee wat fir eng Funktioun dat genee huet, ass weiderhin ëmstridden.

Wat geschitt dann, wann ee guer net méi schléift?

Schonns no enger Nuecht ouni Schlof kann een sech net méi sou gutt konzentréieren an et mëscht ee méi Feeler. Wann de Schlofentzuch méi laang dauert, kann een ufänken, Stëmmen ze héieren an aner Sënnestäuschungen ze kréien. Fuerscher wëllen dësen Zoustand souguer notzen, well en vun de Symptomer hier der Schizophrenie änelt. Dat géif hinnen erlaben, un staark iwwermidde Versuchspersounen d’Wierksamkeet vu Schizophrenie-Medikamenter ze testen.

Ass Schlofenzuch dann net iergendwann richteg liewensgeféierlech?

Wahrscheinlech schonns, mee et kann een dat jo net un Mënschen testen. D’Guiness-Buch vun de Rekorder hellt zum Beispill kee Schlofentzochsrekord méi un, fir keng Rekordjeeër a Gefor ze brengen. De leschten offizielle Versuch kennt aus dem Joer 1964, deemools ass e Student fir d’Fuerschung 264 Stonne waakreg bliwwen, dat sinn 11 Deeg. Virun engem Joer huet en Brit dat ouni d’Bedeelegung vum Guinessbuch em 2 Stonne getoppt. No e puer Deeg Erhuelung waren se allebéid awer erëm toppfit. Aus Déiereversich weess een allerdéngs, dass laange Schlofentzuch an der Reegel déidlech ass. Mee et weess een net, wouru genee d’Versuchsdéiere schlussendlech stierwen.

Keng schéin Experimenter.

Jo, déi ginn zum Gléck mëttlerweil net méi gemaach. D’Fuerschung weess awer, dass permanente Schlofmangel net gesond ass. E kann zu Häerzkreeslafkrankheete féieren, bestëmmte Kriibszorte begënschtegen an den Hormonhaushalt, deen eisen Honger reegelt, kennt duercherneen. Dat kann zu Gewiichtsproblemer féieren an Diabetis begënschtegen. Dat alles hänkt  domat zesummen, dass eis biologesch Auer duerch Schlofmangel duerchernee kennt.

Dat ass awer elo natierlech keng Auer mat klengen Zännriedercher oder esou?

Nee, natierlech net. D’Zelle produzéieren eng bestëmmte Substanz, a wann de Bierg da grouss genuch ass, gëtt se erëm ofgebaut. Sou wéi wann de Bauaarbechter en grousse Koup Sand hin an hier schëppe géing. Dat brauch eng gewëssen Zäit an domadder takt eise Kierper sech ongeféier am 24-Stonnen-Rhythmus an. Wéi dat genee funktionéiert, hun d’Wëssenschaftler no an no an deene leschte 40 Joer entdeckt. Dës Joer gouf et dofir souguer en Nobelpräis!

Gléckwonsch un d’Fuerscher! Kann een dës wëssenschaftlech Erkenntnisser notzen, fir besser ze schlofen?

En einfachen Tipp, de leider net ëmmer liicht emzesetzen ass: Ëmmer em déi selwecht Auerzäit an d’Bett goen an erëm opstoen. Wanns de Loscht hues, kanns de mëttlerweil awer och vill Sue fir elektronesch Schlofhëllefen ausginn. Et gi Schlofbrëller mat vill Elektronik, déi deng Gehirwellen an de Schlof schaukele sollen a souguer en intelligent Kappkëssen.

Wisou muss dann e Kappkëssen intelligent sinn?

Ma solls de éiere schnaarchen, mierkt et dat a bléist sech dann e bëssen op, fir dass deng Otemweeër erëm fräi leien. Dann gëtt deng besser Halschent net méi duerch d’Schnaarche waakreg...

...mee duerch d’Pompel vum Loftkëssen…mee zréck zur biologescher Auer. Wat kéint eis dat dann nach bréngen, wann mer se besser verstinn?

Se reegelt net nëmmen eise Schlofrhythmus, mee och eise Stoffwiessel, deen zum Beispill och Medikamenter verschafft, wann mir der huele mussen. Je nodeems wéini mer se anhuelen an a wéi engem Zyklus eise Stoffwiessel an deem Moment grad ass, kennen se sou méi oder manner Niewewierkungen hun. Dat ass nach en relativ neit Fuerschungsfeld.

Da gëtt et also nach vill ze entdecken!

Dofir bleift Fuerschung jo ëmmer spannend!

Auteur: Ingo Knopf/scienceRELATIONS
Editeur: Joseph Rodesch
Iwwersetzer: Sophie Steinmetz
Photo: pixabay

Auch in dieser Rubrik

Kleeder aus Spanneseid?

22.06.17 Spanneseid ass bal sou stabil wéi Stol, ma vill méi liicht. Fuerscher probéieren ëmmer méi Produiten aus Spanneseidproteinen hierzestellen, a brauche fir d'...> Ganzen Artikel lesen

Kann ee Blutt kënschtlech hierstellen?

24.05.17 Säit ronn 100 Joer rette Blutt-Transfusioune Mënscheliewen. Mee et spenden ze wéineg Mënsche Blutt. Kënnen d'Fuerscher da kee Blutt am Labo hierstellen? > Ganzen Artikel lesen

Ass d'Banann vum Ausstierwe bedroht?

16.05.17 Wa Planzefuerscher sech net ustrengen, wäerte Bananne villäicht gläich erëm richteg seele sinn. Firwat? A ginn et Léisungen? > Ganzen Artikel lesen

Wéi vill Fuerschung stécht am Kaffi?

30.01.17 Wisou moosse Fuerscher de Koffeingehalt vum Mierwaasser? > Ganzen Artikel lesen

Wéi vill Fuerschung stécht am Jughurt?

04.01.17 Ass probiotesche Jughurt gutt fir d’Gesondheet? > Ganzen Artikel lesen

Infobox

Mr Science op RTL Radio

All 2 Wochen présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert engem Objet aus dem Alldag stécht.

Des Sendung goung den 26. Oktober 2017 iwwert d'Antenn. 


Verwandte Themen