(C) University of Luxembourg

De Site Belval ass d’Vitrine vun der Fuerschung zu Lëtzebuerg. Ma e stung an der Lescht och an der Kritik: Vill Studente fille sech na net doheem. Wéi een d‘Potential vu Belval nach besser notze kann - doriwwer e Commentaire vum Marc Schiltz, Generalsekretär vum FNR.

Ëmmer nees komme Entrepreneuren, Fuerscher, Journalisten a Politiker aus dem Ausland op Lëtzebuerg, deene mir de Site Belval weisen mat de fonkelneien Infrastrukturen fir Fuerschung, Innovatioun an Universitéit. Si sinn an der Reegel begeeschtert vum Site, vun der symbolescher Verbindung tëscht der Vergaangenheet an der Zukunft vum Land. D'Stolindustrie, déi onsem Land iwwer Joerzéngte Prosperitéit bruecht huet, nieft modernster Fuerschung an Innovatioun, wat mer jo als en Standbeen vun onsem zukünftegen Wuelstand gesin.

Top-Leit fir Lëtzebuerg gewannen: mat Hëllef vu Belval

Nach viru kuerzem konnte mer ee vun den weltwäit beschten an renomméierste Materialfuerscher fir Lëtzebuerg gewannen. Ënnert anerem well hien iwwerzeegt ass, dass Belval him dat Ëmfeld bitt, wat e brauch, fir Top-Fuerschung ze bedreiwen.

Belval als Magnéit also. Fir international Top-Fuerscher unzezéien, awer och Investisseuren a Entreprisen. D’Potential vu Belval ass immens grouss an et gëllt dëst Potential an Zukunft nach méi staark ze notzen.

Wat nach ka verbessert ginn: ë.a. Studentelokaler, Studentecaféen, Méiglechkeete fir Sport ze man...

An der lescht wor de Site Belval méi dacks Thema an der Press, souguer an der auslännescher. Ma ënnert anere Virzeechen: Onglécklech Studenten, déi sech iwwert e Mangel u Liewen um Site bekloen. Gro, kal, keng Ambiance woren déi Stéchwierder, déi beim Micro-Trottoir am meeschte genannt goufen.

Ouni Zweiwel ass et wichteg, dass d'Studente sech um Belval Campus wuel fillen a gär nieft de Couren do Zäit verbréngen. An duerfir sollt een hinnen och dat gi wat se brauchen, wéi z.B. Studentelokaler, Studentecaféen, Méiglechkeete fir Sport ze maachen.

Dem Site mol eng Chance ginn

Et sollt een awer och net vergiessen, dat elo mol grad 9 Méint zënter der Aweiung vum Site vergaange sinn. D’Kand ass gebuer, mee dat heescht nach laang net, datt et schonn erwuessen ass. Eng Partie Gebaier sinn nach an Konstruktioun an eréischt een Drëttel vun den Studenten sinn iwwerhaapt schonns um Belval. Vergläichbar Sitten am Ausland sinn och net innerhalb vun e puer Méint zu deem ginn, wat se haut sinn. Mir sollten also net an déi typesch Lëtzebuerger Krankheet verfalen, fir alles vun vir eran schlecht ze rieden. Och sollten déi legitim Demanden vun den Studenten net derzou féieren fir Grabenkämpf tëschend Institutiounen ze veranstalten.

Belval ass jo och vill méi ewéi just d'Uni Lëtzebuerg. Um Belval sinn och d’Centres de Recherche LIST, LISER an LIH mat hiren iwwer 800 Fuerscher, den Technoport, deen eng 30 Start-up Entreprisen beherbergt, Luxinnovation an de Fonds National de la Recherche. All déi Akteuren schaffen do zesummen mam Fonds Belval fir den Site zu engem eemolegen Fuerschungs- an Innovatiounsstanduert an Europa ze entwéckelen.

D'Symbolkraaft vu Belval notzen fir d'lëtzebuerger Recherche international ze vermaarten

Wichteg ass et duerfir och, dee Site international adequat ze kommunizéieren a seng Symbolkraaft ze notzen, fir d’Lëtzebuerger Fuerschung – an domadder Lëtzebuerg – am Ausland nach méi bekannt ze maachen. An dësem Sënn hunn d‘Akteuren vun der ëffentlecher Recherche sech zesummegesat fir eng gemeinsam Marque z’entwéckelen. Lo gëllt et déi och ze notzen a mat Liewen ze fëllen.

Wie ugangs gesot, Belval huet e grousst Potential, als Vitrine vun der Lëtzebuerger Fuerschung an Innovatioun. De Site steet symbolesch fir d’Volontéit vum Land, an d'Zukunft z’investéieren. Dat, wat elo um Belval opgebaut gëtt, ass aussergewéinlech an ass e weideren Atout fir d’Land.

Loosst ons also roueg bësse méi houfreg drop sinn!

Auteur: Marc Schiltz
Foto © University of Luxembourg

 

Auch interessant

EU-Austritt Großbritanniens Welche Folgen hat der Brexit für die Europäische Forschung?

In der EU zählt Großbritannien zu den wichtigsten Forschungspartnern. Entsprechend besorgt ist die Wissenschaft mit Blic...

FNR
UniGR-Center for Border Studies Welchen Einfluss haben Grenzen auf Politik, Wirtschaft und Wissenschaft?

80 Forscher aus 16 Disziplinen, die an sechs Hochschulen in vier Ländern ein Ziel verfolgen: Wissenschaftler aus der Gro...

Transatlantische Zusammenarbeit Wissenschaftliche Delegation aus Luxemburg auf Mission in Québec

Um die Wissenschaft in beiden Ländern weiter voranzutreiben, wollen Forschungseinrichtungen aus Kanada und Luxemburg zuk...

Auch in dieser Rubrik

Neues aus der Wissenschaft 10 relevante Forschungsergebnisse aus Luxemburg – März 2024

Was sagt die Wissenschaft über "hypoallergene" Tiere? Wie groß war der größte jurassische Skorpion? Hier sind die neuesten wissenschaftlichen Nachrichten aus dem Großherzogtum.

Neues aus der Wissenschaft 10 relevante Forschungsergebnisse aus Luxemburg – Januar / Februar 2024

Wie hat sich die Tradition des Buergbrennen entwickelt? Gibt es einen Zusammenhang zwischen Allergien und Gehirnkrebs? Hier sind die neuesten wissenschaftlichen Nachrichten aus dem Großherzogtum.

Neues aus der Wissenschaft 10 relevante Forschungsergebnisse aus Luxemburg - Dezember 2023

Eine Methode zur Vorhersage von Flutkatastrophen; ein unbekannter Regenwurm; ein Protein, das unsere Gene schützt: Hier sind die neuesten wissenschaftlichen Nachrichten aus dem Großherzogtum.

FNR Awards 2023 Preise für herausragende Forschung, Mentoring und Wissenschaftskommunikation in Luxemburg

Entdecke die Gewinner und die Shortlist der diesjährigen FNR Awards, die im Oktober verliehen wurden.