Flickr - Giorgio Montersino

De Post-it fehlt haut a kengem Büro

E Fuerscher hat den Optrag, en Superpech ze entwéckelen. Mee déi zéi Substanz aus senge Versich wollt einfach net op laang Dauer zesummen halen. Réischt Jore méi spéit gouf doraus en Top-seller, deen haut a kaum engem Büro feelt: de Post-it.

D'Erfanne vun de Pechziedele klengt also no enger schwéierer Gebuert?

Dat kann ee sou soen! Wéi den amerikanesche Fuerscher Spencer Silver 1968 a sengem Labo mat senger erfonntener pecheger Masse rondrëm spillt, war e vun hier total faszinéiert: D'Substanz ass net haart ginn an ass dowéint laang pecheg bliwwen. Allerdéngs huet se net gutt gepecht. Dofir waren dem Spencer Silver seng Cheffen net sou begeeschtert. Den Optrag war nämlech, e besonnesch staarke Pech fir de Bau vu Fligeren ze entwéckelen...

An engem Fliger, dee vun sou engem Pech zesumme gehal gëtt, well een net sëtzen...

Kloer... Déi eenzeg plus au moins brauchbar Iddi, op déi de Fuerscher koum, war eng Aart Pinnwand. En huet se mat der Substanz ugestrach a sou konnt een Ziedelen drop pechen a ganz einfach rëm erofhuelen.

A wat huet saï Patron dann dozou gesot?

Rëm keng gutt Iddi: Pinnwänn verkafen sech schlecht. En Aarbechtskolleg hat dunn awer déi entscheedend Iddi! Hien huet an engem Chouer gesong an sech ëmmer iwwert d’Lieszeechen a sengem Gesangbuch opgereegt. Déi sinn nämlech permanent erausgefall. En huet sech e bësse vun der pecheger Mass geléint an huet d ‘Ziedelcher domat bemoolt. Den Ur-Post-it war gebuer!

Wéi ass et dann dunn weider gaang?

D’ Firma fir déi den Erfanner geschafft huet, huet décidéiert, doraus e Produit fir de grousse Marché ze entwéckelen. Dofir huet awer missen en Problem geléist ginn: Et kann een sech d ’Pechmass wei Hunneg virstellen. Se ass zéiflësseg a pecht. Wann s du Pabeierziedele mat Hunneg géifs bemolen , kéints de se wéi Post-ite fest pechen an erëm ofzéien. Allerdéngs géifen se iwwerall pecheg Spueren hannerloossen.

Jo…

D’Pechfuerscher hunn also missen en Trick fannen, fir de Pech fest op d’Post-iten ze pechen. Se koumen drop, dass e Pabeier mat enger spezieller Substanz kéint beschichten, op där dës net sou pecheg Mass trotzdem richteg gutt pecht. Sou bleift se permanent op dem Post-it pechen. Eréischt dunn, 10 Joer no der Erfindung vun deem gelungene Pech, konnt d’Success Story vum Post-it lass goen. Séier huet sech gewisen, dass se als Notizziedele richteg gutt iwwert d'Théik ginn. 

Sou wéi dës, déi grad viru mer pechen. Se erënnere mech an Zukunft dorun…

… dass d'Wëssenschaft ëmmer fir eng Iwwerraschung gutt ass !

Genau!

Auteur: Ingo Knopf
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Traducteur: Sophie Steinmetz
Photo: Flickr - Giorgio Montersino

Infobox

Mr Science op RTL Radio

All 2 Wochen présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert engem Objet aus dem Alldag stécht.

Dëse Baitrag gouf den 2. Juni 2016 opgeholl. 

Auch interessant

Forschung am LIST: Wie sieht die Zukunft aus? Ein Lungenmodell ersetzt den Einsatz von Tieren für Experimente

Tierversuche in der Forschung sind äußerst umstritten. LIST-Wissenschaftler Arno Gutleb arbeitet mit seinem Team an eine...

Smartphone-App Gefährliche Substanzen in unserem Alltag

In den meisten Konsumgütern stecken Chemikalien. Doch welche davon sind gefährlich? Wer es herausfinden will, kann die A...

Chemisches Analyseverfahren Wie funktioniert Titration?

Um zu bestimmen, wie viel Säure oder Vitamin C in einer Flüssigkeit enthalten ist, wendet ein(e) ChemikerIn das Verfahre...

FNR