Fir d’Kalorien vun engem Stéck Buche ze verbrennen, muss de eng Stonn lafen!

02.01.14

FNRDiesen Artikel drucken

Eng Dose Kichelcher, 2 Stécker Stollen oder e gutt Stéck Buche! Dat sinn all Kéiers 600 kcal. Fir déi Kalorien erëm lass ze ginn, misst de all Kéiers eng ganz Stonn lafen!

Wann’s de op d’Zänn bäiss misst dat jo awer dra sinn!

Wann’s de just sporadesch lafe gees fir däi schlecht Gewëssen ze berouegen, da gëtt et awer sauer! Fir duerchzehalen, brauchen deng Muskelen ëmmer méi Sauerstoff an Energie. Däin Häerz ass dat jo awer net gewinnt, däi Bols gëtt enorm héich, an du kriss awer net genuch Sauerstoff an d’Muskelen. Déi streiken dann, du läis verkrampft um Buedem an d’Buche hues de awer nach net verschafft!

Wéi maache verschidde Leit dat dann fir vill ze naschelen, kee Sport ze maachen an awer rabbel dënn ze sinn?

Verschidde Leit, egal op déck oder dënn, hu méi e séieren Stoffwiessel a verschaffen dofir méi Kalorien, fir den normalen Energieverbrauch vum Kierper ze decken. Wéi genee däi Kierper Kalorie stockéiert oder verbrennt, dat ass genetesch bedéngt an hänkt vu jidderengem of.

Dat heescht wann’s de Chance hues an deng Gene spille mat, da muss de just 50 Minutte lafe fir d’Buche ze verschaffen!

Auteur: Corinne Kroemmer
Foto © Don Purcell/Shutterstock

Auch in dieser Rubrik

Kann ee Kriibs duerch eng einfach Bluttanalys entdecken?

12.07.18 Fuerscher hunn e Blutttest entwéckelt, dee Kriibs erkenne soll. Kann een dësen Test scho fir d’Kriibsfréierkennung asetzen? > Ganzen Artikel lesen

Firwat gëtt Cannabis als Medikament agesat?

07.11.16 Bei Cannabis denkt een un Drogen oder de Bob Marley. Ma och Fuerscher interesséieren sech fir dee Stoff – als Medezin. > Ganzen Artikel lesen

Dating-Fuerschung: Gëtt et eng optimal Strategie fir säin Drampartner ze fannen?

06.10.16 Wéi laang muss ech op mäin Drampartner waarden? > Ganzen Artikel lesen

Wouhier wëssen d'Fuerscher, datt 1 Kilogramm exakt 1 Kilogramm weit?

11.02.16 Wisou ziele Fuerscher d’Atomer an engem Kilogramm Silizium? > Ganzen Artikel lesen

Gesond Ernährung: Firwat ass Vitamin C sou wichteg?

05.11.15 Hëlleft Vitamin C géint de Schnapp? > Ganzen Artikel lesen

Infobox

Mister Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio spannend wëssenschaftlech Kuriositéiten.

 
 
 

Quellen


Verwandte Themen