(c) Pixabay

Wëssenschaftler versichen an deene klengste Gärfässer vun der Welt de Béier vun der Zukunft ze brauen.

Mr Science, wéi kann ech mer dat virstellen?

Streng geholl sinn et keng Fässer an deenen d’Fuerscher hier Tester maache, mee winzeg kleng Drëpsen, 2 Millioune mol méi kleng wéi eng Reendrëps!

Dat sinn also wierklech déi klengste Béiere vun der Welt...

Jo dat kann ee sou soen...

A firwat maachen d’Fuerscher dat?

Beim Braue gëtt jo Alkohol vu Béierhief produzéiert. An dat si winzeg kleng Mikroorganismen. An déi produzéieren awer och d’Aromastoffer déi charakteristesch fir d’Béierzort sinn. Am Weizen richt een zum Beispill Banann eraus. A fir elo nei Béierzorten ze kréien, kräizen d’Fuerscher verschidden Hiefvariante mateneen. A fir all d’Béieren duerchzetesten hunn d’Béierfuerscher Labosmaschinne entwéckelt mat deenen se hier Braukënscht wéi um Fléissband analyséiere kënnen, an deene klengsten Drëpsen. Hiert Resultat kënnen se natierlech net drénken!

Dat soll ee jo och net während der Aarbecht... Awer firwat maachen se sech déi Méi? Et gëtt dach scho genuch verschidde Béierzorten?

Jo mee de Geschmaach vun de Leit ännert sech ëmmer erëm. Hautdesdaags gëtt zB. Alkoholfräie Béier ëmmer méi populär. D’Béierbrauer hunn hei de Problem datt se d’Gärung ganz séier ofbrieche musse fir datt net zevill Alkohol entsteet. Alkoholfräie Béier däerf héchstens 0.5 % Alkohol hunn. Bei anere Verfahren zéien se dem normale Béier nodréiglech den Alkohol eraus. Bei béide Methode geet awer sou munches vum typesche Béiergeschmaach verluer.

Jo dat kenne mer...

Et wier natierlech elo e risege Virdeel wann een eng nei Hiefzort hätt, déi beim Béierbraue guer keen Alkohol produzéiert, mee trotzdem déi typesch Béieraromen. Awer d’Fuerscher ziichten och Béierhiefe mam Aroma vu Blummen, tropesche Friichten oder och Knätsch a Neellack.

.... dat stellen ech mer net sou lecker vir!

Hei ass d’Mëschung vun de verschiddenen Aromaen entscheedend, do kann och mol eng Grëtz Knätschgoût dran deen een dann net direkt erausschmaacht. D’Fuerscher ginn dovun aus datt d’Hiefe bis zu 500 verschidden Arome produzéiere kënnen.

Ah da kënnen se nach vill Varianten duerchprobéieren.

Genee, an dofir bleift och d’Béierfuerschung spannend!

Auteur: Ingo Knopf
Editeur : Joseph Rodesch (FNR)
Traducteur: Joseph Rodesch
Photo: Pixabay

Auch in dieser Rubrik

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR