Wikimedia (Thegreenj)

An der Zännseef ass Fluor a gebonnener Form dran.

Op Facebook reege vill Leit sech op, dass Fluor an der Zännseef ass. Ass dee wierklech esou gëfteg?

Fluor ass extrem gëfteg, jo! Et ass eent vun deene reaktivsten Elementer déi et op der Äerd ginn a reagéiert mat quasi alles wat et begéint. Glécklecherweis ass awer kee Fluor an der Zännseef!

Wéi dann, et steet jo awer drop?

Wéi’s de mer déi Fro gestallt hues, hunn ech mer emol e ganze Koup Tuben Zännseef ugekuckt. Et steet ëmmer plus ou moins dat selwecht drop, ech hunn hei meng Zännseef matbruecht: Do steet tatsächlech fir drop „au fluor“. Mee wann ech hanne bei den „Ingrédients“ kucken, da steet do schonn eppes ganz anescht, an zwar „Monofluorophosphate de Sodium“ an a Klammeren hannendrun „fluor“.

Ass dat dann net dat selwecht?

Nee, „Monofluorophosphate de Sodium“ ass e Salz op Basis vu Fluor an Natrium. Mee dat Wuert klengt ze vill barbaresch. Fir ze vereinfachen hunn se dofir wahrscheinlech einfach “Fluor” drop geschriwwen, wat dann natierlech zu Mëssverständnesser féiert!

Do ass jo dann awer ëmmer nach Fluor dran!

Jo, mee awer a gebonnener Form, an dann huet et net méi déi selwecht chemesch Eegeschaften. Et ass d’selwecht wéi mam Chlor oder mam Chlorid. Chlor ass en immens reaktive Gas deen am 1. Weltkrich als Kampfgas agesat ginn ass. Chlorid, also d'Salzform, kënnt awer z.B. am Kachsalz (Natriumchlorid) fir. De Chlorid huet hei also näischt méi mat deem gëftege Gas Chlor ze dinn. 

An dat Fluorsalz aus der Zännseef ass dann net gëfteg?

Et ass wéi matt allem : Wann’s de et a grousse Quantitéiten ofschlécks, dann dach! Am Kierper kann et zu Reizunge féieren, an ab 111 Tuben Zännseef kann d’Quantitéit déidlech sinn. Mee beim Zännwäschen verbrauchs de jo keng 111 Tube beieneen, an du schlécks se och net of. An a klenge Quantitéiten huet dat barbarescht Salz ganz positiv Säiten, verhënnert Karies a stäerkt d’Zänn!

Wéi bei ville Saachen! Vun ze vill Kichesalz kann ee jo och stierwen! An deen, deen der Saach trotzdem net traut, dee ka jo Zännseef ouni Fluor kafen! Weider Informatioune fannt der wéi ëmmer an der Infobox!

Auteur: Corinne Kroemmer
Foto ©Thegreenj

Infobox

Mister Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mister Science op Eldoradio är Froen.
Scheck och deng Fro op: mister.science_at_fnr.lu

 
Fluoride an der Zännseef – eng nei Erfindung?

Fluoride an der Zännseef ass keng nei Erfindung a gëtt schonn säit iwwer 30 Joer benotzt fir Karies bei Kanner a Jugendlechen ze verhënneren. Säit bal engem hallwe Jorhonnert gi Studien doriwwer gemaach, an et ass an der Tëschenzäit kloer dass Kanner vill manner Karies kréien wann se op mannst ee mol den Dag eng Zännseef mat Fluoride benotzen. Zweemol den Dag benotzt, ass de Fluoride esouguer nach méi efficace.

Bei enger Iwwerdosis lagert de Fluoride sech direkt an den Zänn of a bild wäiss Sträifen oder Flecken. Dat ass net weider schlëmm, ausser dass et net ganz schéin ausgesäit.

Wéi funktionéiert Fluoride?

Wéi de Fluoride et mécht, fir d’Zänn ze stäerken a viru Karies ze schützen, ass nach ëmstridden.

Studie weisen dass d’Wierkung vu Fluoride op d‘Zänn verschwënnt, wann een en am Drénkwaasser oder als Pellen ophëlt (Fluoride ass trotzdem gutt fir eise Kierper, mee en huet just keng Wierkung méi op d’Zänn). D’Wierkung ass am Gréissten, wann en direkt op d’Zänn opgedroe gëtt. Des Studie weisen also dorop hinn dass de Fluoride direkt iwwert d’Zänn opgeholl ginn, an net iwwert d’Blutt.

Aner Studien hunn zu der Theorie gefouert, dass de Fluoride eng Aart Schutzfilm am Mond bild, an esou verhënnert dass eis Zänn ugegraff ginn. Karies entsteet nämlech, wann d’Bakterien am Mond Zockerspuere verdauen. Bei deem Prozess produzéieren se eng Saier, déi d’Mineralien an den Zänn futti mécht. De Fluoride bënnt sech un d’Mineralien an den Zänn a verhënnert esou dass se vun der Saier ugegraff ginn. Verschidde Studie weisen och dorop hin dass Fluoride dozou bäidréit, d’Mineralien an den Zänn erëm opzebauen am Fall wou se schonn ugegraff wieren.

Fuerschung iwwert d’Grenzen eraus

Fluoride kennt och vill an der Natur fir an ass an deene meeschte Waasserquellen als Spurenelement ze fannen. Studien hunn awer gewisen, dass Fluoride an extrem grousse Quantitéiten (keng Angscht, wäit méi wéi an der Zännseef) schiedlech fir d’Gehir an den Nervesystem bei Erwuessenen ass.

Dorops hin huet d‘“Harvard School of Public Health“ an d‘“China Medical University” zu Shenyang d’Wierkung vum Fluoride bei Kanner ënnert d’Lupp geholl. Si hu 27 existéierend Studie kombinéiert a sinn zum Schluss komm, dass Fluoride (a grousse Quantitéiten) d’Entwécklung vun de Gehirfunktioune kéint negativ beaflossen. Si weisen dofir drop hinn, dass e bei Kanner net ze vill Fluoridequelle soll kombinéieren.

Fuerschung zu Lëtzebuerg

Zu Lëtzebuerg gëtt net vill Fuerschung am Beräich vu Mondhygiene, Zänn a gesondheetlech Aspekter rondrëm Fluoride gemaach. Laut dem Dr Romain Blum vun Iechternach gëtt dee Mangel awer doduerch kompenséiert, dass Lëtzebuerg Member vun Europäeshen Associatiounen ass an d’Studenten e groussen Deel vun hire Studien am Ausland maachen. Esou kenne mer trotzdem vun neien Erkenntnisser, neien Approchen an neien Techniken – wéi zum Beispill d‘Uwennung vum Laser – profitéieren.