Iwwerschwemmungen: Liewensgefor am Keller

09.07.18

FNR
CGDIS
Diesen Artikel drucken

An engem spektakulären Experiment flut de Mr Science, mat Hëllef vun de Pompjeeën, e Kellerraum wärend deem hie bannendran ass.

D’Biller am Video schwätze vir sech: de Keller gëtt, méi séier wéi ee mengt, zu enger Fal wou eng Persoun ouni Hëllef net méi eraus kënnt. Vill Waasser bedeit vill Kraaft déi op ee Coup optauche kann, mee et ginn och eng Rei indirekt Geforen, déi ee gäre vergësst: Bei ale Stroumalimentatiounen, kann een am Waasser e Stroumschlag kréien. Duerch Produiten déi am Keller lagere kann d’Waasser staark verknascht oder vergëft ginn, a un Objeten, déi ronderëm schwammen, kann een sech verletzen.

Wéi kann een den Drock, dee Waasser provozéiert, berechnen?

Den Drock ass just ofhängeg vun der Héicht an net vun der Mass. Wann d’Waasser ee Meter héich steet, ass den Drock um Buedem 0,1 Bar. Den Drock ännert iwwert d’Héicht et muss een also mat enger Moyenne vum Drock rechnen. Dës läit bei 0,05 Bar, wat 5000 N/m2 Newton (N) pro Quadratmeter (m2) sinn. Op enger Fënster vun engem Quadratmeter laascht also an dësem Fall eng Kraaft vu 5000 Newton, wat engem Gewiicht vu 500 kg entsprécht.

Bei fléissendem Waasser kënnt awer nach eng kinetesch Energie dobäi, déi vun der Masse vum Waasser a vun der Vitesse ofhänkt.

Firwat ass d’Kellerdier blockéiert?

D’Waasser stoung bei eisem Versuch op enger Säit vun der Dir méi héich wéi op där aner Säit. Scho bei enger Héichtendifferenz vum 30 cm Waasser vu bannen op baussen, drécken 150 kg op d’Dir (1 Meter breet), wat et onméiglech mécht fir d’Dir ouni Hëllefsmëttel op ze kréien.

De Fazit ass kloer: Bei Héichwaasser op kee Fall an de Keller goen.

Merci’en:
CGDIS Diddeleng: fir déi ganz Virbereedung an d’Ënnerstëtzung
Fräschmänner: fir d’Sécherheet beim Tournage
André Mousset: fir d’physikalesch Iwwerleeungen

Dirk Gion, Ingo Knopf: fir d’Iddien an d‘Beroodung

Produktioun: RTL
Auteur: Joseph Rodesch (FNR)

 

Auch in dieser Rubrik

Kann ee Mënsch mat engem Pabeierfliger fléien?

06.04.18 E klenge Pabeierfliger fale ka jiddereen, mee fir e Modell ze bauen, deen eng Persoun droe kann, ass e opwännege Challenge. De Mr Science huet en ugeholl. > Ganzen Artikel lesen

Héijen Drock mat bësse Waasser

01.03.18 An engem spektakulären Experiment, wat de Physiker Blaise Pascal anscheinend scho virun 350 Joer gemaach huet, léist de Mr Science e Glasballon explodéieren...> Ganzen Artikel lesen

Wéi, a wéi vill soll een en Haus isoléieren?

26.11.17 Wann et bausse richteg kal ass, verléieren net isoléiert Haiser richteg vill Energie! Mee wéi verhënnert een dat am beschten, ouni mat Schimmel geplot ze gi...> Ganzen Artikel lesen

Kann ee buerféiss iwwer gliddeg Kuelen goen ouni sech ze verletzen?

22.10.17 Säit dausende Joren gi Mënschen bei reliéisen Zeremonien iwwer Kuelen fir sech ze rengegen oder sech ze befreien. Mee ass et méiglech iwwert d’Kuelebett ze ...> Ganzen Artikel lesen

Physik vum Vëlo: Firwat een net riicht aus fuere kann!

03.07.17 Riicht aus fueren um Vëlo kann dach jiddereen, oder?!? – Dat géif ee menge mee et ass quasi onméiglech! > Ganzen Artikel lesen

Infobox

PISA - de Wëssensmagazin op RTL

Dëse Reportage gouf fir d'Emissioun Pisa Wëssensmagazin vum 8/7/18 produzéiert. D'Sendung kënnt emol de Mount Sonndes ab 19:00 op RTL Télé Lëtzebuerg. Déi ganz Sendung fënnt een op pisa.rtl.lu.


Verwandte Themen