James Bond: “Shaken, not stirred” – Mécht dat wierklech en Ënnerscheed?

25.11.15

FNRDiesen Artikel drucken

“Wodka Martini! Geschüttelt, nicht gerührt” ass de berühmte Saz aus de Bond Filmer. Mécht dat eigentlech en Ënnerscheed ob een e Gedrénks rëselt oder réiert?

Et kinnt ee mengen datt een a béide Fäll jo just géif de Wodka an de Martini matenee vermëschen - mee chemesch a physikalesch gesinn gëtt et e reellen Ënnerscheed tëschent dem Rëselen a Réieren. Wann een eppes rëselt, vermëscht een nämlech net nëmmen d’Flëssegkeete mateneen, mee et mécht een zousätzlech Loft matt an d’Flëssegkeet.

Geet déi da net direkt rëm raus ?

Nee, een Deel vun der Loft gëtt, zumindest fir kuerz Zäit, an der Flëssegkeet gebonnen. Doduerch ännert sech d’Textur vum Gedrénks. E frësch gerëselte Cocktail mat Loftblosen oder Schaum gëtt en anert Gefill op der Zong. E gëtt méi lëfteg an doduerch schmaacht en anescht.

An du soots: Chemesch gesinn passéiert och eppes beim rëselen... ?

Jo de Sauerstoff an der Loft huet während dem Rësele genuch Zäit fir matt den Aromastoffer aus de Flëssegkeeten ze reagéieren. Dobäi passéieren ënner anerem sougenannten Oxidatiounsreaktiounen, an des féieren och dozou datt de Goût sech ännert. Ech hu selwer elo keng Testerei gemaach an ech weess net ob een e groussen Ënnerscheed schmaacht, mee eent ass sécher – et ass en Ënnerscheed moossbar.[1]

Mistère geléist also?

Ha du wärs laache mee et gi ganz Kapitelen a Bicher iwwert dat Thema – ech hu rar e sou en onwichtegt Thema gesi wat sou vill a kontrovers diskutéiert gëtt :-)

Wat engem besser schmaacht muss wahrscheinlech jiddereen selwer testen.

Auteur: Joseph Rodesch
Photo: Shotshop

 


[1] Peter McNAlly in « Why can’t Elephants Jump ? », New Scientist

 

Auch in dieser Rubrik

Kann een hannert enger Fënster brong ginn?

07.06.17 Kann ee bei laangen Autosfaarte brong gi – virausgesat d’Sonn schéngt? An kann een hannert enger Fënster souguer en Sonnebrand kréien? > Ganzen Artikel lesen

Looping mam Fliger: Bleift Waasser am Eemer wann de Fliger op der Kopp as?

02.05.17 Eng spektakulär Variatioun vum éischten Experiment, dat de Mr Science als Kand gemaach huet. > Ganzen Artikel lesen

Wann een op eng Gedrénks-Béchs klappt, schaimt se da beim Opmaachen net iwwer?

18.01.17 Hëlleft et wierklech, widder eng Gedrénks-Béchs ze klappe fir dass se net iwwerschaimt, a wann jo, op wat muss een dobäi oppassen? > Ganzen Artikel lesen

Wisou schmaacht alkoholfräie Béier sou anescht?

04.01.17 Vill leit rëselen de Kapp bei alkoholfräiem Béier. Mee en huet ëmmer méi Erfolleg. Mee wisou schmaacht en net genee wei d’Original? > Ganzen Artikel lesen

Wann all d'Gletscheren an d'Polkappen schmëlze giffen - giff da Lëtzebuerg ënner goen?

05.09.16 Mr, Science! De Klimawandel ass voll am Gaang.> Ganzen Artikel lesen

Verwandte Themen