Cabrio

(c) Pixabay

Eis Autoe sinn hautdesdaags ganz aerodynamesch gebaut fir dass se sou man ewéi méiglech vun der Loft gebremst ginn.

Jo dat ass wierklech esou! Mä et geet net ëmmer, et musse verschidde physikalesch Kräfte genee am Gläichgewiicht sinn.

Ma wéi funktionéiert dat dann ?

Eis Autoe sinn hautdesdaags ganz aerodynamesch gebaut fir dass se sou man ewéi méiglech vun der Loft gebremst ginn. Wann’s de genee kucks da mierks de dass eis Autoen effektiv iwwerall ofgeronnt fir dass d’Loft schéi rondrëm den Auto ka fléissen.

De Reen ënnerläit jo der Schwéierkraaft, normalerweis fält en also riicht erof. Mä mir hu jo schonn all gesinn dass de Reen an engem Stuerm vun alle Säiten kennt. D’Reendrëpse ginn also vum Loftstrom matgerappt. Wann’s de séier genuch fiers, sou mat 90-100 km/h, da fléien se souzesoen iwwert den Auto ewech, mat oder ouni Daach!

Cool, geet dat da mat all Auto?

Net grad! Et hänkt dervun of wéi aerodynamesch däin Auto ass. Du hues dach och bestëmmt schon Leit am Kabrio gesinn déi d’Hoer komplett zerzauselt haten. Ma déi giffe gutt naass gi wann se décapotabel giffen duerch de Reen fueren. Mä do kanns de awer e speziellt Netz hannert de Sëtz klemmen, dat bremst d’Loftturbulenzen an da kanns de och am Reen ouni Daach fueren.

Wow, dat heescht wann ech en aerodynameschen Auto hun kann ech ëmmer décapotabel fueren…?

Soen mer sou, wanns de grad op der Autobunn bass an et fänkt un matt reenen, brauchs de keng Vollbremsung ze maachen fir den Daach zouzemaen. Mä du däerfs net vergiessen dass et ëmmer eng Fro vun der Vitesse ass, soubals de zefill op d’Brems gees kriss de deng Dusch awer!

Text: Corinne Kroemmer
Foto:  Pixabay

Infobox

Mister Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mister Science op Eldoradio är Froen.

Schéck och deng Fro op: mister.science_at_fnr.lu

Aerodynamik

 

Aerodynamik ass e Fuerschungsfeld wat immens wichteg ass, net nëmme fir de Bau vu schéinen Autoen, mä och vu Fligeren an Zich. D’Ziel ass fir de Loftstroum rondrëm déi Fortbeweegungsmëttel ze verbesseren. Wann d’Loft nämlech schéi rondrëm fléisst dann ass de Loftwidderstand méi kleng, dat heescht däin Auto gëtt manner gebremst. Da brauch e manner Benzin, am Fall vum Auto, Kerosin, fir de Fliger, oder Elektresch, fir den Zuch.

 

Loftstroum-Experiment

 

Du kanns den Effekt vun der Form op de Loft- oder Waasserwidderstand selwer spiere wann’s de zum Beispill mat engem flaache Stéck Holz duerch d’Waasser fiers. Du spiers de Widderstand an du gesäis wéi hannendru kleng Waasserwirbelen entstinn. Wann’s de awer elo e Géigestand hëls dee fir ofgeronnt ass an hanne spatz ausleeft (du kanns der dee selwer bastelen), da spiers de dass de Waasserwidderstand vill méi kleng ass an hannendru vill manner Wirbelen entstinn.

 

Auch interessant

Science-Trick En Hiewel hëlleft hiewen

Mat dësem klenge Science-Trick ka souguer e Kand en Erwuessenen „ophiewen“.

FNR
Rätsel aus dem Alldag Wou kënnt metallesche Geroch hier?

Firwat richen eigentlech eng Mënz oder aner metallesch Géigestänn wéi zum Beispill e Schrauweschlëssel oder Dierklensche...

FNR
Luftdruck Klebe Becher an einen Luftballon – aber ohne Kleber!

Dieser Ballon-Teufel hat ein Grobvakuum zwischen seinen beiden Ohren.

FNR