(c) Sergey Nivens

Oh freck! Wéi laang ass déi DNA dann nëmmen?

Ma all eenzel Zell vum Mënsch enthält ongeféier 2 Meter DNA a mir bestinn aus 100 Billiounen Zellen!  Am Ganzen hu mer also 150 Milliarde Kilometer DNA, an domat kéint een 1000 mol d’Distanz vun der Äerd op d’Sonn zeréckleeën!

Dat ass jo enorm vill DNA! Wou stécht déi dann nëmmen?

All Zell enthält genee déi selwecht DNA, ausser d’roud Bluttkierpercher, déi hunn iwwerhaapt keng! Mee d’DNA besteet aus ganz klenge Bausteng déi uneneen hänken, an esou eng ganz Rei laang Fiedem bilden. An all Fuedem ass ganz komplizéiert a präzis an e Chromosom zesummegerullt, fir dass en esou mann wéi méiglech Plaatz ewech hëlt, an d’Zell trotzdem Accès un déi eenzel Genen huet, déi op der DNA sinn!

Eise Kierper ass zwar schonn impressionnant! Dass do keng Kniet drakommen ... !?

 

Auteur: Corinne Kroemmer

Foto ©Sergey Nivens

Infobox

Mister Science op RTL Radio

1 mol d'Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio spannend wëssenschaftlech Kuriositéiten.

     
A just zum Spaass nach e puer Zuelen:

Eis DNA besteet aus 3 Milliarde Bausteng, déi am Duerchschnëtt 0,34 Nanometer   (0,000 000 34 mm) ausernee sinn. D’DNA ass also 1 Meter laang. All Zell huet awer 2 Kopien DNA (eng vun der Mamm verierft an eng vum Papp). All Zell huet also 2 Meter DNA!

Eise Kieper besteet aus  100 Billiounen Zellen (100 000 000 000 000 Zellen). Dovu sinn ee véirels roud Bluttkierpercher ouni DNA. Eis gesamt DNA ass also op 75 Billiounen Zellen opgedeelt.

75 Billiounen Zellen hunn 2 Meter DNA: dat sinn 150 Milliarde Kilometer DNA!

Vun der Äerd bis op d’Sonn sinn et 150 Millioune Kilometer: et kann een déi Distanz 1000 mol mat der DNA zeréckleeën!

Auch in dieser Rubrik

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR