Pixabay

Dei neisten Objektiver si mini-kleng awer schaarf wéi Adleraen.

Wa Fotoamateuren ugi wëllen, weisen se gären hier grouss Objektiver. Fuerscher stinn dogéint op Understatement: Se liwweren sech eng Competitioun em dat klengsten Objektiv vun der Welt. Dat klengste miesst mëttlerweil manner wei ee Millimeter.

Mr. Science, dat ass jo butzeg! Wéi gëtt dann sou en Mini-Objektiv gemaach?

Dat hunn ech mech och gefrot, wei ech dovun héieren hunn! Normalerweis gi Lënse fir Fotoobjektiver jo aus Glas geschlaff, mee dat ass bei dëse winzege Moossen net méi machbar. D'Fuerscher hunn hiert Objektiv geprint!

Ah! Mat engem 3D-Drucker huelen ech un?

Jo, dofir schéissen se en Laserstral an en duerchsiichtege Speziallack. De Laser gëtt op e Punkt an der Drëps gebëndelt. A genee op dëser Plaz gëtt de Lack dann haart. Da gëtt de Laserstral op eng Plaz direkt doniewent geriicht a sou gëtt Punkt fir Punkt d'Lëns opgebaut. Zum Schluss muss een dann nëmmen nach de Lack ewech spullen, deen net mam Laser gehäert ginn ass, an iwwereg bleift d’Mini-Objektiv.

Dat kléngt no enger technescher Meeschterleeschtung. Mee wisou maachen se dat?

Fir dat ze verstoen, kann een sech d’Objektiv um Smartphone ukucken. Dat deckt en grousse Bléckwénkel of, fir zum Beispill Gruppebiller op Partye maachen ze kënnen. Wann een elo awer probéiert, un eng Persoun erun zezoomen, da gëtt einfach nëmmen de jeeweilegen Ausschnëtt vergréissert an d’Bild gëtt méi onschaarf. D’Mini-Objektiver sinn awer esou kleng, dass een einfach e puer niewentenee setze kann, zum Beispill ee Wäitwénkel- an en Teleobjektiv, an dann nach zwee Objektiver, déi de Bléckwénkel tëscht dësen zwee Extremer ofdecken. Sou kritt een dann e Bild, dat souwuel e groussen Iwwerbléck bitt, wéi och an der Mëtt schaarf ass. D’Fuerscher vergläichen dat gäre mat engem Aadleraan, dat e ganzt Feld iwwerwaacht, mee trotzdem an engems eng Maus doran erkenne kann.

Sinn nach aner Uwennunge méiglech ausser als Smartphone-Objektiv?

Jo. D’Objektiver sinn esou kleng, dass een se direkt op de Wupp vu liichtleedende Glasfaseren drécke kann. Dës gi vill an der Medezin fir Endoskope genotzt. Mat hinne kéinte Plazen am Kierper ugekuckt ginn, déi soss net zougänglech wieren. Mat deenen neien Objektiver kéinten Endoskopen also vill méi dënn ginn.

Kéinten des Mini-Objektiver och als immens onopfälleg Iwwerwaachungskamerae benotzt ginn?

Well d’Mini-Objektiver nëmme knapp e Millimeter grouss sinn, reegen se natierlech d’Fantasie un. Se kéinten zum Beispill a Mini-Spionéierdrohnen agebaut ginn.

Et ass also wei sou oft d’Fro, wéi een déi nei Technik notzt.

Genee, mee och dofir bleift Fuerschung jo ëmmer spannend...

Auteur: Ingo Knopf
Editeur: Joseph Rodesch
Traducteur : Sophie Steinmetz
Foto : Pixabay

Infobox

Mr Science op RTL Radio

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d'Emissioune fënns du hei: https://www.rtl.lu/radio/science

Auch interessant

UV-empfindliche Perlenkette Wie gut schützt meine Sonnencreme?

Durchsichtige oder weiße UV-Perlen werden farbig, wenn Sonnenstrahlen auf sie fallen. So kannst Du deine (alte) Sonnencr...

FNR
Lichtstreuung Reproduziere die blaue Farbe des Himmels und einen Sonnenuntergang!

In diesem Experiment machen wir Sonnenuntergänge mit einer Taschenlampe, Wasser und etwas Milch nach!

FNR
Light Graffiti Male mit Licht!

Mache ein originelles Neujahrsfoto!

FNR