Observatioun am Weltall: Wéi entsteet Gold?

18.01.18

FNRDiesen Artikel drucken

Astronome konnten d‘éischte Kéier noweisen, wéi eist Gold entstanen ass. An zwar an deem se en enorme Knall am Weltraum observéiert hunn.

Mr. Science, wéi ass dat geschitt?

Do sinn zwee Neutronestäre matenee verschmëlzt.

An?

Jo, dat klengt net besonnesch spannend. Et gëtt awer wierklech verréckt, wann ee versicht, sech virzestellen, wat do wierklech geschitt ass. Déi Neutronestären haten alle béid ongeféier 20 Kilometer Duerchmiesser.

Also sou wéi vu Beetebuerg bis op Luerenzweiler?

Zum Beispill. A se sinn onfassbar schwéier: En Téiläffel dovu géif bei eis op der Äerd 1 Milliard Tonne weie – oder ëmgerechent em déi 200 Milliounen Elefanten.

Dat wëll een sech net an den Téi kippe …

Dës Neutronestären hunn sech ëmkreest, du sinn se anenee gekraacht, wat eng Aart intergalaktesch Biewen ausgeléist huet. Dat kënne Fuerscher säit 2015 duerch Gravitatiounswelle moossen, déi dobäi entstane sinn. Knapp 2 Sekonne méi spéit ass dunn déi gesamte Matière an enger onbeschreiflech gigantescher Explosioun erëm ausernee geflunn.

Astronomen hunn dunn och gespaant hier konventionell Teleskopen op d'Platz vum Event geriicht a konnte feststellen, dass béi dëser Explosioun ënner anerem Gold entstanen ass. Si huelen un, datt dovun ongeféier 200mal sou vill Gold an de Weltall geschleidert gouf, wéi eis gesamt Äerd weit.

Wéi kennt een do drun?

Dat ass alles iwwert eng Trilliard Kilometer vun eis ewech geschitt.

Schued...

Oder och gutt, well bei sou engem Knuppert wëll een net an der Géigend sinn. D’Wëssenschaftler hu schonns laang ugeholl, dass sou Gold entsteet, mee elo kënnen se fir d’éischte Kéier noweisen, dass se richteg geleeën hunn. Bei sou engem oder ähnlechen Evenementer ass all d’Gold am Universum entstanen, och dat, aus deem eis Reng an eis Bijoue sinn.

Dëst Edelmetall kënnt engem elo nach méi besonnesch fir…

Gläichzäiteg ass awer och Bläi entstanen an aner schwéier Elementer. Déi liicht Elementer, wéi Sauerstoff oder Kuelestoff, déi fir d’Liewen sou wichteg sinn, sinn an e bëssen anere Prozesser entstanen. An zwar a Stäre bannendran, déi dunn allerdéngs och explodéiert sinn. Nëmmen de Waasserstoff gouf et direkt bal um Ufank vum Universum. Deen mëscht awer an eisem Kierper zum Beispill, just knapps en Zéngtel vun eisem Kierpergewiicht aus. De Rescht ass an de Stären an enormen Explosiounen entstanen.

Erstaunlech.

Jo, dofir ass Fuerschung sou spannend!

Auteur: Ingo Knopf
Editeur: Joseph Rodesch
Iwwersetzer: Sophie Steinmetz
Photo: Wikimedia

 

Auch in dieser Rubrik

Biologesch Auer: Wisou musse mer schlofen?

26.10.17 Well Schlof wichteg fir eis Gesondheet ass, schaffen d’Fuerscher u Schlofbrëller an intelligente Kappkëssen mat vill Elektronik. > Ganzen Artikel lesen

Kleeder aus Spanneseid?

22.06.17 Spanneseid ass bal sou stabil wéi Stol, ma vill méi liicht. Fuerscher probéieren ëmmer méi Produiten aus Spanneseidproteinen hierzestellen. > Ganzen Artikel lesen

Kann ee Blutt kënschtlech hierstellen?

24.05.17 Säit ronn 100 Joer rette Blutt-Transfusioune Mënscheliewen. Mee et spenden ze wéineg Mënsche Blutt. Kënnen d'Fuerscher da kee Blutt am Labo hierstellen? > Ganzen Artikel lesen

Ass d'Banann vum Ausstierwe bedroht?

16.05.17 Wa Planzefuerscher sech net ustrengen, wäerte Bananne villäicht gläich erëm richteg seele sinn. Firwat? A ginn et Léisungen? > Ganzen Artikel lesen

Sou vill Fuerschung stécht am Kaffi!

30.01.17 Wisou moosse Fuerscher de Koffeingehalt vum Mierwaasser? > Ganzen Artikel lesen

Infobox

Mr Science op RTL Radio

All 2 Wochen présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert engem Objet aus dem Alldag stécht. Des Emissioun goung den 11.01.2018 iwwert d'Antenn.