Wéi funktionéieren eigentlech elektronesch Zigaretten?

22.01.14

FNRDiesen Artikel drucken

Dat ass jo elo den neisten Trend: elektronesch Zigaretten. An de Butteker gesäit een déi an alle Faarwen a Formen ... mee wéi funktionéieren se eigentlech?

Du keefs deng Zigarett, also dat wat‘s de fëmms, eigentlech a flësseger Form an enger Cartouche, déi‘s de dann an d’elektronesch Zigarett mëss. Do ass en Akku oder eng Batterie dran, déi e Verdampfer aschalt, soubals du um Mondstéck zitts! D’Flëssegkeet an der Cartouche gëtt da gehëtzt a verdämpt, an du otems deen Damp dann an!

Wat ass da genee an där Flëssegkeet déi ech kafen?

Do sinn e ganze Koup Aromen dran, déi’s du der kanns eraussiche wann’s de d’Cartouche keefs: Tubakgeschmaach, Uebstaroma an esou weider! Da sinn awer och nach aner Chemikalien dran, déi fir d’Imitatioun vum Zigarettendamp zoustänneg sinn an déi verschidden Arome verstäerken. An zu gudder lescht natierlech Nikotin! 

Mee dat heescht Godrong an esou ass keen dran?

Nee, am Géigesaz zu normalen Zigaretten ass hei keen Godrong dran. Et feelen och eng ganz Rei aner Chemikalien, déi an der Zigarett schiedlech sinn. Dat heescht awer net dass d’elektronesch Zigarett gesond ass! Et sinn nach keng wëssenschaftlech Studie gemaach ginn, fir ze kucken ob déi Chemikalien déi dra sinn schiedlech sinn, wann se inhaléiert ginn. Et sinn zwar keng nei oder onbekannte Chemikalien, mee och wann eppes onschiedlech ass wann‘s de et zum Beispill ëss, heescht dat nach laang net dass et och onschiedlech ass wann‘s de et inhaléiers! Soulaang et keng weider Studien dozou ginn, géif ech d’elektronesch Zigarett dofir mat Virsiicht genéissen!

Fir op Nummer sécher ze goen, géif ech einfach emol jidderengem rode fir opzehale mat fëmmen! Sou! A weider Informatiounen zum Thema fannt der wéi ëmmer an der Infobox!

Auteur: Corinne Kroemmer
Foto ©Sigismund von Dobschütz

Auch in dieser Rubrik

Wéi funktionéiert en Fusiounskraaftwierk?

01.03.17 Niewent Wand, Sonn a Waasserkraaft soll an Zukunft Energie aus Kärfusioun benotzt gi fir Stroum ze generéieren. Wéi funktionéiert sou en Fusiounskraaftwierk? > Ganzen Artikel lesen

Wat ass den “Internet of Things” (a wat hu mer dovun)?

18.04.16 Eis Welt gëtt ëmmer méi vernetzt. An Zukunft sollen all eis Geräter matenee kommunizéiere kënne – an sou eis Liewe méi einfach a méi bëlleg maachen. > Ganzen Artikel lesen

Wat kënne “Wearables” iwwert eis soen?

14.10.15 Apple watch, Google Glass a Co. Déi meescht moossen domatt hir Fitness, mee do stécht awer méi dohanner... Mr Science, wat kënnen dës technesch Geräter iwwe...> Ganzen Artikel lesen

Ass Gentechnik geféierlech ?

28.05.15 Gentechnik ass an Europa nët beléiwt. An anere Regioune vun der Welt sinn se manner skeptesch. Wéi geféierlech ass Gentechnik dann elo ? > Ganzen Artikel lesen

Firwat gouf de Malaysia Fliger nach ëmmer net fonnt?

09.05.14 D’Sich nom Fliger aus Malaysia geet weider! Trotz moderner Technologie: Firwat as et sou schwéier eppes um Mieresbuedem erëmzefannen? > Ganzen Artikel lesen

Infobox

Mister Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mister Science op Eldoradio är Froen.
Scheck och deng Fro op: mister.science_at_fnr.lu

 

 

Wat genee mécht Nikotin an eisem Kierper?

Wat mécht een eigentlech ofhängeg beim Fëmmen ?

Ass d’elektronesch Zigarett besser ewéi eng normal Zigarett?

Fuerschung iwwert d’Grenzen eraus

Fuerschung zu Lëtzebuerg

Linken

Quellen


Verwandte Themen