Wéi funktionéiert e Feierläscher ?

04.06.13

FNRDiesen Artikel drucken

Domat kritt ee jo eigentlech ruck zuck e Feier aus. Mee wat ass dat iwwerhaapt fir e Schaum deen een do sprëtzt?

Dat hängt vum Feierläscher of. Do ginn et 3 Zorten. Déi eng sprëtzen e Gas, Kuelendioxid, an déi aner entweder Waasser oder e Pudder, wat ähnlech ass wéi Bakpolver.

Waasser ass jo logesch. Mee wéi kann een da mat Kuelendioxid oder Bakpolver e Feier läschen?

Fir dass eppes brennt, brauch een eng Hëtztquell a Sauerstoff! D’Hëtztquell kann e Fonke sinn, oder staark Sonnestralen zum Beispill. Sauerstoff ass an der Loft, deen ass also automatesch do. Fir d’Feier ze läschen, muss een also entweder d’Hëtzt oder de Sauerstoff ewech huelen.  

An ech huelen emol un dass d’Waasser de ganze Buttek ofkillt.

Genee. A mam Kuelendioxid kann een dem Feier de Sauerstoff ewech huelen. Deen ass nämlech méi schwéier wéi de Sauerstoff a verdrängt dee rondrëm der Hëtztquell. Et erstéckt een d’Flam also, an d’Feier geet aus.

Et kann een also direkt Kuelendioxid op d’Feier sprëtzen, oder et kann een eppes wéi Bakpolver huelen. Wann dat näämlech verbrennt, dann entsteet och Kuelendioxid. Et ass also dee selwechte Prinzip.

A wéi ee Feierlächer funktionéiert dann am beschten?

Dat hängt dovun of wat brennt! Waasser ass zimlech praktesch, ausser wann et eng Flëssegkeet ass déi brennt, wéi Benzin zum Beispill. Da verdënnen ech de Benzin just a kann nach méi eng grouss Iwwerfläsch ustiechen. Meeschtens huet een dofir doheem oder am Auto e Feierlächer, deen direkt Kuelendioxid sprëtzt.

A falls ee kee bei Hand huet, da kann ee sech och selwer e bastelen. De Mr Science erkläert eis op sengem Website, wéi een dat genee mécht. Mee wann d’Feier natierlech ze grouss ass, huet ee besser et bréngt ee sech a Sécherheet a rifft d’Pompjeeën!

Text: Corinne Kroemmer

Auch in dieser Rubrik

Wéi vill Fuerschung stécht an der Plooschter?

22.10.15 Wéini deet d’Ofzéie vu Plooschteren endlech net méi wéi? > Ganzen Artikel lesen

Héichuewen

24.08.15 De 24. August 1856 huet den Henry Bessemer de Prinzip vum Héichuewe fir d'éischt beschriwwen! Inoffiziell ass den Héichuewen awer schonn e bësse méi al... > Ganzen Artikel lesen

Wéi vill Fuerschung stécht am Glas?

18.06.15 Wat kann d’Glas vun der Zukunft? > Ganzen Artikel lesen

Wéi vill Fuerschung stécht am Gore-Tex ?

27.11.14 Egal ob Sportsschung, Trëppelbox oder Reenjackett: Soubal mer de klenge schwaarz-goldege Gore-Tex Logo op engem Kleedungsstéck gesinn, gëtt et eis net nëmme...> Ganzen Artikel lesen

Wéinst wat huet de gebiertege Lëtzebuerger Jules Hoffmann den Nobelpräis kritt?

06.10.14 Nobelpräis an der Medezin: Haut goufen d'Gewënner bekannt. Vrun 3 Joer krut de Jules Hoffmann, gebuer zu Iechternach, dëse Präis. Fir wéi eng Entdeckung? > Ganzen Artikel lesen

Infobox

Mister Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mister Science op Eldoradio är Froen.
Dës Fro gouf den 04/10/11 opgeholl

Scheck och deng Fro op: mister.science_at_fnr.lu

Wéi funktionéiert e Feierläscher bannendran

Doheem selwer e Feierläscher bastelen (ënnert der Opsiicht vun engem Erwuessenen!!)

Fuerschung iwwert d’Grenzen eraus

Fuerschung zu Lëtzebuerg

Quellen


Verwandte Themen