© Joseph Rodesch

Souguer wa Physiker d‘Näischt erfuerschen, kucken se net einfach op eppes Eideles.

Souguer wa Physiker d‘Näischt erfuerschen, kucken se net einfach op eppes Eideles, ganz am Géigendeel. Si musse souguer sech extrem ustrenge fir erauszefannen op et e Näischt, also e Vakuum, gëtt an deem wierklech näischt méi dran ass.

Mr. Science wéi vill „Näischt ass op der Äerd méiglech?

Also wa mer vu Vakuum schwätzen, dee begéine mer am Alldag beim Stëbssuckelen. Eng Loftturbinn saugt bannen am Staubsauger d’Loft eraus an sou entsteet e Vakuum. Iwwert de Rouer kënnt dann erëm Loft no déi den Dréck an de Stëbs mat zitt. Op Englesch heescht d’Maschinn jo och „Vacuum cleaner“. Awer fir Fuerscher ass dat just en "Ufänger-Vakuum".

Wat ass dann e richtege Vakuum fir Physiker?

Fir dat ze verstoe musse mer eis d’Loft ëm eis bësse méi genee ukucken. Stell der e Wierfel Loft vir mat enger Kant vun engem Zentimeter. Eleng doran fléien ëm déi 25 Trilliounen Loftmoleküllen, dat ass eng Zuel mat 18 Nullen.

Onvirstellbar vill fir sou e klenge Volume

Allerdéngs... Matt Héischleeschtungspompele kann een een dës Zuel erofsetzen op just nach 10 Milliarden. (Also 9 Nullen) Dat ass also nach laang net "Näischt" mee scho vill manner.

Sou ee staarke Vakuum brauch ee wann ee Computerchip‘s wëll hierstellen. Oder wann een d’Verpakung vun enger Chipstut wëll métalliséieren.

Firwat Fuerschung net alles gudd ass...

Awer dee stäerksten Näischt op der Äert ass näischt géint deen am Weltall. Do sinn an engem Wierfel vun engem Zentimeter Kantelängt nëmmen nach zirca ee Moleküll dran.

Dat ass awer ëmmer nach net ganz "Näischt".

Dat stëmmt an d’Wëssenschaftler hu sech och laang gestridden op et den absoluten Näischt iwwerhaapt ka ginn. De griichesche Philosoph Aristoteles sot scho virun iwwer 2000 Jor datt d’Natur en Horror virun deem Eidelen huet. Sie géif dat ni zouloossen. Du koume Physiker am 17 Joerhonnert an hu bewisen datt een e Vakuum ka produzéieren, also zumindest an deem Moossstaf mat deem se deemools konnte moossen. Awer haut kann een natierlech méi genee moossen...

D’Natur léist also awer kee Vakuum zou?

Déi modern Physiker ginn rëm dovun aus, datt den absolut eidele Raum net existéiere kann. Well an deem entstinn a verschwanne permanent Deelecher. Dat kënne materiell Partikel sinn oder Liichtpartikel. D’Quantentheorie seet dat mol viraus.

Dat klengt gespenstesch... Si sie sich do ganz sécher?

Bis elo confirméieren d’Experimenter mol dës Theorie. Awer ganz sécher kann een sech an der Wëssenschaft ni sinn. Dofir bleift se ëmmer spannend.

Auteur: Ingo Knopf/scienceRELATIONS
Traducteur : Joseph Rodesch (FNR)
Photo: Joseph Rodesch 

Infobox

Mr Science op RTL Radio

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d'Emissioune fënns du hei: https://www.rtl.lu/radio/science