Wéi vill Fuerschung stécht am Messer?

02.02.17

FNRDiesen Artikel drucken
All Messer gëtt iergendwann stompeg, De Raten hier Zänn bleiwen dogéint en Rateliewe laang schaarf. Wéi geet dat a wat kucken sech d’Fuerscher do of?
Mr. Science, aus wat fir engem Material sinn eigentlech déi schäerfste Messer?

Aus Obsidian. Dat ass en natierlecht Glas. Et entsteet , wann ënner spezielle Konditioune Lava séier haart gëtt. Doraus kann een immens schaarf Klénge schloen. Meeschter doran waren d’Steenzäitmënschen, si hate jo nach kee Stol an hunn hier Kléngen aus Feiersteen oder Obsidian hiergestallt.

An wisou sinn Obsidiankléngen esou schaarf?

Wann een sech richteg schaarf Stolkléngen ënnert engem Elektronenmikroskop ukuckt, gesäit een dass d’Schnëttkant net glat mee wei eng See gezackt ass. De Stol besteet aus mikroskopesch klenge Kären, winzeg Mikrokristaller. An méi reng wei dës, kann een eng stole Kléng net schläifen. Genee sou, wéi een aus engem Stéck Zocker kee Raséiermesser maache kann.

Ech verstinn…

Obsidian kann een sech am Verglach wei en haarde Jelli virstellen, an dem et sou Kristaller net gëtt. Obsidianklénge kann een also zu enger immens renger a soumat extrem schaarfer Kléng schläifen. Modern Medeziner hunn se souguer als Skalpell getest. Se konnt sech allerdéngs net duerchsetzen, well Glasspläitere vun den Obsidianklénge relativ liicht ofbriechen.

Dat duerf bei enger Operatioun natierlech net geschéien

Dat ass och de Problem bei der Entwécklung vu schaarfe Messeren: Entweder se sinn aus engem haarde Material a bleiwe laang schaarf. Dofir briechen se awer liicht. Dat kennt ee vu Keramikmesseren. Oder se sinn aus stabillem Material wéi Stol, dofir notzen se méi séier of. Mee d’Fuerscher hunn elo en Auswee aus dëser Sakgaass fonnt.

Wéi dann?

Ma si hu Raten observéiert.

Raten?

Jo, hier Zänn bleiwen nämlech hiert ganz Liewe laang schaarf, an dat obwuel se de ganzen Dag laang alles Méigleches ofknabberen. Se bestinn aus zwee verschidde Materialien: Enger haarder Schicht aus Email an enger méi mëller aus Dentin. An dëse Prinzip hunn d’Fuerscher op Messer iwwerdroen: Se hunn eng Stolkléng just op enger Säit mat enger dënner Keramikschicht iwwerzunn. De Stol notzt séch elo méi séier of wéi déi haart Keramikschicht. Doduerch steet op enger Säit vun der Schneid ëmmer eng hauchdënn a schaarf Keramikkant iwwer. A genee wéi Ratenzänn schläife sech sou Messere vum selwen beim benotzen.

Also Hightec aus der Natur kopéiert?

Jo a sou Saache maachen d’Fuerschung einfach spannend.

 

Auteur: Ingo Knopf/scienceRELATIONS
Editeur: Joseph Rodesch
Traducteur: Sophie Steinmetz
Photo: Pixabay

Auch in dieser Rubrik

Mat engem Seel bis an de Weltall klammen?

13.04.17 D’Iddi klengt fantastesch, mee munch Experten halen et prinzipiell fir méiglech: Mat engem Seel amplaz vun enger Rakéit an de Weltraum kommen. Wéi ee Seel b...> Ganzen Artikel lesen

Wéi vill Fuerschung stécht am Fotoobjektiv?

15.03.17 Fuerscher liwweren sech eng Competitioun em dat klengsten Objektiv vun der Welt. Dat klengste miesst mëttlerweil manner wei ee Millimeter. > Ganzen Artikel lesen

Wéi vill Fuerschung stécht am Brout?

20.02.17 Wisou freeën sech Wëssenschaftler iwwer verbrannte Brout? > Ganzen Artikel lesen

Wéi vill Fuerschung stécht am Béier?

29.09.16 Firwat brauen d’Fuerscher déi klengste Béier vun der Welt? > Ganzen Artikel lesen

Wéi vill Fuerschung stécht am Kopfhörer?

14.07.16 D’Kopfhörer spille jo scho laang net méi nëmme Musek... > Ganzen Artikel lesen

Infobox

Mr Science op RTL Radio

All 2 Wochen présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert engem Objet aus dem Alldag stécht. Des Sendung koum den 2. Februar 2017.

 

Verwandte Themen