© Wikimedia Commons

Haut weess een, dass et weltwäit iwwer 5000 verschidde Reewuerm-Aarte gi muss.

De berühmteste Reewuerm-Fan war de Charles Darwin. De Begrënner vun der Evolutiounstheorie huet se e puer Joerzéngte laang beobacht a souguer hier Exkrément-Kéipercher ganz präzis ofgemoolt.

Wisou huet en dat gemaach?

Dem Darwin seng Virwëtzegkeet gouf duerch säi Monni vum Land ausgeléist. Deen huet him erzielt, dass kleng Steng oder Géigestänn, déi op der Gewan leien, no e puer Joer e puer Zentimeter ënnert der Uewerfläch erëmzefanne sinn. Den Darwin huet gemengt, dass d’Reewierm dofir verantwortlech sinn. Déi transportéieren nämlech Bueden aus dem Äerdbuedem un d’Uewerfläch, andeems se kleng Kackas-Kéip maachen, déi virun allem aus ofgeschlécktem Buedem bestinn. Den Darwin ass dovun ausgaang, dass de Buedem, deen sou eropkomm ass, alles bedeckt wat op der Uewerfläch läit. Fir dat ze iwwerpréiwen huet de berühmten Naturfuerscher ugefaang des Reewuermkéipercher akribesch ze zielen an ofzeweien. 1881 huet en dunn, kuerz viru sengem Doud, d’Resultater aus senger Reewuerm-Fuerschung publizéiert.

An? Louch en mat senger Théorie richteg?

Voll a ganz, an och modern Fuerscher hunn seng Resultater bestätegt: Op engem gesonden Acker gruewe Reewierm iwwer 10 000 Kilometer Gäng a produzéiere Kackas-Kéipercher déi zesummen em 100 Tonne weie kennen. En eenzege Reewuerm kann an engem Joer bis zu 5 Kilogramm un d’Uewerfläch bréngen!

Do kann ee just Staunen! Interesséieren sech d’Fuerscher dann haut och nach fir Reewierm?

Se interesséieren sech souguer ëmmer méi fir se! Zum Darwin sengen Zäiten hunn se nach als Ongeziefer gegold déi d’Wuerzele vun de Planze ewechfriessen. Haut sinn se d’Stare vum Buedem! D’Reewuermfuerscher hunn nämlech erausfonnt, wéi wichteg se fir en fruchtbare Buedem sinn. D’Reewierm friessen nämlech ofgestuerwe Planzendeeler. Dobäi verschlécken se och Buedem an zermuelen alles zesummen an hirem Daarm. Do liewen en ganze Koup speziell Bakterien,  déi Stoffer produzéieren, déi d’Buedemkären an d’hallefverdaute Planzereschter matenee verbannen. Dat ginn da kleng Grimmelen, déi lues a lues wichteg Planzen-Nährstoffer fräisetzen. De Reewuerm ass also eng Aart Bioreaktor, bei dem hanne ganz fruchtbare Buedem erauskënnt.

Wouhier wëssen d’Fuerscher dat?

Se setzen déi ganz Palette u moderne Fuerschungsmethoden op de Reewuerm un. De Buedem gëtt mat Röntgestralen duerchliicht, fir de Gangsystem vun de Wierm ze erfuerschen. De Wuerm a seng Exkrementer kommen ënnert den Elektronenmikroskop an dat Ganzt gëtt dann nach mat enger Gen-Analyse komplettéiert. Haut weess een, dass et weltwäit iwwer 5000 verschidde Reewuerm-Aarte gi muss. An dovu kennt ee réischt d’Halschent.

Et gëtt also nach vill ze di fir d‘Reewuermfuerscher?

E ganze Koup! Dofir bleift Fuerschung jo ëmmer spannend!

Auteur: Ingo Knopf
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Traducteur: Sophie Steinmetz
Photo: Wikimedia Commons

Infobox

Mr Science op RTL Radio

All 2 Wochen présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert engem Objet aus dem Alldag stécht.

Auch in dieser Rubrik

Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR
Den Toun mécht d’Musek Sinn eis Museksinstrumenter falsch gestëmmt?

Huet Musek mat engem Grondtoun vu 432 Hz e speziellen Afloss op Kierper a Geescht?

FNR