Wéi vill Fuerschung stécht am Sekundenkleber?

29.03.16

FNRDiesen Artikel drucken
Wéi d’Substanz erfonnt gouf, war se en Rafall. Se huet un alle Labosobjete gepecht. Réischt Jore méi spéit gouf se rëmendeckt a mat groussem Succès als Sekundenkleber verkaf. Haut gi souguer Wonnen domat versuergt.
Heescht dat, Sekundenkleber kann en Verband ersetzen?

Klengt verréckt, ass awer sou! Déi éischte Kéier gouf dat am Vietnamkrich u blesséierten amerikaneschen Zaldote getest. Dofir goufe Spraydouse mat Koll gefëllt. Sou konnt een en als Verband op d’Wonn sprayen, fir se zesummen ze halen.

An dat huet funktionéiert?

Jo, an deene meeschte Fäll. De Virdeel war, dass een de Koll ganz séier benotzte konnt. Et hat awer och seng Nodeeler: Bei der Pechaktioun kann et immens waarm ginn an am Sekundenkleber si Stoffer dran, déi d’Haut an eist Gewebe irritéieren. Et huet dunn nach bis Enn 1990 gedauert ier d’Fuerscher eng Rezeptur entwéckelt haten, déi e bësse méi douce ass. Haut gëtt de medezinesche Sekundenkleber a munche Fäll während Operatiounen agesat an e gëtt als Sprayverband verkaf. Et soll een awer just Sekundenkleber benotzen deen et an der Apdikt gëtt, net deen aus dem Baumaart.

Kléngt logesch.... Mee wat ass Sekundenkleber eigentlech?

Am flëssegem Zoustand besteet en aus eenzele chemesche Bausteng. Wann en beim peche mat e wéineg Waasser a Kontakt kënnt, reagéieren des Bausteng a forme laang Ketten, déi matenee vernetzt sinn an déi un deene meeschte Surfacë fest pechen. E brauch also Waasser fir ze Pechen, mee e bëssi Loftfiichtegkeet geet schonn déck duer. Dofir pecht en och sou gutt un der Haut, déi ass jo ëmmer e bësse fiicht.

Wat kann ee maachen, wann een sech mat Sekundenkleber un eppes festpecht?

Et soll een sech op kee Fall lassrappen! Meeschtens hëlleft wootlech Seefewaasser oder e bëssen Ueleg. Da ganz virsiichteg zéien a vill Gedold.

An wéini gouf de Sekundenkleber erfonnt?

En amerikanesche Fuerscher huet domat am 2. Weltkrich experimentéiert. D’Substanz ass chemesch mat Acrylglas Famill. En wollt dofir domat duerchsiichtege Plastik fir d’Lënse vun Zielobjektive produzéieren. Dat Geschir huet awer am Labo einfach un allem gepecht, et war en totalen Échec. Réischt en Joerzéngt méi spéit huet sech de Fuerscher rëm un seng Erfannung erënnert an un déi onmoosseg Pechkraaft. D’Flëssegkeet gëtt säitdem mat groussen Erfolleg als Sekundenkleber verkaf!

Sou ass aus engem Échec trotzdem nach eng Erfollegsgeschicht ginn!

D’Wëssenschaft ass ëmmer fir eng Iwwerraschung gutt! Dofir bleift se jo sou spannend!

Auteur: Ingo Knopf

Editeur: Joseph Rodesch (FNR)

Traducteur: Sophie Steinmetz

Photo: Wikimedia Commons

Auch in dieser Rubrik

Wéi vill Fuerschung stécht am „Näischt“?

02.03.17 Geet dat datt iergendwou guer näischt ass, also den ideale Vakuum? > Ganzen Artikel lesen

Wéi vill Fuerschung stécht am Shampoing?

02.01.17 De Mr Science verréit, wat Shampoing mat Ketchup gemeinsam huet a firwat een sech d'Hoer net einfach mat Seef wäsche kann. > Ganzen Artikel lesen

Wéi vill Fuerschung stécht am däischteren Nuetshimmel?

05.05.16 Einfach Fro, iwwerraschend Äntwert: Wisou ass et nuets däischter? > Ganzen Artikel lesen

Wéi vill Fuerschung stécht am Schokela?

08.10.15 Wisou röntge Fuerscher Schokela? > Ganzen Artikel lesen

Wéi vill Fuerschung stécht am Wäin?

24.09.15 Wei gëtt aus Drauwejus Wäin? > Ganzen Artikel lesen

Infobox

Mr Science op RTL Radio

All 2 Wochen présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert engem Objet aus dem Alldag stécht.