myFC PowerTrekk

Et gëtt mëttlerweil kleng Brennstoffzellen, mat deenen een Handyen opluede kann.

Säit iwwer 170 Joer dreemt ee vun hier, lues a lues kennt se an eisen Alldag: D’Brennstoffzell. Se verbrennt Gasen oder aner Brennstoffer ouni Flam a produzéiert dobäi Stroum.

Mee wat ass eigentlech eng Brennstoffzell?

Heibäi handelt et sech em eng speziell Kummer, duerch déi een zum Beispill Waasserstoff leed, an dee mat Sauerstoff aus der Loft reagéiere léisst. Normalerweis explodéiert Waasserstoff a Sauerstoff mat engem haarde Bumms, wann een e Fixspoun an sou e Gemësch hält. An enger Brennstoffzell léisst een dës Reaktioun awer ofgebremst oflafen. Si leeft ouni Flamen of, et schwätzt en vun enger "kaler Verbrennung".

An wat ass sou immens dorun?

Et gewënnt een déi Energie, déi an de chemesche Stoffer stécht direkt als Stroum! Normalerweis geet dat jo just mat engem Ëmwee iwwert d’Verbrennung: An de normale Kraaftwierker gëtt Waasser erhëtzt an den Damp stréimt mat groussem Drock op Turbinnen. Déi dréinen a produzéieren iwwert en Dynamo Stroum. Wéi bei engem Velosdynamo. D’Brennstoffzell spuert sech di ganz Ëmweeër. Et kann een d’Energie, déi am Gas oder am Brennstoff stécht, vill besser ausnotzen, dat ass dat geniaalt un der Brennstoffzell.

Wisou si Brennstoffzellen dann net iwwerall am Asaz?

De Prinzip gouf zwar virun 170 Joer entdeckt, awer réischt an de 50er Joren huet een sech réischt rëm richteg fir d’Brennstoffzell interesséiert an et goufen éischt Prototype gebaut. Zënterhier probéiere Fuerscher di eenzel Baukomponenten ze verbesseren, fir dass sou eng Brennstoffzell och baussent dem Labo eng Zäitchen hält. Ausserdeem muss se natierlech gënschteg sinn, dat waren di läschte Modeller nach net. Se goufe bei Weltraummissiounen agesat, do spille Sue kaum eng Roll…

Jo, anescht wéi bei eis Normalverbraucher. Wéini kenne mir se dann am Alldag benotzen?

Dat geet elo schonn. Et ginn éischt Elektroautoen, déi hire Stroum mat enger Brennstoffzell aus Waasserstoff produzéieren. An d’Fuerscher schaffen drun, d’Brennstoffzell vill méi kleng ze bauen. Et gëtt mëttlerweil Modeller, mat deenen een Handyen opluede kann, och si funktionéiere mat Waasserstoff.

An déi kennen engem net em d’Ouere fléien?

Nee, dofir hunn d’Fuerscher schonn eng Léisung: De Waasserstoff ass an enger chemescher Verbindung gespäichert a gëtt just lues fräigesat. Soss wier dat awer ze geféierlech fir an d’Jackettstäsch.

Auteur: Ingo Knopf
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Traducteur: Sophie Steinmetz
Photo © myFC PowerTrekk

Infobox

Mr Science op RTL Radio

All 2 Wochen présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert engem Objet aus dem Alldag stécht.

 

Auch interessant

Neuheiten in der Wissenschaft Die wichtigsten Forschungsnachrichten aus Luxemburg - September 2022

Die neuesten wissenschaftlichen Erkenntnisse aus Luxemburg in kurzen Abschnitten zusammengefasst.

Overshoot Day 100 % erneierbar Energien zu Lëtzebuerg: Wier dat méiglech? A wa jo, wéi séier?

Momentan ginn zu Lëtzebuerg deenen aktuellen Zuelen no 9 % vum Stroum aus erneierbaren Energië produzéiert. Wier et méig...

FNR
Was ist besser für das Klima? Elektroantrieb vs. Verbrennungsmotor

Elektrofahrzeuge stoßen zwar bei der Fahrt kein CO2 aus, verbrauchen in der Herstellung aber weitaus mehr Energie als ei...

Auch in dieser Rubrik

Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR
Den Toun mécht d’Musek Sinn eis Museksinstrumenter falsch gestëmmt?

Huet Musek mat engem Grondtoun vu 432 Hz e speziellen Afloss op Kierper a Geescht?

FNR