© Shotshop

Honnertprozenteg Sécherheet kann et mat dem haitegem Internet net ginn.

D’Erfanner vum Internet hunn alles drugesat, Computere méiglechst einfach mateneen ze verbannen. Mee genee domat hunn se et och den Online-Gangsteren et einfach gemaach.

Mr. Science, wéini maachen d’Fuerscher den Internet endlech sécher?

Honnertprozenteg Sécherheet kann et mat dem haitegem Internet net ginn. Dat hänkt domat zesummen, wéi den Internet entstanen ass. 1965 hunn Fuerscher déi éischte Kéier versicht zwee Computeren iwwert eng grouss Distanz mateneen ze verbannen, vun der Ostküst bis op d’Westküst vun den USA. Déi zwou Parteien hunn sech kannt, do war Sécherheet keen Thema. Se ware just enorm glécklech, dass d’Verbindung iwwerhaapt geklappt huet!

1965? Ass den Internet net méi jonk?

D‘Entwécklung war eng schrëttweis. Joerzéngte laang gouf se vum amerikanesche Staat finanzéiert. D’Fuerscher wollten d’Groussrechner un de Fuerschungsinstituter vernetzen. Ufank den 1990er Joeren, huet dunn e Physiker zu Genf am europäesche Fuerschungsinstitut CERN de Grondstee fir den Internet, wéi mir et haut kennen, geluecht.

En Liewen ouni Internet kann een sech guer net méi virstellen!

Jo, an haut wier et eng absurd Virstellung, dass een all d’Internetnotzer kennt, wéi an der Ufanksphase. Mee trotzdem kënnen sech Computer am Internet ëmmer nach ganz einfach matenee verbanne loossen. Dofir kënnen sech bei enger Online-Iwwerweisung zum Beispill Gangsteren zwësche mäi Computer an dee vun der Bank schalten a Suen op hire Konto ëmleeden.

Mee dat gëtt dach normalerweis verhënnert?

Dofir gouf eng Aart Carte d‘Identité erfonnt, am Internet heescht dat Zertifikat. De Bankcomputer weist dee mengem Computer. Réischt da gëtt eng verschlësselt Verbindung opgebaut, sou, dass sech kee méi dozwësche schalte kann. D’Verschlësselung funktionéiert mat sougenannte Primzuelen. Dat sinn Zuelen, déi een nëmmen duerch eent oder sech selwer deele kann. Iwwer 2000 Joer laang hunn Mathematiker iwwer si gefuerscht, ouni direkten Notzen. Am Internetzäitalter wiere mer ouni Primzuele verluer. Mee Hacker packen et ëmmer erëm, d’Verschlësselung ze knacken.

Wäert dat dann ni en Enn hunn?

Mat deene Systemer déi mer hautdesdaags hunn net. D’Fuerscher hoffen awer, gläich ganz neiaarteg Computere bauen ze kennen, sougenannte Quantencomputer. Déi funktionéiere mat Phänomener aus der Welt vun den Atomer. D’Grondlagen heifir goufen am Ufank vum 20ten Jorhonnert vu Physiker wéi den Albert Einstein geluecht. Laut den Naturgesetzer déi hautdesdaags bekannt sinn, sollt en mat der Quantentechnik absolut sécher Internetverbindungen opbaue kënnen.

Dann hoffen ech mol, dass dat klappt!

Ech och! Dofir bleift Fuerschung ëmmer spannend!

Déi eischt Website op der Welt:

http://www.w3.org/History/19921103-hypertext/hypertext/WWW/TheProject.html

Auteur: Ingo Knopf
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Traducteur: Sophie Steinmetz
Photo: Shotshop

Infobox

Mr Science op RTL Radio

All 2 Wochen présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert engem Objet aus dem Alldag stécht.

Dës Sendung gouf den 21/04/2016 opgeholl. 

Auch interessant

Cybersecurity Cyberangriff auf Luxemburg: Fragen an Experten

Prof. Marcus Völp der Universität Luxemburg über die Cyberangriffe der vergangenen Woche und der Zukunft.

Computersicherheit Was Mausbewegungen über den Anwender verraten und wie man das verhindern kann

Nicht nur die im Netz angeklickten Inhalte lassen Rückschlüsse auf den Nutzer zu, sondern bereits die Bewegungen der Com...

SnT Partnership Day Bewährte Schnittstelle zwischen Forschung und Anwendung

Das SnT der Uni Luxemburg gehört inzwischen zu den weltweit bedeutendsten Forschungszentren für Software-Entwicklung. Ei...

SnT