De Jules Hoffmann, gebuer zu Iechternach, krut 2011 den Nobelpräiss fir Medezin. Fir wéi eng Entdeckung krut hien dee Präiss?

Hie krut den Nobelpräiss fir d'Entdeckung vum ugebuerenen Imunsystem! Bis dohi war just den adaptativen bekannt.

Hmm, en ugebuerenen Imunsystem. Wat ass dat?

Ma dat ass en Ofwiersystem vum Kierper, deen op alles reagéiert wat en net erëmerkennt. Sou nom System: fir d’éischt draschloen an dann eréischt Froe stellen. Doduerch verhënnert en, dass de Krankheetserreger sech schonn am Kierper verbreet, ier den adaptativen Imunsystem d’Saach iwwerhuele kann.

Ah den adaptativen Immunsystem ass also méi lues?

Jo well dee reagéiert ganz gezielt op bestëmmte Krankheetserreger! Do ass eng zimlech zäitopwänneg Logistik hannendrun: den ugebuerene System detektéieren de Krankheetserreger zwar, mee da muss en och nach identifizéiert ginn. Dann eréischt kann den adaptativen Imunsystem déi richteg Kampfstrategie asetze fir d’Bazillen ze erleedegen.

Mee firwat ass déi Entdeckung sou wichteg?

Ma säitdem mer wësse wéi den ugebuerenen Imunsystem funktionéiert, konnten eng ganz Rei nei Behandelungen a Medikamenter entwéckelt ginn, zum Beispill géint chronesche Krankheeten oder Kriibs.

Wow dat klengt jo wichteg! Dann hat hien awer bestëmmt och schon mam Nobelpräis gerechent!

Et koum bestëmmt net ganz onerwaart, mee e war awer e bëssen iwwerrumpelt ginn! Hie war näämlech a China ënnerwee wéi d’Press sech op e gestierzt huet fir em ze félicitéieren... an hie wousst nach vun näischt!

Wéi een anere Lëtzebuerger krut nach den Nobelpräiss? Firwat sinn d'Gewënner vum Nobelpräiss ëmmer sou al? Wéi gesäit et mat Immunologiesfuerschung zu Lëtzebuerg aus? D'Äntwerten heirobber fannt der an der Infobox.

Text: Corinne Kroemmer

Infobox

Mister Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mister Science op Eldoradio är Froen.
Des Fro gouf den 04/10/11 opgeholl

Scheck och deng Fro op: mister.science_at_fnr.lu

Firwat sinn d’Gewënner vum Nobelpräis ëmmer esou al?

Den Nobelpräis ass eng Auszeechnung fir Fuerschungsaarbechten déi d’Wëssenschaft revolutionéieren an nei Méiglechkeete ginn. Net all Entdeckung, och wann se spektakulär ass, erfëllt des Konditiounen. Eréischt wann nei Dieren opginn an nei Piste kënnen exploréiert ginn, bewährt e Fuerschungsresultat sech! An dëse Prozess brauch Zäit! D’Entdeckung vum ugebuerenen Imunsystem 1996 war nëmmen den Ufank, et huet weider 10 Joer gedauert fir de System genee ze beschreiwen an der Pharmaindustrie nei Méiglechkeeten ze ginn.

Dobäi kennt och nach dass den Nobelpräis ëmmer un de Chef vum Labo geet, an net un d’Doktoranden oder Fuerscher déi mat der Pipette am Labo stinn. Et ass de Chef deen d’Fuerschungsrichtung ugëtt an d’Aarbechten am Labo koordinéiert. A Chef gëtt een nun emol net vun haut op muer. Dofir brauch een eng Portioun Erfahrung.

De Jules Hoffmann ass deen zweete „Lëtzebuerger“ deen den Nobelpräis gewënnt!

Schonn 1908 huet de Gabriel Lippmann, gebiertege Lëtzebuerger, den Nobelpräis an der Physik gewonn. Hien huet eng Method entwéckelt fir faarweg Fotoen ze man, déi op d’Interferenze vun der Luucht baséiert ass. Mir hunn also iwwer 100 Joer op eisen zweeten Nobelpräis gewaart, och wann de Jules Hoffmann technesch gesi säit 1970 d’franséisch Nationalitéit huet. Seng Wuerzele sinn a bleiwen awer zu Lëtzebuerg wou hien och am Institut Grand Ducal d’lëtzebuerger Efforten an der Fuerschung an Innovatioun ënnerstëtzt.

Fuerschung iwwert d’Grenzen eraus

De Jules Hoffmann huet seng Fuerschungsaarbechten zu Stroosbuerg am „Institut de Biologie moléculaire et cellulaire“ gemaach. Schonn 1964 hat hien an dësem Institut e Labo gegrënnt dee sech op den Imunsystem a seng Entwécklung bei den Insekte konzentréiert huet.

Fuerschung zu Lëtzebuerg

Och zu Lëtzebuerg gëtt d’Fuerschung iwwert den Imunsystem grouss geschriwwen. De CRP-Santé an de Laboratoire National de Santé hun sech 1992 zesumme gedoe fir en Immunologieslabo ze grënnen.

Iwweregens: de Gabriel Lippmann huet engem lëtzebuerger Fuerschungsinstitut säin Numm ginn: dem CRP Lippmann. Wee weess, vläit hu mer an e puer Joer och e CRP Hoffmann? 

Auch interessant

Porträt „Eine Errungenschaft für Luxemburg und unsere Forschungsgruppe“

Wissenschaftler des Luxembourg Institute of Health (LIH) wurden mit einem Prix Galien für ihren herausragenden Beitrag z...

LIH
Highly Cited Researchers Immer wieder gerne zitiert: Die multidisziplinäre Arbeit von Stéphane Bordas

Es gibt Wissenschaftler, auf deren Arbeiten in Publikationen besonders häufig Bezug genommen wird. Uni-Professor Stéphan...

Medizin Hypnose in einem medizinischen Umfeld, wofür und wie wirksam ist sie?

Die Hypnose wird immer häufiger eingesetzt, um beispielsweise Schmerzen zu lindern. Die Öffentlichkeit ist jedoch geteil...

FNR