Wat ass méi klimafrëndlech – Grille mat Kuel oder grille mat Gas?

14.09.16

FNRDiesen Artikel drucken

Mr Science, haut den Owend gëtt gegrillt. Natierlech mat Kuel, well dat schmaacht mir einfach am beschten. Mee do ginn et der jo och déi, déi op Gas schwieren an des läscht hunn ech en Argument héiere wéi wann de Gasgrill méi klimafrëndlech wier... Stëmmt dat?

De Goût, dee vun engem Holzkuelgrill ausgeet, ass fir vill Leit net ze toppen. Mee dat wats de héieren hues ass richteg. Wann s du deng Kotlett bis perfekt gegrillt hues, ass mat Kuel ronn dräi mol sou vill klimaschiedlechen Kuelendioxid (CO2) an d´Atmosphär komm wei mat Gas. 

Wisou dat dann?

Ma dat fänkt schonn an der Produktioun un. Holzkuel gëtt meeschtens am industrielle Moossstaf produzéiert, an dobäi gëtt d´Holz, fir dass et verkuelt, mat anere Brennstoffer erhëtzt. Dobäi gëtt schonn vill CO2 an d´Atmosphär fräigesat – niewent anere Schuedstoffer. Oft gëtt fir d’Produktioun och Holz aus Länner benotzt, déi keng nohalteg Forstwirtschaft bedreiwen. Do gi riseg Flächen ofgeholzt an näischt amplaz geplanzt.

Jo mee Flësseggas ass jo och net einfach sou do.

Richteg, et ass e Nieweproduit bei der Raffinatioun vun Ueleg oder e kënnt aus der Aerdgasförderung. Wëssenschaftler hunn all d´Schrëtter vum Prozess ënnert d´Lupp geholl – vum der Matière Premiere, iwwert den Transport bis bei d´Erhëtze vum Grill. D'Resultat war: Gas ass méi klimafrëndlech.

Oh neeeee! Wat kann ech da maachen, wann ech trotzdem net op den Holzaroma verzichte well?

Den Ökobilan ass net grad sou fatal, wann s de Holzkuel aus nohalteg ugebautem Holz hëls. Dat erkenns de um FSC-Stempel. Wann s de dann och nach drop oppass, dass de net onnéideg vill Holzkuel verbrenns, ass et nach bësse besser. Mee op den Ökobilan vum Gas kenns de och dann net erun.

Auteur: scienceRelations
Editeur: Joseph Rodesch
Iwwersetzer: Sophie Steinmetz
Photo: Pixabay

 

Auch in dieser Rubrik

Firwat ass Vullendreck wäiss?

07.07.17 De Mr. Science verréit eis intim Geheimnisser vun de Vigel. > Ganzen Artikel lesen

Weem ass et am Summer méi waarm: dem Décken oder dem Dënnen?

21.06.17 Leit déi iwwergewiichteg si, beschwéieren sech am Summer oft méi iwwer d’Hëtzt wéi Leit déi méi schlank sinn. Gëtt et dofir eng wëssenschaftlech Erklärung? > Ganzen Artikel lesen

Psychologie: Firwat bäisse verschidde Leit hier Neel, wann se gestresst sinn?

22.05.17 Vill Kanner, Jugendlecher an och nach munch Erwuessener hunn dese lästegen Tick. Ass dee schlëmm? A wéi kann een ophalen? > Ganzen Artikel lesen

Wat mécht datt ee krauseleg oder riicht Hoer huet?

10.05.17 Wat bestëmmt d’Form vun eisen Hoer? Genetesch oder biologesch Facteuren, oder physico-chemesch Proprietéiten vum Hoer selwer? > Ganzen Artikel lesen

Kann een de Sandkuch an der Sandkëscht pobéieren?

12.04.17 Kleng Kanner spille gären an der Sandkëscht. Heiansdo stiechen se sech dobäi och e bësse Sand an de Mond oder iessen en souguer. Kennen se dovu krank ginn? > Ganzen Artikel lesen

Infobox

Mr Science op Eldo Radio

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science eng Fro op Eldoradio.

Dës Emissioun gouf den 14. September 2016 diffuséiert.