"Wat ass Wourecht?" Firwat mer wëssenschaftleche Fakten weiderhi Vertraue schenken kënnen

23.01.17

FNRDiesen Artikel drucken

An Zäite vu Post-Wourecht schénge wëssenschaftlech Fakten net méi vill ze zielen an Theme ginn oft nach just wei Glawensfroen behandelt. De Marc Schiltz erkläert firwat mer wëssenschaftleche Fakten weiderhi Vertraue schenken kënnen.

"Wat ass Wourecht?" huet scho virun 2000 Joer de Pontius Pilatus gefrot.

Am Kontext vum Brexit an der Wahl vum Donald Trump gëtt villfach vun enger Zäit vu "post-Wourecht" geschwat. Dee Begrëff ass zum Wuert vum Joer am Oxford Dictionnaire gekürt ginn. Post-Wourecht oder post-faktesch dat ass eng Astellung wou Fakten an etabléiert Kenntnisser einfach op d’Säit gedréckt ginn.

Wëssenschaftleche Prozess: Weltwäit hannerfroe sech Wëssenschaftler, iwwerpréifen ob Resultater reproduzéierbar sinn, wéi eng Resultater stéchhalteg sinn...fir der Wourecht sou no wéi méiglech ze kommen

Beispill Klimawandel: d’Klimafuerscher weltwäit hunn iwwer déi leschte Joren eng Onmass un Donnée gesammelt an analyséiert. Si hunn hir Analyse mat anere verglach, géigesäiteg kritesch hannerfrot, een huet deem anere seng Analyse versicht ze reproduzéieren.

D’Konklusioune si mëttlerweil eendeiteg: de Klimawandel ass eng Realitéit, an en ass och mat vum Mënsch verursaacht. Méi wéi 97% vun de Klimafuerscher weltwäit stëmmen dëser Konklusioun zou.

Weem schenkt ee méi Vertrauen? Engem op Fakte baséierende Prozess, deen sech ëmmer selwer hannerfreet, oder séngem Glawen?

An dach hu mer elo ee President vun der mächtegster Natioun op der Welt, deen dat einfach niéiert. Et gëtt gemaach wéi wann et just eng Glawensfro wier: Klimawandel, entweder et gleeft en drun oder net. A wann een net dru gleeft, dann huet et och keng Realitéit.

An da kommen nach déi üblech Strategen, fir sech selwer an anerer ze iwwerzeegen: Donnéeën an Analyse gi selektiv gekuckt; Pseudo-Experte ginn aus dem Hutt gezaubert, an alles dat wat engem seng Iwwerzeegung net géif konforméiere gëtt denigréiert.

Mir mussen awer net onbedéngt esou radikal Beispiller ewéi de Klimawandel an den Donald Trump uféieren.

Fuerschungsresultater, déi ëmmer erëm iwwerpréift ginn

Hei bei ons, féiere mer am Moment erëm eng Diskussioun iwwert eent vun onse Liiblingsthemen: d’Plaz vun der Lëtzebuerger Sprooch an der Gesellschaft. Mee och heizou gëtt et mëttlerweil zimlech detailléiert an komplett Donnéeën, déi ënnert anerem vum STATEC erhuewe ginn. An d’Sproochfuerscher op der Uni Lëtzebuerg hunn déi Donnéeë méi genau analyséiert a kommen zu engem méi nuancéierte Resultat, dass Lëtzebuergesch eng ganz vital Sproch ass.

Ëmmer méi Leit léiere Lëtzebuergesch als zweet Sprooch. Et kann also kaum Ried dervu sinn, dass ons Mammesprooch riskéiert, ënnerzegoen.

D’Fuerschung berout grondsätzlech op Fakten, op bewise Resultater. Si entwéckelt sech weider, well ee Fuerscher sech, natierlech mat engem kritesche Bléck, op Resultater vun anere Fuerscher baséiere kann. Des Fuerschungsresultater, déi ëmmer erëm iwwerpréift ginn an iwwert eng länger Zäitspan erreecht goufen, kënnen dozou bäidroen, iwwert d’Fuerschung eraus gesellschaftspolitesch Entscheedungen ze motivéieren an ze ënnermaueren.

Auteur: FNR
Photo: FNR

Auch in dieser Rubrik

Warum können Wassertropfen durch eine Seifenblase hindurchfallen?

03.09.17 Selbst wenn man sie vorsichtig anfasst, zerplatzen Seifenblasen sofort.> Ganzen Artikel lesen

Découverte sur la double hélice : la réplication de l’ADN, un processus sans coordination

31.08.17 Filmée pour la première fois, la réplication de l’ADN bouscule nos savoirs. Que se passe-t-il ? En quoi cela change-t-il notre regard sur la réplication ? > Ganzen Artikel lesen

Revolutioun an der Biologie: CRISPR/Cas9 – e molekular Handwierksgeschir fir genetesch Verännerung

04.08.17 Séier a präzis Ierfmaterial verännere – mat der CRISPR/Cas9 „Genschéier“ ass dat méiglech. > Ganzen Artikel lesen

Quelles nouveautés en Science au mois de juillet ? : Les dernières actualités dans le monde

03.08.17 Quelles sont les dernières avancées scientifiques mondiales ? L’équipe de science.lu vous propose un tour d’horizon (non exhaustif) sur sa sélection du mois...> Ganzen Artikel lesen

“Wissenschaft für Alle!” : Wer sind die Gewinner ? Was sind ihre Themen ?

19.07.17 Vom 1. Juni bis 3. Juli 2017 hat science.lu die erste Ausgabe seines Wissenschaftsjournalismus-Wettbewerbs organisiert. Heute stellt die Jury die Gewinner u...> Ganzen Artikel lesen

Infobox

Carte Blanche

Dësen Artikel ass eng Carte Blanche vum Marc Schiltz, Secrétaire général vum Fonds National de la Recherche (FNR), déi de 16. Januar 2017 op RTL Radio Lëtzebuerg gesend gouf. 


Verwandte Themen