Wisou verschimmelt Gebeess, Schockelasbotter awer net ?

23.11.16

FNRDiesen Artikel drucken
Du frees dech beim Kaffi op däi Liiblings-Gebeess, gesäis awer nom Deckel erofschrauwen, dass iwwerall eeklege Schimmel ass. Bei Schockelasbotter geschitt dat ni. Mr Science, wouru läit dat?

Ganz einfach: Schimmel brauch Waasser, fir sech ze reproduzéieren. An am Gebeess gëtt et dofir genuch Waasser, an am Schockelasbotter net.

De Waasserundeel ass also entscheedend?

Jo, mee oft ka Schimmel d’Waasser an de Liewensmëttel guer net notzen. Ech gi mol en Beispill: Gedréchent Uebst huet en Waasserundeel vun em déi 20%. Nëss hunn nëmmen hallef esou vill. Trotzdem kennen se verschimmelen, gedréchent Uebst awer net. Beim gedréchentem Uebst hält nämlech de Fruuchtzocker d’Waasser chemesch fest, et steet net zur fräier Verfügung. Bei Nëss ass dogéint bal all Waasser fräi an ongebonnen an sou fir de Schimmelpilz notzbar. En kann sech super reproduzéieren.

Ok. An wei ass et elo bei Gebeess a Schockelasbotter?

Am Gebeess ass niewent Zocker virun allem vill Waasser. Den Zocker am Gebeess bënnt awer nëmmen en Deel vum Waasser, et bleift also nach vill fir de Schimmel iwwereg an dee kann sech ausbreeden. Am Schockelasbotter ass sou gutt wei kee Waasser. Niewent vill Zocker, besteet hie virun allem aus Fett, Mëllechpolver, Kakaopolver a gemuelen Hieselnëss. An dat wéinegt Waasser gëtt bal komplett vum Zocker gebonnen. Dem Schimmelpilz bleift ze wéineg fräit Waasser iwwereg. Dofir ka Schockelasbotter net verschimmelen.

Awer heiansdo gesäit een awer en wäisse Belag!

Dat ass awer kee Schimmel, mee nëmme Fett, dat sech un der Surface als kleng wäiss Kriställercher oofgesonnert huet. Dat kann een ouni Suerg iessen.

Auteur: scienceRelations
Editeur: Joseph Rodesch
Iwwersetzer: Sophie Steinmetz
Foto: Depositphotos

Auch in dieser Rubrik

Weem ass et am Summer méi waarm: dem Décken oder dem Dënnen?

21.06.17 Leit déi iwwergewiichteg si, beschwéieren sech am Summer oft méi iwwer d’Hëtzt wéi Leit déi méi schlank sinn. Gëtt et dofir eng wëssenschaftlech Erklärung? > Ganzen Artikel lesen

Psychologie: Firwat bäisse verschidde Leit hier Neel, wann se gestresst sinn?

22.05.17 Vill Kanner, Jugendlecher an och nach munch Erwuessener hunn dese lästegen Tick. Ass dee schlëmm? A wéi kann een ophalen? > Ganzen Artikel lesen

Wat mécht datt ee krauseleg oder riicht Hoer huet?

10.05.17 Wat bestëmmt d’Form vun eisen Hoer? Genetesch oder biologesch Facteuren, oder physico-chemesch Proprietéiten vum Hoer selwer? > Ganzen Artikel lesen

Kann een de Sandkuch an der Sandkëscht pobéieren?

12.04.17 Kleng Kanner spille gären an der Sandkëscht. Heiansdo stiechen se sech dobäi och e bësse Sand an de Mond oder iessen en souguer. Kennen se dovu krank ginn? > Ganzen Artikel lesen

Wisou wuesse Beem net ëmmer an ëmmer weider?

30.03.17 Munch Beem kënne méi wéi 100 Meter grouss ginn. Dat ass riseg - mee wisou wuessen se net nach méi an d’Luucht? > Ganzen Artikel lesen

Infobox

Mr Science op Eldo Radio

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldo Radio eng Fro. Des Sendung ass vum 23.11.2016


Verwandte Themen