Wisou wuesse Beem net ëmmer an ëmmer weider?

30.03.17

FNRDiesen Artikel drucken
Mr Science, Mammutbeem zielen zu de gréisste Beem. Se reechen deelweis bis wäit iwwer 100 Meter an den Himmel. Trotzdem halen se iergendwann op mat wuessen. Wisou eigentlech?

Eng eendeiteg Äntwert dorop gëtt et leider nach net. Beem brauche Luucht fir ze Wuessen a strecken sech dofir der Sonn entgéint. D’Blieder oder d’Neel un der Bamspëtzt brauchen awer natierlech och Waasser. E puer Fuerscher mengen, dass d’Beem virun allem Waasser net onendlech wäit no uewen transportéiere kënnen. Dofir, mengen si, wuesse Beem net onbegrenzt an d’Luucht.

Wei funktionéiert dann dëse Waassertransport?

D’Beem huele Waasser mat hire Wuerzelen op. Dat muss da géint d’Schwéierkraaft an d’Kroun transportéiert ginn. Dat gëtt vun der Verdämpung ugedriwwen: Blieder an Nolen hu winzeg Lächer un der Surface, d’Stomata. Ginn si opgemaach, evaporéiert Waasser -  et entsteet en Zoch, deen d’Waasser vun ënnen no uewen transportéiert.

An dat funktionéiert a grousser Héicht net méi?

Dovu ginn zumindest e puer Fuerscher aus. Virun e puer Joer hu Wëssenschaftler aus den USA Küstenmammutbeem ënnersicht. Se hunn eraus fonnt, dass d’Blieder oder Neel ab enger gewësser Héicht net méi genuch mat Waasser versuergt ginn. Se gi méi kleng. Doduerch liwweren se manner Nährstoffer un de Bam. Kuerz gesot: d’Käschte fir de Wuesstem si méi héich wei den Notzen.

Ab wei enger Héicht geschitt dat dann?

D’US-Fuerscher hunn fir Küstenmammutbeem eng Héicht vun 122  bis 130 Meter errechent. Tropenbeem schengen just 90 Meter héich ze ginn. Wisou dat sou ass, ass net bekannt.

Auteur: scienceRelations
Editeur: Joseph Rodesch

Iwwersetzer: Sophie Steinmetz
Foto: Pixabay

Auch in dieser Rubrik

Wisou leeft engem d’Waasser am Mond zesummen, wann een eppes Leckeres gesäit?

21.11.17 D’Aen iesse mat, heescht et: Schonns beim Ubléck vun appetitlechem Iesse leeft eis d’Waasser am Mond zesummen. De Mr. Science erkläert, wouzou dat gutt ass. > Ganzen Artikel lesen

Firwat ass Vullendreck wäiss?

07.07.17 De Mr. Science verréit eis intim Geheimnisser vun de Vigel. > Ganzen Artikel lesen

Weem ass et am Summer méi waarm: dem Décken oder dem Dënnen?

21.06.17 Leit déi iwwergewiichteg si, beschwéieren sech am Summer oft méi iwwer d’Hëtzt wéi Leit déi méi schlank sinn. Gëtt et dofir eng wëssenschaftlech Erklärung? > Ganzen Artikel lesen

Psychologie: Firwat bäisse verschidde Leit hier Neel, wann se gestresst sinn?

22.05.17 Vill Kanner, Jugendlecher an och nach munch Erwuessener hunn dese lästegen Tick. Ass dee schlëmm? A wéi kann een ophalen? > Ganzen Artikel lesen

Wat mécht datt ee krauseleg oder riicht Hoer huet?

10.05.17 Wat bestëmmt d’Form vun eisen Hoer? Genetesch oder biologesch Facteuren, oder physico-chemesch Proprietéiten vum Hoer selwer? > Ganzen Artikel lesen

Infobox

Mr Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldoradio eng Fro. 


Verwandte Themen