© Depositphotos

Lëtzebuerger Patienten kënnen e Medikament kréien, dat d’Wierkstoffer vun der Cannabisplanz enthällt

Cannabis kritt ee mëttlerweil an der Apdikt ze kafen, bei eisen Noperen an Holland an an Däitschland. Do kann ee Cannabis-Bléien als Medikament kafen. Bei eis ass dat verbueden. Ma mat enger Sondergenehmegung kënne lëtzebuerger Patienten e Medikament kréien, dat d’Wierkstoffer vun der Cannabisplanz enthällt. Dat gëtt et awer just am Spidol, net an der Apdikt.

Ma wéi Eldoradio haut mellt, kann een zanter kuerzem och zu Lëtzebuerg an engem Head-Shop an der Stad legal Cannabis kafen – Cannabis mat reduzéiertem psychoaktiven Effekt. Et ass den THC, den Tetrahydrocannabinol, deen zoustänneg ass fir de psychoaktiven Effekt op de mënschleche Kierper. Wann deen ënnert 0,3% läit, gëllt dat zu Lëtzebuerg net als Drog. Dee legale Cannabis vun deem hei riets ass, huet e Wäert vun 0,2%.

Cannabis soll also als Medikament wierken? Géint wat wierkt Cannabis dann?

Cannabis-Medikamenter kënnen d’Symptomer vu ville Krankheeten oofschwächen. Sie ginn z.B. verschriwwe géint Péng bei Krankheete mat chronesche Schmäerzen wéi z.B. Multipler Sklerose, Rheuma oder Kriibs. Sie hëllefen awer och géint Krämp, Iwwelzechkeet a géint Katzen, wat heefeg Niewewierkunge bei enger Chemotherapie sinn.  D’Fuerscher entdecken ëmmer méi Uwendungsméiglechkeeten. 

Wéi kënnt et, dass Cannabis lo beemol als Medikament agesat gëtt?

Ma am Fong goufen Hanfextrakter schonns Enn dem 19. Jorhonnert medezinesch agesat. Dunn awer gouf Hanf beemol am 20. Jorhonnert als Rauschmëttel verbueden. D’Grënn dofir ginn nach haut kontrovers diskutéiert. Réit vru 25 Joer hu sech du Fuerscher nees fir déi medezinesch Proprietéiten vum Cannabis interesséiert.

D’Hanfplanz enthällt iwwer 400 Inhaltsstoffer. Déi wichtegst dovunner sinn d’Cannabinoiden. Sie docken u speziell Rezeptoren an eisem Nervesystem un. D’Fuerscher hunn awer och entdeckt, dass eise Kierper Stoffer produzéiert, déi de Cannabis-Wierkstoffer ähnelen. Dat wor eng Sensatioun. Zanterhier explodéiert dee Fuerschungsdomaine quasi, wëll festgestallt gouf, dass de Cannabis-Nervesystem (wann een dat sou soe kann) ganz vill Viergäng am Kierper beaflosst.

A sou entsteet och déi berauschend Wierkung vum Cannabis?

Genee. D’Fuerscher hunn entdeckt, dass vrun allem den THC dofir verantwortlech ass. Beim illegal verkafte Cannabis hunn d’Fuerscher iwwregens rausfonnt, dass säin THC-Gehalt an de leschte Jore geklommen ass. An dat ass bedenklech. Wëll wann ee vill Cannabis iwwert e laangen Zäitraum consomméiert, kann dese Wierkstoff psychesch Krankheeten ausléisen. Besonnesch empfindlech heifir si Jugendlecher.

Fir déi medezinesch Uwendungen ziichten déi legal Cannabis-Ziichter Planzen, déi manner THC, dofir awer méi Cannabidiol enthalen. Dest ass e Wierkstoff, dee fir déi medezinesch Uwendung wichteg ass, deen awer anescht wéi den THC net berauschend wierkt. Doniewt ginn et awer nach vill wieder Wierkstoffer aus dem Cannabis, iwwer déi gefuerscht gëtt.

Auteur: Ingo Knopf
Editeur: Jean-Paul Bertemes (FNR)
Traducteur: Jean-Paul Bertemes (FNR)

Foto © Depositphotos
 

Aussi intéréssant

VÉRIFICATION DES FAITS : LA CHLOROQUINE ET LE COVID-19 La chloroquine, un médicament pour traiter le paludisme, est-elle efficace contre le nouveau coronavirus ?

L'antipaludéen est-il réellement la panacée pour vaincre le nouveau coronavirus SARS-CoV-2 comme le laisse entendre Dona...

FNR
Le TechDay 2019 du LIST Plateforme pour les technologies du futur et pour les entreprises de demain

Voir, mais aussi ressentir des choses à l’écran. Venez découvrir comment cela fonctionne au TechDay du LIST. Les cherche...

Solution à un problème pharmaceutique Quand les médicaments perdent leur effet : une nouvelle méthode réduit les risques

Même des changements mineurs dans la production peuvent affecter l'efficacité des comprimés. Une nouvelle méthode permet...

Aussi dans cette rubrique

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR