Firwat kréie verschidde Leit donkel Reefer ënnert d’Aen?

05.10.17

FNRImprimer cet article
Mr Science, wann ech emol sou richteg schlecht geschlof hunn, gesinn ech den Dag drop aus wéi en Zombie: däischter donkel Aenreefer verschampeléiere da mäi Gesicht... Ma wou kommen dës hir?

Dat wat's de heiansdo Moies am Spigel gesäis si ganz reng Oderen un den Aen. Déi sinn de Grond fir dës Fierwung. D’Odere versuergen déng Aen, an och aner Organer mat Sauerstoff a mat Nährstoffer. A well d’Haut ënnert den Ae besonnesch zaart ass, an de Fetttissu ënnert der Haut besonnesch dënn, gesäit een do heiansdo d’Blutt duerchschéngen. An dat mécht d’Aanreefer.

Jo mee wat huet dat mat mengem Schlofmangel ze dinn?

Wa manner Sauerstoff am Blutt ass, ass d’Blutt méi donkel, an da sinn dës Bluttgefäässer besser siichtbar. Dat kënnt fir, wann een emol schlecht geschlof huet an sech déi ganz Nuecht hin an hier gewänzelt, an onroueg geootmend huet. D’Aenreefer entstinn awer och no iwwerméissegem Alkoholkonsum, no ze vill Zigarette bei Flëssegkeetsmanktem oder bei allergesche Reaktiounen.

Wat kann ech dann dogéint maachen?

Wann dat bei dir seele passéiert da geet et duer sech den nächsten Owend fréi an d’Bett ze leeën an auszeschlofen. Wann et méi heefeg ass, soll een seng Gewunnechten hannerfroen: hun ech genuch a reegelméissege Schlof, drénken ech genuch Waasser oder Téi, soll ech net mat fëmmen ophalen...?  A wann dat net hëlleft soll een den Dokter ëm Rot froen. Aenreefer kënnen och eng Indikatioun op Krankheeten oder eng Mangelernährung sinn.

An da ginn ët Mënschen déi ëmmer donkel Aenreefer hunn: bei deenen hunn sech an der Haut donkel Faarfpigmenter agelagert. An do hëlleft nëmmen: houfreg drop sinn oder iwwerpinselen.

Auteur: scienceRELATIONS

Iwwersetzer an Editeur: Joseph Rodesch

 

Egalement dans cette rubrique

Ginn et Déieren, déi net schlofe mussen?

26.03.18 Mr Science, dëse Weekend war ech esou groggi – ech hu bal nëmme geschlof. Iergendwéi ass dat jo och Zäitverschwendung.> Lire l'article complet

Gefillten Temperaturen: Wisou et dobaussen heiansdo méi kal schéngt, wéi et ass

28.02.18 D'Wiederprevisiounë ginn net nëmmen déi Temperaturen un, déi den Thermometer den Dag drop moosse wäert, mee dacks och déi gefillten Temperatur. Wat ass dat? > Lire l'article complet

Zerstéiert Alkohol wierklech Gehirzellen?

12.02.18 E puer iwwert den Duuscht gedronk, an den Dag drop kaum nach Erënnerungen...heescht dat, datt vill Gehierzelle futti gaang sinn? > Lire l'article complet

Kënnen och Mënschen e Wanterschlof halen?

01.02.18 Kéisécker maachen et, Fliedermais och a Siweschléifer souwisou: Et gëtt vill Mamendéieren, déi e Wanterschlof halen. Wisou net och mir Mënschen? > Lire l'article complet

Wisou leeft engem d’Waasser am Mond zesummen, wann een eppes Leckeres gesäit?

21.11.17 D’Aen iesse mat, heescht et: Schonns beim Ubléck vun appetitlechem Iesse leeft eis d’Waasser am Mond zesummen. Firwat? > Lire l'article complet

Infobox

Mr Science op Eldo Radio

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldo Radio eng Fro. Des Emissioun ass vum 27. September 2017. 

 

 


Sur le même sujet