D’Universitéit Lëtzebuerg offréiert och dëst Joer erëm zwou Formatiounen am Beräich vun der Lëtzebuerger Sprooch  a Kultur. D‘Formation continue Lëtzebuerger Sprooch a Kultur riicht sech u jiddereen, deen interesséiert ass, am Beräich vun der Erwuessenebildung déi lëtzebuergesch Sprooch a Kultur ze enséignéieren a genee esou u Leit, déi schonns als Lëtzebuergeschenseignant schaffen an hiert Wëssen ofsécheren an erweidere wëllen.

Viraussetzung fir sech an dëser Formatioun anzeschreiwen sinn e Premièresdiplom a mammesproochlech Kompetenzen am Lëtzebuergeschen. Kandidature fir dat nächst Studiejoer gi bis den 10. September ugeholl. D’Coursë sinn all Freideg vun 8h15u bis an de fréien Nomëtteg um Walfer Campus vun der Uni. D’Sprooch vun de Coursen ass Lëtzebuergesch.

Lëtzebuerger Studien op der Uni Lëtzebuerg

Zënter e puer Joer bitt d’Universitéit Lëtzebuerg de Master en langues, cultures et médias – Lëtzebuerger Studien un. Dës Formatioun bilt Experten aus, déi net op eng Disziplin fixéiert bleiwe wëllen, an interdisziplinäert Wëssen a Kompetenzen an de Gebidder vun der Lëtzebuerger Sprooch, der Literatur, der Kultur an de Medie sech uneegne  wëllen an dës och an der Beruffswelt uwenne kënnen. Während dem Studium kënnt Dir praktesch Erfahrunge sammelen, Pionéieraarbecht an der Recherche maachen a mathëllefen, eng nei Disziplin op- an auszebauen.

Viraussetzunge sinn e Bachelorofschloss an der Philologie (franséisch, däitsch oder englesch, o.ä.), an der Konscht, de Mediewëssenschaften, der Geschicht oder anere Kulturwëssenschaften, souwéi Sproochekenntnisser am Lëtzebuergeschen, Däitschen a Franséischen (e gudden Deel vun de Coursë gëtt op Lëtzebuergesch gehalen).

Online-Aschreiwunge si méiglech bis den 1. September 2014.

Weider Informatioune um Internet op http://laf.uni.lu (Formation continue Lëtzebuerger Sprooch a Kultur) an op http://malux.uni.lu (Master en langues, cultures et médias – Lëtzebuerger Studien) oder per Mail:  melanie.wagner@uni.lu
 

Infobox

Online-Aschreiwunge

Online-Aschreiwunge si méiglech bis den 1. September 2014.

Weider Informatioune um Internet op http://laf.uni.lu (Formation continue Lëtzebuerger Sprooch a Kultur) an op http://malux.uni.lu (Master en langues, cultures et médias – Lëtzebuerger Studien) oder per Mail:  melanie.wagner@uni.lu

Aussi intéréssant

Sciences et langues Lët'z talk about Science : quel est le lien avec les langues ?

L'enseignement des sciences peut servir de catalyseur pour l’apprentissage des langues dans l’enseignement fondamental, ...

Researchers at School 2024 Researchers go back to school!

Register your class now! During the week from Monday 17 to Friday 21 March 2025, researchers working in Luxembourg will ...

FNR
Éducation au développement durable Comment aborder les sujets liés à la durabilité dans l’enseignement fondamental ?

Le projet Way2ESD du SciTeach Center aide les enseignants dans la conception et l'intégration d'approches pédagogiques i...

Aussi dans cette rubrique

Take Off Challenge to do yourself Challenge: Can you avoid a crash between two trains?

Things get dangerous in the 10th episode of the Take Off Science Challenge show! The contestants have to build a railway line bypass to prevent two trains from colliding.

FNR
Concours Deuxième édition du concours Astronaute d’un jour !

Appel aux jeunes: tentez votre chance d'effectuer un vol en zéro gravité et de devenir un ambassadeur du spatial au Luxembourg.

Aperçu des évènements Événements au Luxembourg liés à la science - mars 2025

Que se passe-t-il au cours de ce mois ? Voici nos points forts du calendrier des événements de science.lu.