Liichtspektakel mat fléienden Dronen.

(c) Wikimedia Commons, Preetam.choudhury

Sou LED-Lightshowe gi säit e puer Joer organiséiert.

Eent ass sécher, do sinn och vill Baudeeler aus China mat bedeelegt. D’Freedefeier vun der Zukunft ass eng Aart Liichtspektakel mat honnerte vu fléienden Dronen, un deene staark LED-Liichtdiode drun hänken. Den Challenge heibäi ass et, déi vill Drone gläichzäiteg ze steieren. Dat muss am Virfeld mat vill Opwand programméiert ginn. Wann d’Dronen dann an der Loft sinn, kënne si hiert LED-Liicht a verschiddene Faarwe liichte loossen a komplizéiert Muster a Biller maachen. Sou LED-Lightshowe gi säit e puer Joer organiséiert. Den aktuelle Rekord läit bei 1374 Dronen, déi gläichzäiteg an der Loft waren.

Dat ass jo enorm!

Dat sees de gutt. Dëse Rekord gouf bei der Prouf fir d’Virbereedung vun der 1.Mee-Feier dëst Joer a China gebrach. Wéi et dunn eescht ginn ass, si vill Dronen ausgefall, wahrscheinlech wéinst Funkpannen duerch d’Handye vun de Spectateuren.

Sou LED-Drone-Showe kléngen impressionnant, mee hu si och den Zauber vum klassesche Freedefeier?

Tjo. Beim normalem Freedefeier gi mir natierlech an d’Zäit vu Prënzen a Kinneke versat, déi dobäi hier Räichtemer an den Himmel geballert hunn. Et muss awer jidderee fir sech entscheeden, wat ee méi schéi fënnt. Ech fannen déi zwee impressionnant. Drone- show mecht allerdéngs kee Kaméidi a kee Feinstëbs. Dat sinn also also 2 wichteg Virdeeler fir d’Déieren an d’Ëmwelt.

Ajo dat ass jo ëmmer eng kontrovers Diskussioun. Mee ech froe mech ëmmer, wéi Freedefeier-Kierper sou explodéiere kënnen, dass Häerzer oder Smileyen an den Himmel gezeechent ginn?

Dat ass vum Prinzip hier zimlech einfach. D’Freedefeier-Rakéit huet eng Dreifluedung, déi si als éischt emol erop schéisst. Gläichzäiteg brennt bannen eng Baguette of, eng Zort Zündschnouer. Wann déi de Kapp vun der Rakéit erreecht, explodéiert déi zweet Charge. Dora si kleng Bullen, mat verschidde Metallsalzer fir d’Faarwen, déi dann am Himmel verbrennen. Wann dës Bullen all am selwechten Ofstand zum Mëttelpunkt opgestallt sinn, da gesi mer déi klassesch ronn Form. Et kann een déi Liichtbullen am Freedefeier-Kierper awer och an Häerz oder Smileyform opstellen, dann zeechnen déi dat Muster an den Himmel. Eng aner Méiglechkeet ass et, déi eenzel Punkte vum Muster op verschidde Rakéiten ze verdeelen. Si sinn dann ëmmer mat enger identescher Dreifluedung gefëllt, fir déi gewënschten Héicht ze erreechen, éier si da synchron explodéieren. Dat muss alles op de Milligramm an d’Millisekonn ofgestëmmt sinn. An e puer Pyrotechniker experimentéieren elo och domat fir Freedefeier-Kierper vun Drone starten ze loossen.

Dat erméiglech jo nach ganz aner Saachen.

Jo, an dofir bleift och am Beräich Pyrotechnik d’Fuerschung spannend.

(Weider Infos zum Freedefeier an den Infoboxen: Ween huet d'Freedefeier erfonnt? Wéi ass et mat der Ëmweltbelaaschtung duerch Freedefeier? A wat kënnen Droneschwärm nach sou?)

Auteur: Ingo Knopf
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Iwwersetzer: Melanie Reuter (FNR)
Foto: (c) Wikimedia Commons, Preetam.choudhury

Infobox

Mr Science op RTL Radio

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d'Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science

D’Erfindung vum Freedefeier

Bis Haut ass et onkloer, wat als éischt do war: Freedefeier oder Rakéite fir de Krich. Kloer ass, dass d’Chinesen déi zwee erfonnt hunn, an zwar viru ronn 1000 Joer, wou si geléiert hunn, Schwaarzpolver hierzestellen. Dës Mëschung aus Schwiefel, réng gemuelener Holzkuel a Kaliumnitrat dreiwen och haut nach déi meescht Freedefeier-Rakéiten un. Faarweg gouf Freedefeier awer eréischt an der éischter Hallschent vum 19. Joerhonnert. Italienesch Erfinder hunn erausfonnt, dass bestëmmte Metaller, oder hier Verbindungen, faarweg verbrennen. Strontiumsalz a Lithium verbrennen zum Beispill rout, Calcium orange a Koffer gréngelzeg.

Ëmweltbelaaschtung duerch Freedefeier

Freedefeier-Rakéiten si net nëmmen deier, si belaaschten och d’Ëmwelt. Wann si verbrennen, gi Schwéiermetaller wéi Bläi, gesondheetsschiedlech Kuelewaasserstoffer an aner bedenklech Chemikalië fräigesat. Well Freedefeier dacks iwwer engem Séi oder engem Floss ugezünt gëtt, kann dat d’Waasser belaaschten. Freedefeier setzt och vill Feinstaub fräi. Dat däitscht Ëmweltadministratioun schätzt, datt Silvester-Freedefeier ongeféier 15% vun alle Feinstaub-Emissiounen ausmaachen, déi Autoen a Camionen am Joer verursaachen!

Wat kënnen Dronenschwäerm nach?

Fir déi honnerten an dausende vu Freedefeier-ähnlech LED-Lightshowe koordinéiert fléien ze loossen, ass eng grouss Erausfuerderung fir d’Techniker. Si notzen dobäi Steierungstechniken, déi den Ament intensiv weiderentwéckelt ginn. Déi sollen Drone steieren, déi da selbststänneg Päck ausliwweren, ouni mat aneren Dronen ze kollidéieren oder souguer op Chantieren agesat ginn. An Testlaboratoiren kënnen Dronenschwäerm schonn Stolseeler hannert sech zéien a komplizéierte Muster duerch d’Loft fléien, an dobäi zum Beispill Brécke wiewen oder aner Seelkonstruktiounen. Déi si nämlech mat aktueller Technik nëmme schwéier ze realiséieren.

Aussi dans cette rubrique

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR