pixabay

Den éischten Toilettepabeier op der Rull gouf 1890 an Amerika produzéiert.

Et gëtt wuel keen Hygiensartikel deen sou dacks benotzt gëtt wéi d'Toilettepabeier. Och wann et nach ëmmer vill Kulturen op der Welt ginn déi op et verzichten, ass de Rullo mat dem perforéierte Pabeier net méi aus eisem Alldag ewech ze denken. Mee wéi vill Fuerschung stécht eigentlech am Toilettepabeier?

Och wa China hautdesdaags dacks nogesot gëtt dass se Iddie vun anere just kopéieren: A Punkto Toilettepabeier hunn se d’Nues wäit vir. Sou gëtt et zum Beispill historesch Opzeechnungen aus dem spéide 14. Jorhonnert, déi besoen dass 1393 um keeserlechen Haff zu Nanjing ronn 720000 Blieder Toilettepabeier verbraucht goufen. An déi eelste Mentioun vun Toilettepabeier a China datéiert souguer aus dem 6. Jorhonnert. D’Chineese waren also dem Rescht vun der Welt - deen zu där Zäit nach Blieder, Moossbullen, Lompen oder eben d'Fangeren agesat hunn fir hiren Hënner ofzebotzen - wäit viraus.

D’Chineesen hunn also net d’Rad erfonnt, mee dofir ëmmerhin d’Rull Toilettepabeier?

Net ganz. Den Toilettepabeierrullo, sou wéi mir en haut kennen, koum réischt vill méi spéit. Den Amerikaner Joseph Gayetty war 1857 den éischten, dee modernen Toilettepabeier fir an de Buttek produzéiert huet. Allerdéngs war deen nach net op enger Rull, mee an enger Këscht als eenzel Blieder. Réischt 1890 huet déi amerikanesch Scott Paper Company di éischte Kéier Toilettepabeier op Rulle produzéiert.

An ab dunn gouf et op der Toilette sou richteg gemittlech?

An enger gewësser Aart a Weis schonn. Et huet ee just net ze vill pipeg duerfte sinn. Op de Rulle war am Ufank nämlech relativ raue Krepp-Pabeier. Réischt an den 30er Jore koum – och alt rëm als éischt an den USA – de vill méi mëllen Tissue-Pobeier op de Maart. Tissue gëtt op spezielle Pabeiermaschinne produzéiert an huet wie Krepp-Pobeier och eng Wabestruktur, mam Ënnerscheed dass en vill méi liicht a réng ass.

Mee da räisst en dach och vill méi séier ?

Dat kéint ee mengen. Den Toilettepabeier besteet awer net nëmmen aus enger, mee aus e puer Loen Tissue-Pobeier. An doduerch dass d’Surface vun dëse Loen net glat ass mee eng Struktur huet, entsteet zwëschen de Loen eng gewëssen Haftung. En ass also sou staark wéi décke Papeier mee zersetzt sech besser.

Ajo awer hoffentlech réischt an der Kanalisatioun?

Jo dat ass déi grouss Erausfuerderung: déi ideal Proportioune vu Saugfähegkeet, Waasserléislechkeet, Räissfestegkeet an Ëmweltfrëndlechkeet ze fannen.

Et gëtt also nach weider gefuerscht?

Op alle Fall. Wann et eng Zilgrupp gëtt, fir déi sech Fuerschung lount, da sinn dat Mënschen déi op d’Toilette mussen.

Auteur: Uwe Hentschel
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)

Traducteur: Sophie Steinmetz
Photo: pixabay

Infobox

Mr Science op RTL Radio

All 2 Wochen présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert engem Objet aus dem Alldag stécht.

Aussi intéréssant

Ultra-légères et extrêmement résistantes Mise au point et essais de nouvelles structures pour les composants aéronautiques et aérospatiaux

Plus un produit est lourd dans l’espace, plus son transport est coûteux. C’est précisément sur ce problème que se penche...

Recherche au LIST : de quoi sera fait l'avenir ? Le plasma – le quatrième état de la matière – et ses applications possibles

Le plasma peut être utilisé pour doter des matériaux de propriétés particulières. Simon Bulou, chercheur au LIST, nous e...

Recherche au LIST : Quelles perspectives pour l’avenir ? Le smartphone de demain : non seulement voir et entendre, mais aussi ressentir

Emmanuel Defay et les équipes du département matériaux du LIST se consacrent à la recherche d’applications dites piézoél...