Hëlleft eng Drëpp géint Keelt?

06.12.17

FNRImprimer cet article

Mr. Science, elo kënnt jo esou lues erëm déi kal Joreszäit. Fir virzesuergen hunn ech mir mol mäi Flachmann mat enger Drëpp gefëllt. Wann ech dann erëm mol esou richteg fréieren, kann ech mech mat enger Schlupp opwiermen.

Sou gutt dat vläit deed - dat solls de léiwer si loossen. Dass Alkohol wiermt, ass nämlech falsch. Et ass e Gerücht, dat net stëmmt, mee och net auszerotten ass.

Wisou stëmmt dat dann net?

Alkohol huet verschidde Wierkungen op eise Kierper. Ënner anerem suergt en dofir, dass sech ënnert der Haut d’Oderen ausdehnen. Duerch sie stréimt da méi Blutt. Dat fillt sech zwar sou un wéi wann et dir méi waarm gëtt, mee a Wierklechkeet gëtt d’Blutt dann zousätzlech Kierperwäermt un d’Emgéigend erof.

Dat heescht, ech ginn net waarm, mee verléieren Hëtzt?

Genausou ass et! D’Hëtzt gëtt dengen ënneren Organer wéi Liewer, Mëlz, Häerz entzunn. Genee dat probéiert däi Kierper awer ze verhënneren, wann et der kal ass: E setzt d’Duerchbluddung ënnert der Haut erof, fir d’Hëtzt bannen dran ze halen. Dëse schützenden Effekt mëchs de mat Alkohol futti.

A wat kann da geschéien?

Naja, bei enger Schlupp erleids de keng gréisser kierperlech Schied. Mee Mënschen, déi stark alkoholiséiert a grouss Keelt geroden, kënnen erfréieren, ouni dass se et mierken.

Mee et ginn awer Situatiounen, an deenen de Mënsch Alkohol géint Effekter vun der Keelt kann asetzen. Wanns de z.B. Industriealkohol an d’Killwaasser vun dengem Auto kipps. Do setzt en de Gefréierpunkt vun der Flëssegkeet erof – an de Kühler platzt net duerch Gefréieren.

Auteur: scienceRELATIONS
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Iwwersetzer: Sophie Steinmetz
Photo: Shotshop

Egalement dans cette rubrique

Firwat soll ee beim Iessen net iwwer Politik schwätzen?

20.09.17 Enger aler Reegel no soll ee beim Iessen net iwwer Politik schwätzen. Gëtt et dofir e Grond? > Lire l'article complet

Wann d´Mier voller Plastik ass – land en dann och am Fësch op mengem Teller?

15.02.17 An de Mierer schwammen onmoosseg grouss Quantitéite Plastik ronderëm. Verschidden Mieresdéiere verschlécken dëse Plastik. Kéint en sou och mam Fësch op meng...> Lire l'article complet

Wat geschitt beim Impfen?

26.10.16 Scho mat e puer Woche kréie Puppelcher hier éischt Impfung – wat geschitt eigentlech dobäi am Kierper? > Lire l'article complet

D'Wëssenschaft vum Eelefmeter: Mat statisteschen Etuden déi bescht Taktik ermëttelen

04.07.16 De Fussballspiller leeft un, waard kuerz a schéisst...déiw an den Eck! Wier et besser héich ze schéissen? Net ze waarden? Domadder hu sech Wëssenschaftler b...> Lire l'article complet

Firwat richt ee Parfum no kuerzer Zäit net méi?

11.05.16 Heiansdo froen ech mech, firwat ech iwwerhaapt Parfum benotzen…no puer Minutten ass de Geroch souwisou fort. Verflitt de Parfum sou schnell? > Lire l'article complet

Infobox

Mr Science op Eldo Radio

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldo Radio eng Fro. Des Fro gouf an der Sendung vum 6. Dezember 2017 beäntwert. 


Sur le même sujet