E spektakulärt Experiment! Virun iwwer 90 Joer ass fir d’éischt Insulin erfollegräich aus enger Bauchspäicheldrüs vun engem Hond isoléiert ginn! 

Bis dohi war Zockerkrankheet en Doudesuerteel ! An déi genee Roll vun der Bauchspäicheldrüs an dem Insulin war nach net ganz verstan. An engem gewoten Experiment hunn de Banting a säin Assistent Best engem Hond, dem Marjorie, d’Bauchspäicheldrüs erausgeholl. Während si den Insulin doraus isoléiert hunn, ass d’Marjorie zockerkrank ginn, mee konnt awer duerno erfollegräich mat sengem eegenen Insulin behandelt ginn ! Déi éischt klinesch Tester ware grad esou spektakulär: an engem Spidolsraum war dee leschte vun enger dozen Patienten nach net behandelt, wéi deen éischte schonn aus dem Zockerkoma erwëscht ass!

Hautesdaags gëtt natierlech keen Hondinsulin méi benotzt, mee syntheteschen. Esou kann eng 100% déidlech Krankheet an der Tëschenzäit efficace a séier behandelt ginn!

Text: Corinne Kroemmer

Infobox

Mister Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mister Science op RTL Radio d'Erfindung oder den Entdecker vum Daag.

Aussi dans cette rubrique

Ausserierdesch Signaler Wéi sicht d'Wëssenschaft no ausserierdesche Signaler?

Wat geschitt, wann d'Mënschheet e Signal vun ausserierdeschem Liewen entdeckt? Nei international Richtlinne leeë fest, wéi d'Wëssenschaft da soll virgoen. Mee wéi sicht se iwwerhaapt no Signaler?

FNR
Physik am Alldag Firwat knuppen Diere bei Duerchzuch zou?

Wann Diere bei Duerchzuch zouknuppen, stécht net einfach nëmme Wand dohanner. Entscheedend sinn Drockënnerscheeder, déi Loft a Beweegung setzen – an d'Tatsaach, datt d'Dier d'Loft selwer och beweegt.

FNR
Blëtzableiter Kéint een Energie aus Blëtzer gewannen?

An engem Blëtz stécht dach ganz vill Energie. Kënne mir déi vläicht notzen?

FNR