(c) GoodOlga/Shotshop

Wann ech Zauberer wier an d’ganz Waasser op der Welt kéint an eng 4-Liter Fläsch schëdden, da wier just een Zoppeläffel dovun Drénkwaasser! Also knapp 12 ml vu 4 Liter Waasser kéint ech tatsächlech drénken!

Wisou da just esou wéineg? Et muss dach méi Séisswaasser ginn ewéi dat!

Just 3% vun allem Waasser ass Séisswaasser. Ma dat meescht dovunner ass an der Antarktis als Äis gefaang. Du kanns et also net direkt drénken, dofir zielt et net zum Drénkwaasser. Du kéins et natierlech schmëlzen, mee dat ass esou opwenneg, dass dat och net vill Sënn mécht! Dofir sinn am Endeffekt just 0,3 % vum Waasser op der Äerd drénkbar.

Ok, mee wann ech awer kucke wéivill et bei eis reent, da muss et jo awer eigentlech vill Drénkwaasser ginn, an de Flëss zum Beispill?

Do hues de Recht mee 0,3 % vum ganze Weltwaasser ass jo nach vill. Ma mir sinn awer hei zimlech verwinnt mam Drénkwaasser, mee dat ass jo net iwwerall op der Welt esou. A mir benotzen Drénkwaasser och fir e ganze Koup aner Saachen, wéi zum Beispill fir ze netzen, ze duschen, op der Toilette Waasser ze zéien an esou weider. Sou dass ënnert dem Stréch och net esou vill Drénkwaasser fir ze dréncken iwwereg bleift!

Auteur: Corinne Kroemmer

Foto © GoodOlga/Shotshop

 

Infobox

Mister Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio spannend wëssenschaftlech Kuriositéiten.

 

 

Aussi dans cette rubrique

Physik vum Schifueren Firwat kënnt ee mat moderne Schi esou einfach an d'Kéier?

Mister Science, vill Lëtzebuerger si grad an der Schivakanz. Fréier, mat mengen ale Schi, hat ech den Androck, datt d'Kéierefuere vill méi schwéier war ewéi elo mat moderne Schi. Wéi kann dat sinn?

FNR
Wanterblues Hëlleft méi Liicht géint Wanter-Depressioun?

Wann et dobausse gro an dréif gëtt, geet bei ville Leit d’Stëmmung an de Keller. Ka méi Liicht dogéint hëllefen?

FNR
E-Auto vs Verbrenner  Ass den Elektroauto méi ëmweltfrëndlech?

De Mr Science analyséiert d'Wëssenschaft hannert dëser Fro a kuckt sech den CO2-Foussofdrock iwwert d'Liewensdauer vun deenen zwee Autostypen un.

FNR