Zeechnung vun der 8järeger Nolauschterin, déi des Fro gestallt huet

Hei eng Fro vun enger 8järeger Nolauschterin: Kann een ënnert engem Reebou duerchgoen?

Formidabel Fro ! D’Kanner stellen ëmmer di beschte Froen. Et gëtt hei zwou Äntwerten : Neen, et kann een net ënnert deem Reebou erduerch goen, deen ee selwer gesäit. Ower, jo, et kann een ënner engem Reebou duerchgoen, deen eng aner Persoun gesäit.

Ech kann also ënnert deem Reebou duerch goen, deen’s du gesäis?

Jo, wann ech de Gaart netzen, an d’Sonn an d’Waasserdrëpse schéngt, gesinn ech e Reebou e puer Meter vru mir. An du kanns dann ouni Problem ënnert mengem Reebou erduerch lafen.

A wat gesinn ech dann, wann ech genau ënnert dengem Reebou stinn?

Entweder kee Reebou méi, oder e Reebou méi wäit vrun dir.

Kanns de dat méi genau erklären?

Wann d’Sonnestralen an d’Drëpsen eran dréngen, gi si gebrach, duerno bannen an den Drëps zréck gespigelt, an da kommen se erëm aus den Drëpsen eraus, woubäi se nach eng Kéier gebrach ginn. Doduerch, datt d’Sonneliicht zweemol gebrach gëtt, gëtt et an all hir Faarwen zerluecht.

Da misst ee jo d’Faarwen iwwerall gesinn, do wou et reent, an net nëmmen um Reebou!

Eben net. Well déi verschidde faarweg Liichtstrale mat engem ganz bestëmmte Wénkel aus den Drëpsen eraus kommen.

Ganz bestëmmte Wénkel?

Et ass de Wénkel tëscht de Sonnestralen, déi op d’Drëpse falen, an dem faarwege Liicht, dat aus den Drëpsen zréck an deng Ae fält, wann s de de Reebou gesäis.

A wann ech elo méi no bei de Reebou ginn?

D’Richtung vum faarwege Liicht kann net änneren. Du gesäis da faarwegt Liicht, dat aus aneren Drëpsen, déi méi wäit ewech sinn, erauskënnt.

Ah sou! Wann ech also bei de Reebou ginn, da réckelt de Reebou no hannen. Dat ass ower domm!

Jo! Och wann s de net genau bei de Reebou kanns kommen, da kanns de ower no un en erukommen. Bei engem Sprangbuer, oder wann s de de Gaart netz, kanns de e Reebou just vrun der gesinn. Ower genau drënner, dat geet net.

Auteur:  André Mousset (Physiker)
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Illustrations ©: Shotshop.com , André Mousset


 

 

Infobox

Mister Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mister Science op Eldoradio är Froen.
Scheck och deng Fro op: mister.science_at_fnr.lu

"Wäiss" Luucht

De Reebou weist, datt "wäisst" Sonneliicht aus villem faarwegen Liicht besteet, eben aus Liicht mat de Reeboufaarwen. Erstaunlech, datt ons Aen all des Faarwen zesummen wäiss gesinn!

Wéi geet e "wäisse“ Liichtstral duerch d’Waasserdrëps?

Beim Eragoen an Erauskommen gëtt d’Luucht gebrach. Bannen an der Drëps gëtt se gespigelt. Rout Liicht gëtt am mannsten, violett Luucht am meeschten gebrach: doduerch kënnt dat verschiddent faarwegt Liicht aus verschiddenen Richtungen aus der Drëps eraus. Rout Luucht mat engem Wénkel vun 42°, violett Luucht mat engem Wénkel vun 40°. Déi aner Faarwen leien dertëscht.

Am Diaporama ass d'Bild méi grouss!

Firwat ass de Reebou ronn?

Luucht vum Reebou fält mat engem Wénkel vun ongeféier 41° zur Richtung vum Sonneliicht an ons Aen. Alleguer déi Reendrëpsen, déi aus 41° zur Sonnerichtung Luucht an eis Aen schécken, leien op engem Krees.

Am Diaporama ass d'Bild méi grouss!

 

Aussi intéréssant

Perles sensibles aux UV Quelle protection ma crème solaire offre-t-elle ?

Les perles UV transparentes ou blanches se colorent lorsqu’elles sont exposées aux rayons du soleil. C’est une bonne man...

FNR
Diffusion de la lumière Reproduis la couleur bleu du ciel et un coucher de soleil !

Dans cette expérience on reproduit un coucher de soleil avec une lampe de poche, de l’eau et un peu de lait!

FNR
Light Graffiti Peignez avec de la lumière !

Faites une photo originelle pour la St Sylvestre !

FNR

Aussi dans cette rubrique

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR