Mat engem Seel bis an de Weltall klammen?

13.04.17

FNRImprimer cet article
D’Iddi klengt fantastesch, mee muench Experten halen et prinzipiell fir méiglech: Mir kéinten an Zukunft mat engem Seel amplaz vun enger Rakéit erop an de Weltraum kommen.
Mr. Science, wéi soll dat funktionéieren?

D’Weltraum-Visionäre stellen sech vir, en Seel vun engem Satellit op d’Äerd erof ze loossen. Dat misst vun engem geostationäre Satellit aus geschéien, also een, deen ëmmer op der selwechter Platz iwwer der Äerd steet. Un dësem Seel kéint dann en Lift erof an erop fueren, wat vill manner Energie kaschte géing, wéi d’Rakéiten am Moment. Et gëtt awer dobäi ee Problem. An deen ass iwwer 35.000 Kilometer laang: d’Seel.

Klengt alles zimlech fantastesch!

Éierlech gesot: Jo. Mee wann ee mol an d’Geschicht zeréck kuckt, kéint et jo villäicht dach iergendwann funktionéieren. Fiedem a Seeler begleeden d’Mënschheet scho säit der Steenzäit a goufen iwwer Joerdausende laang aus Naturfaseren hiergestallt.

An der éischter Halschent vum 19. Joerhonnert hunn Ingenieuren d’Stolseel erfonnt: Et gouf aus laangen Dréit gedréint. Deemools war dat wierklech déi top Technologie, wann een dat mol esou soen duerf. An mir staune jo zum Beispill ëmmer nach iwwer Brécke wéi d’Golden Gate Bridge. Déi hänkt jo un zwee parallellen Drotseeler. All Seel besteet aus iwwer 27.000 eenzelen Dréit!

Beandrockend!

Jo, fannen ech och. D’Kabele sinn esou schwéier, si weien iwwer 12.000 Tonnen, dass se op der Platz produzéiert hu musse ginn.

Kéint een dann sou en Seel fir de Weltraumlift benotzen?

Dat wier leider esou schwéier, dass et no ronn 20km duerch säin eege Gewiicht ofräisse géing. D’Visionäre setzen also op ganz nei Seelmaterialien.

Wat kéim dofir a Fro?

Bio-Ingenieure kënne mëttlerweil kënstlech Spannefiedem mat Hëllef vu gentechnesch manipuléierte Bakterien hierstellen, déi 25mol sou stabil si wéi Stol. Mee fir en Weltraumlift geet et nach ëmmer net duer. Do setzen d’Visionären op Seeler aus Kuelestoff-Materialie wéi Graphen déi nach méi liicht a räissfest sinn. Dëst Material ass awer nach am Fuerschungsstadium.

Also gutt, alles huet mol kleng ugefaangen!

Genee, dofir bleift Fuerschung och ëmmer spannend!

Auteur: Ingo Knopf/scienceRELATIONS
Editeur: Joseph Rodesch
Traducteur: Sophie Steinmetz
Photo: Pixabay

Egalement dans cette rubrique

Virtual Reality: Just fir Geeks, oder eppes fir jiddereen?

12.10.17 D'virtuell Realitéit gëtt ëmmer méi accessibel fir jiddereen. Wat ass et a wat kënnt op eis duer? > Lire l'article complet

Wéi vill Fuerschung stécht am Fotoobjektiv?

15.03.17 Fuerscher liwweren sech eng Competitioun em dat klengsten Objektiv vun der Welt. Dat klengste miesst mëttlerweil manner wei ee Millimeter. > Lire l'article complet

Wéi vill Fuerschung stécht am Brout?

20.02.17 Wisou freeën sech Wëssenschaftler iwwer verbrannte Brout? > Lire l'article complet

Wéi vill Fuerschung stécht am Messer?

02.02.17 Wéi bleiwe Messer schaarf? > Lire l'article complet

Wéi vill Fuerschung stécht am Béier?

29.09.16 Firwat brauen d’Fuerscher déi klengste Béier vun der Welt? > Lire l'article complet

Infobox

Mr Science op RTL Radio

All 2 Wochen présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert engem Objet aus dem Alldag stécht. Dës Sendung koum den 13.04.2017