Solarstroossen: Ersetzen an Zukunft Solarzellen de Makadamm op de Stroossen?

04.06.18

FNRImprimer cet article

D’Iddi kléngt genial, mee ass se ëmsetzbar? An Zukunft soll de Stroossebelag net méi aus Makadamm mee aus Solarzelle bestoen, fir esou kënnen Energie ze gewannen.

Mr. Science, dat kléngt awer no enger Schnapsiddi!

Dat kéint een esou mengen, jo. D’Iddi koum enger amerikanescher Psychologin, di mat engem Elektroingenieur bestuet ass. Zesummen hunn si eng Firma gegrënnt, fir ebe genau dës Iddi virunzedreiwen. Si waren awer net déi eenzeg. An Holland ass 2014 den éischte Vëloswee gebaut ginn, wou de Belag aus Solar-Panneaue besteet an Enn 2016 ass a Frankräich di weltwäit éischt Solarstrooss ageweit ginn. Ee ganze Kilometer ass mat Solarzelle beluet ginn.

Si Solarzellen net vill ze sensibel fir e Stroossebelag?

A Frankräich hunn se eng 7 Millimeter déck, ganz strapazéierbar Solarzellen-Folie op de Makadamm gepecht. China huet souguer schonn en Deel vun enger Autobunn mat Solarzelle beluet.  Déi si mat enger duerchsiichteger Bëtongschicht iwwerdeckt ginn.

Duerchsiichtege Bëtong?

Jo, dat ass e spezielle Bëtong wou Glasfaser dra sinn, déi d’Luucht duerch loossen. Wéis de gesäis, experimentéiert ee mat ville Materialien, fir dass d’Autoen och net un d’Schleidere kommen. Ee grousse Problem ass awer och d’Verschmotzung vun de Solar-Panneauen. Op vill befuerbare Stroosse sammelen sech zum Beispill Knascht vu Pneuen a Bremsscheiwen un. All dës Problemer wëll ee mat Teststrecke besser an de Grëff kréien.

Ginn et da schonn éischt Erfahrungswäerter?

Di franséisch Solarstroossen hunn nëmme bësse méi wéi d’Hallschent vum erhoffte Stroum produzéiert. De Grond dofir waren Donnerwieder, déi d‘Anlag beschiedegt hunn. Et ass also en duerchwuessene Bilan, mee kee kompletten Echec.

Firwat kënnt een iwwerhaapt op d’Iddi, Solarzellen op de Stroossen opzeriichte wann dach op esou villen Diecher genuch Platz wier?

Dat stëmmt. Allerdéngs muss all eenzele Solar-Daach extra un d’Stroumnetz ugeschloss ginn an dat hëlt immens vill Zäit an Usproch. Laang Solarstroossen dogéint sinn ewéi riseg Solarfarme mat nëmmen engem Netzuschloss a bedecken esou och kee wäertvollt Akerland. Wann een elo di komplett Fläch vu Stroossen, Parkplazen an och Trottoiren zesummerechent, da kënnt een op eng riseg Fläch. Fir dass sech dës Iddi och lount, mussen d’Stroossensolarzellen awer nach e gutt Stéck méi bëlleg ginn. Fir den Ament sinn se nach ronn 15 Mol méi deier wéi di bis elo bekannte Solarzellen.

Do mussen sech d’Fuerscher an Ingenieuren also nach ustrengen!

Ma genau dowéinst bleift d’Fuerschung ëmmer esou spannend!

Auteur: Ingo Knopf
Editeur: Joseph Rodesch
Traducteur: Melanie Reuter
Photo: By Kumkum [CC0], from Wikimedia Commons

Egalement dans cette rubrique

Freedefeier vun der Zukunft: Wäerten Dronen d’Freedefeier revolutionéieren?

21.06.18 Souguer Erfindunge vun den ale Chinese wéi d’Freedefeier, ginn duerch modern Technologien ëmgekrempelt. Mr Science, wéi gesäit d’Freedefeier vun der Zukunft...> Lire l'article complet

Wat maache mat eisem Knascht? Ab an de Weltraum domat – oder?

14.05.18 Mir produzéieren am Moment op der Äerd all Joer iwwer 1 Milliard Tonnen Offall, an et gëtt ëmmer méi. Wouhinner domat? > Lire l'article complet

Mikro-Dronen: Si mer gläich iwwerall vu fléiende Kameraen ëmginn?

19.04.18 Mikro-Dronen, sou kléng wéi Insekten, gëtt et a Science-Fiction Romaner säit bal honnert Joer. Elo gi se Realitéit! Mr. Science, wisou brauche mer sou kleng...> Lire l'article complet

Bitcoin a Co.: Zukünfteg Suen?

05.04.18 E puer Leit sinn domat steeräich ginn, vill schwätzen driwwer: mee wat daachen digital Suen wéi Bitcoin? Sinn et d’Suen aus der Zukunft oder nëmmen waarm Lo...> Lire l'article complet

Wat ass d’Zukunft vun den Elektroautoen?

04.12.17 Brécht eist Stroumnetz mat den Elektroautoen zesummen? > Lire l'article complet

Infobox

Mr Science op Eldo Radio

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldo Radio eng Fro. Des Fro gouf den 31.05.2018 beäntwert.

Solarstroum méi bëlleg wéi Atomstroum

Säit den Ufankszäite vun de kommerzielle Solarzellen an de 70er Jore vum leschte Joerhonnert huet de Präis sech bis haut em dat honnert-facht reduzéiert. Spezialiste soe souguer viraus dass de Präis nach méi erof wäert goen. Solarstroum ass mëttlerweil ronn duebel méi bëlleg wéi Atomstroum aus moderne Kärkraaftwierker. Déi a punkto Solarenergie bis elo éischter zeréckhalend International Energy Agency seet viraus dass bis Mëtt vum Joerhonnert d’Sonn weltwäit zum gréisste Stroumverdeeler wäert ginn. Ob d’Solarstroossen zu dëser solarer Energiezukunft bäidroe wäerte muss een awer nach kucken.

Alternativen zu Solarstroossen?

Aner Iddie fir Energie unhand vu Stroossen ze produzéieren


Sur le même sujet