Sigismund von Dobschütz

D’elektronesch Zigarett - e gudden Ersatz fir gewéinlech Zigaretten?

Dat ass jo elo den neisten Trend: elektronesch Zigaretten. An de Butteker gesäit een déi an alle Faarwen a Formen ... mee wéi funktionéieren se eigentlech?

Du keefs deng Zigarett, also dat wat‘s de fëmms, eigentlech a flësseger Form an enger Cartouche, déi‘s de dann an d’elektronesch Zigarett mëss. Do ass en Akku oder eng Batterie dran, déi e Verdampfer aschalt, soubals du um Mondstéck zitts! D’Flëssegkeet an der Cartouche gëtt da gehëtzt a verdämpt, an du otems deen Damp dann an!

Wat ass da genee an där Flëssegkeet déi ech kafen?

Do sinn e ganze Koup Aromen dran, déi’s du der kanns eraussiche wann’s de d’Cartouche keefs: Tubakgeschmaach, Uebstaroma an esou weider! Da sinn awer och nach aner Chemikalien dran, déi fir d’Imitatioun vum Zigarettendamp zoustänneg sinn an déi verschidden Arome verstäerken. An zu gudder lescht natierlech Nikotin! 

Mee dat heescht Goudrong an esou ass keen dran?

Nee, am Géigesaz zu normalen Zigaretten ass hei keen Goudrong dran. Et feelen och eng ganz Rei aner Chemikalien, déi an der Zigarett schiedlech sinn. Dat heescht awer net dass d’elektronesch Zigarett gesond ass! Et sinn nach keng wëssenschaftlech Studie gemaach ginn, fir ze kucken ob déi Chemikalien déi dra sinn schiedlech sinn, wann se inhaléiert ginn. Et sinn zwar keng nei oder onbekannte Chemikalien, mee och wann eppes onschiedlech ass wann‘s de et zum Beispill ëss, heescht dat nach laang net dass et och onschiedlech ass wann‘s de et inhaléiers! Soulaang et keng weider Studien dozou ginn, géif ech d’elektronesch Zigarett dofir mat Virsiicht genéissen!

Fir op Nummer sécher ze goen, géif ech einfach emol jidderengem rode fir opzehale mat fëmmen! Sou! A weider Informatiounen zum Thema fannt der wéi ëmmer an der Infobox!

Auteur: Corinne Kroemmer
Foto © Sigismund von Dobschütz

Infobox

Mister Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mister Science op Eldoradio är Froen.
Scheck och deng Fro op: mister.science_at_fnr.lu

 

 
Wat genee mécht Nikotin an eisem Kierper?

An enger Zigarett sinn 10 Milligramm Nikotin ( am Fall vun den elektroneschen Zigaretten kann een den Nikotingehalt eraussiche wann een d’Cartouche keeft). Vun deenen 10 Milligramm gi beim Fëmmen 1-2 Milligramm Nikotin iwwert d’Haut (am Mond, an der Nues, am Hals an an de Longen)  an d’Blutt. Wann den Nikotin dann bis am Kierper ass, léist en d’Produktioun vun Adrenalin aus: d’Häerz schléit méi séier, de Bluttdrock geet an d’Luucht a mir fillen eis méi waakreg, méi fit! Nikotin léist awer och d’Produktioun vun Dopamin am Gehir aus, wat eis e Gefill vu Pleséier a Belounung gëtt.

Alles an allem léist Fëmmen also vill positiv Gefiller an Impressiounen aus. Dat dréit natierlech dozou bäi, dass vill Leit - a besonnesch Jugendlecher – reegelméisseg zur Zigarett gräifen. Laut enger amerikanescher Ëmfro soe 85% vun de Fëmmer, dass eng eenzeg Zigarett zum Spaass duergaang ass, fir ofhängeg ze ginn.

Wat mécht een eigentlech ofhängeg beim Fëmmen ?

Nikotin verännert d’Nerveverbindungen an d’biochemesch Reaktiounen an eisem Kierper.

Nikotin imitéiert am Kierper en Neurotransmitter, eng Substanz déi d’Verbindung tëscht 2 Nerve mécht. Wann een also fëmmt, ginn d’Nerven iwwerstimuléiert, well déi kierpereege Substanz AN den Nikotin d’Verbindung tëscht den 2 Nerven hierstellen: d’Verbindung ass also méi staark!

Wann dat reegelméisseg virkënnt (wéi zum Beispill bei engem Fëmmer), da probéiert de Kierper rëm e Gläichgewiicht hierzestellen fir dass d’Nerven net permanent iwwerstimuléiert sinn. En dé-sensibiliséiert d’Nerveverbindungen also. Da brauchs de déi kierpereege Substanz AN den Nikotin fir eng normal Verbindung hierzestellen! Wann’s de dann ophäls mat fëmmen, dann ass déi kierpereege Substanz eleng net méi am Stand d’Verbindung tëscht 2 Nerven richteg hierzestellen. Dat schléit an dengem Kierper Alarm aus an däi Kierper mécht alles fir déi Verbindung erëm richteg hierzestellen: däi Kierper verlaangt also no Nikotin an du bass ofhängeg (ofhängeg heescht dass däi Kierper ouni déi Substanz/Drog net richteg ka funktionéieren).

Ass d’elektronesch Zigarett besser ewéi eng normal Zigarett?

A verschiddene Fäll kann d’elektronesch Zigarett engem hëllefen, fir opzehale mat fëmmen!

Vill Leit soen dass se fëmmen, wat dat se berouegt wann se gestresst sinn. Deen Effekt kennt awer definitiv net vum Nikotin (deen dréint dech op), mee duerch d’Routine vum Fëmmen, vun de Gester! Fëmmen léist also net nëmmen eng kierperlech, mee och eng psychologesch, mental oder sozial Ofhängegkeet aus (verschidde Leit hänken un der Routine, fir anerer ass et de Kär vu sozial Interaktiounen -  Fëmmpaus um Büro, Femme mat Kollege beim Erausgoen etc).

Mat der elektronescher Zigarett kann een den Nikotingehalt kontrolléieren a progressiv reduzéieren. Esou kann een déi kierperlech a psychologesch/mental/sozial Ofhängegkeet getrennt ugoen. Zwee kleng Problemer sinn dacks méi einfach ze iwwerwanne wéi ee grousse Problem!

Op där anerer Säit gi vill Leit dovun aus dass d’elektronesch Zigarett méi gesond ass well kee Godrong a manner Chemikalien dra sinn (opgepasst: et sinn nach keng Studien iwwert den Impakt vun der elektronescher Zigarett op eis Gesondheet gemaach ginn). Verschidde Leit fëmmen doduerch vläit méi!

Ausserdeem verléiert een d’Gefill fir d’Quantitéit déi’s de fëmms. Wann deng Zigarett ofgebrannt ass, dann häls de op, mee bei der elektronescher Zigarett kanns de non-stop weider fëmme bis d’Cartouche eidel ass!

Fuerschung iwwert d’Grenzen eraus

Eng ganz Rei Studie weisen, dass Fëmmen awer och seng postitiv Säite kann hunn. Sou soll de Risiko fir e Fëmmer méi kleng sinn, fir u verschiddenen Zorte Kriibs ze erkranken, oder un Parkinson’s an Alzheimer! Mee d’Fëmmer hunn op där aner Säit natierlech méi e grousse Risiko fir aner Krankheeten ze kréien.

Mee aus dësem Grond huelen Fuerschungsequippen op der ganzer Welt (ënner anerem am „National Cancer Institute“ an Amerika an am “Karolinska Institute“ a Schweden),  Nikotin méi genee ënnert d’Lupp. Et schéngt nämlech den Nikotin ze sinn, deen a verschiddene Fäll bei Erkrankungen e positiven Impakt huet an dofir eventuell enges Daags als Traitement kann agesat ginn. Mee am Moment sinn all des Resultater nach ëmstridden an et musse weider Studie gemaach ginn fir der Saach op de Grond ze goen!

Fuerschung zu Lëtzebuerg

Och zu Lëtzebuerg ass Fëmmen natierlech en Thema, och an der Fuerschung! De „Laboratory of Analytical Human Biomonitoring“ vum CRP-Santé entwéckelt Methoden, fir den Impakt vu potentiell gëftegen oder ongesonde Substanzen op eise Kierper anzeschätzen! A verschiddene Fäll setze mer eis bewosst esou Substanzen aus, wéi zum Beispill beim Fëmmen oder Alkoholkonsum, mee an aner Fäll si mer eis dem Risiko net bewosst, wéi zum Beispill wa mer Pestiziden oder Passivfëmmen ausgesat sinn. Dank dëse Methoden kann eise Metabolismus iwwerwaacht ginn an och laangfristeg Konsequenzen op hiren Ursprong zeréckgefouert ginn!

Aussi intéréssant

Cancer du poumon Pourquoi est-ce que les fumeurs n’ont pas les mêmes prédispositions ?

Les modifications génétiques au niveau des poumons déterminent-elles quel fumeur peut être susceptible de contracter un...

LIH , CHL
Journée mondiale contre le tabac Ne pas fumer, c’est d’abord éviter le cancer des poumons

Depuis 2008, le Luxembourg Institute of Health mène un projet de recherche sur le cancer des poumons, projet qui consis...

LIH

Aussi dans cette rubrique

Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR
Den Toun mécht d’Musek Sinn eis Museksinstrumenter falsch gestëmmt?

Huet Musek mat engem Grondtoun vu 432 Hz e speziellen Afloss op Kierper a Geescht?

FNR