(c) alptraum/Shotshop.com

Aspirin ass eng vun deenen éischte grousstechnesch hirgestallte Pëlle vun der Welt. Mir kennen et als een traditionellt Schmerzmëttel géint Kappwéi, mee et gëtt mëttlerweil vill méi villfälteg agesat, an dat well permanent d’Fuerschung weider geet.

Jo d’Acetylsalicylsaier, de Wierkstoff aus dem Aspirin gëtt elo säit iwwer 100 Joer bal onverännert hirgestallt, wat éischter onüblech ass fir e Medikament – normalerweis probéiert een e Medikament permanent ze verbesseren. D’Fuerschung iwwer Aspirin geet also net dohi fir d’Medikament ze ännere, mee éischter a Richtung  vun neie medezineschen Uwennungen.

A wéi eng sinn dat?

Ma z.B. bei Kreeslaf-Krankheete wierkt Aspirin ganz gutt well et d’Blutt méi dënnflësseg mécht. Géint Féiwer a Péng ginn et mëttlerweil aner Medikamenter déi besser sinn. Säit 2010 ass Aspirin souguer am Gespréich als Medikament an der Kriibspreventioun.

A wéi hunn se dat Medikament dann eigentlech fonnt?

En ähnleche Wierkstoff, d’Salicylsaier, fënnt een an der Schuel vun der Trauerweid. De Saaft aus de Schuele vun der Weid gouf schonn vun den ale Griiche géint Péng benotzt. Dëst hat awer 2 Nodeeler: éischtens hu d’Leit deemools och d’Äscht vun den Trauerweid gebraucht fir Kierf ze flechten – sou datt den Ofbau vun der Schuel am Mëttelalter verbuede gouf, an zweetens war de Saaft sou batter datt een e sech héchstens op d’Stir schmiere konnt. 1897 gouf du no e puer Ëmweeër dat haitegt Aspirin vun der Firma Bayer fir d’éischt hirgestallt, wat elo quasi net méi batter ass.

A wéi wierkt d’Aspirin eigentlech?

Ma dat gouf eréischt 1970 erausfonnt. De Sir John Vane huet observéiert, datt d’Produktioun vun engem Hormon blockéiert gëtt, dat fir Péng an Wondheelung mat verantwortlech ass. Hie krut dofir 1982 den Nobelpräis an der Medezin.

An d’Fuerschung geet och nach ëmmer weider.

Genee dat ass jo dat schéint dorun. Et gëtt ëmmer nach neies ze entdecken.

Auteur: Joseph Rodesch (FNR)/Michèle Weber (FNR)
Photo © alptraum/Shotshop.com

Infobox

Mr Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert engem Objet aus dem Alldag stécht.