Pixabay

Glutamat ass als Gewürz an Asien immens beléift

Glutamat: A Färdegiessen an a villen asiatesche Platen gëtt et als Gewürz agesat. Et soll Häerzklappen, Kappwéi an Ziddere provozéieren. Mee stëmmt dat wierklech? A gëtt et de „China-Restaurant-Syndrom“ wierklech?

Wisou ass Glutamat a Verruff komm?

Am Joer 1968 huet sech en amerikaneschen Dokter no dem Besuch an engem Chinarestaurant net gutt gefillt. Hien huet d’Symptomer an enger Fachzäitschrëft beschriwwen. Den Artikel ass vill gelies ginn an dat war d’Gebuertsstonn vum „China-Restaurant-Syndrom“. Mat e puer Selbstversich hunn Medeziner dunn gemengt, Glutamat als Ursaach identifizéieren ze kennen.

An wat ass drun um „China-Restaurant-Syndrom“?

Réischt 1993 ass eng Studie gemaach ginn déi wëssenschaftleche Kritäre standhällt. D’Versuchspersoune woussten dobäi net, dass se Glutamat zou sech huelen. D’Resultat war ganz kloer: D’China-Restaurant-Syndrom gëtt et guer net!

Ok, mee wisou goung et dem Dokter nom iesse vu chinesesche Platen net gutt?

Dat léisst sech haut net méi sou genee soen. Villäicht huet hien an seng Kollege bei hirem Testiessen ze vill Wäin gedronk? Glutamat ass awer säit hier e Sujet an der Forschung bliwwen.

Wei ass en iwwerhaapt dozou komm, mat Glutamat ze würzen?

Mir hunn dat eigentlech schonn ëmmer gemaach, Glutamat kennt nämlech a Champignonen, Fleesch an Fësch, mee och a Sojaszoossen a villen anere Liewensmëttel fir. Wann een d’Fleesch z.B. ganz laang op klenger Flam kacht, entsteet vill natierleche Glutamat. Glutamat ass nämlech en Zersetzungsprodukt vu Proteinen. Als Geschmaachsverstärker gouf de Glutamat awer réischt 1908 vun engem japanesche Chemiker entdeckt. Hie wollt wëssen, wisou d’Zopp vu sénger Fra sou lecker schmaacht. Säitdeem ass Glutamat als Gewürz an Asien immens beléift. De Geschmaach den dozou gehéiert nennt een Umami.

Umami?

Jo, dat ass dat japanescht Wuert fir fleescheg oder lecker a gëllt haut als 5. Geschmaachsrichtung niewe séiss, sauer, salzeg a batter. Et war awer laang ëmstridden, ob Umami wierklech en eegene Geschmaach ass. Des Fro konnte Wëssenschaftler viru 15 Joer awer definitiv klären, wéi se déi passend Geschmaachsrezeptoren entdeckt hunn. Glutamat ass dunn erëm ënner Verdacht geroden: E soll duerch de gudde Goût zum Iessen animéieren an sou zu Iwwergewiicht féieren.

An ass des Kéier eppes drun?

D’Fuerscher sinn sech nach net eenz. Eppes ass awer, duerch déi mëttlerweil vill Joeren un Glutamat Fuerschung kloer: an normale Moossen ass Glutamat net gesondheetsschiedlech.

Dat ass jo berouegend.

Jo, duerch d’Fuerschung kënne mer weiderhi ganz berouegt asiatesch Iesse genéissen!

Auteur: Ingo Knopf
Editeur: Joseph
Rodesch (FNR)
Traducteur : Sophie Steinmetz
Photo: Pixabay

 

 

Infobox

Mr Science op RTL Radio

All 2 Wochen présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert engem Objet aus dem Alldag stécht.

Aussi intéréssant

Experiment Looss eng Béchs duerchsichteg ginn!

Eng Béchs besteet dach aus Metall - oder? Wéi soll déi dann duerchsichteg ginn? Ma dat ass guer net sou schwéier an du k...

FNR
Science Writing Competition 2021 Pourra-t-on un jour escalader les murs comme Spiderman ?

Pour escalader un mur, les mains d’une personne doivent y adhérer avec une force qui puisse supporter son poids mais ens...

Expérience de Noël Faites apparaître une étoile avec des cure-dents !

Épatez vos invités lors du repas de Noël grâce à cette petite astuce scientifique !

FNR

Aussi dans cette rubrique

Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR
Den Toun mécht d’Musek Sinn eis Museksinstrumenter falsch gestëmmt?

Huet Musek mat engem Grondtoun vu 432 Hz e speziellen Afloss op Kierper a Geescht?

FNR