Wéi vill Fuerschung stécht am Ee?

15.04.17

FNRImprimer cet article
Et gëtt kaum e méi perfekt Thema fir eng Diskussioun beim Kaffi, wéi déi genee Kachzäit vun Eeër muss sinn. Ëmmer wann ee mengt, den optimalen Timing fonnt ze hunn, klappt et bei der nächste Kéier dann trotzdem erëm net an d’Ee gëtt ze haart. Wëssenschaftler hunn elo allerdéngs eng Method fonnt, wéi een haart gekachten Eeër erëm mëll maache kann.
Mr. Science, dat klengt jo revolutionär! Wéi funktionéiert dat?

Also éier ech elo hei grouss Hoffnunge maachen: Ech weess net, ob een dës Method jeemools un lues gekachten Eeër uwenne kennen...

Erklär se eis trotzdem!

D’Fuerscher huelen en sou richteg haart gekachten Eewäiss: 20 Minutten hunn se et am Kachdëppe gelooss.

Ok, dat ass garantéiert net méi mëll....

An da léisen se et mat enger chemescher Substanz erëm op, mat Urée oder Harnstoff op Däitsch. Dat ass d’Haaptsubstanz am Urin.

Lo verstinn ech deng Bedenken, punkto Ee moies beim Kaffi!

Domat ass et awer nach net gedoen, si wollten d’Eewäiss wierklech erëm an seng Ausgangsform bréngen. Dofir hunn se et dunn nach 5 Minutten an enger spezieller Zentrifug geschleidert.

Wisou hu se dat da gemaach?

Eewäiss ass näischt anescht wei laang Moleküllketten. Am Original-Zoustand muss een et sech wei eng Spull aus gebéitem Drot virstellen déi an enger wässereger Léisung schwëmmt. Beim Kache ginn dës 3D-Strukturen auserneen, an des Kette verwurrelen a verbannen sech dann ënnerteneen. Heibäi entsteet dann déi fest Eewäissmass.

Mam Harnstoff trennen d’Fuerscher d’Moleküllketten erëm vuneneen a maachen se beweeglech. Duerch dat speziellt Zentrifugéiere ginn d’Eewäissfiedem an d’Längt gezunn an entknujelt. Wann een se dono a Rou léisst, kennen se sech erëm an hier Originalform zeréckbéien et voilà!

Wisou maachen sech d’Fuerscher dës Aarbecht?

Fir verkachten Eeër um Kaffisdësch ze retten, hunn se dës Method net entwéckelt... Mat dem Hénger Eewäiss hunn se et nëmme getest. Dës Method kéint fir d’Biotechnologie immens wichteg ginn, si ass hautdesdaags en Milliardenmarché. Impfstoffer oder aner Medikamenter op Eewäissbasis verklompen nämlech oft bei der Produktioun. An mat dëser Method kéinten se vergläichsweis einfach erëm entklompt ginn.

Dann zeien ech mol de Fazit: Fuerscher entdecke souguer an haart gekachten Eeër Neies.

Genau dofir bleift Fuerschung jo ëmmer spannend!

Autor: Ingo Knopf/scienceRELATIONS
Editeur: Joseph Rodesch
Traducteur: Sophie Steinmetz
Photo: Flickr

Egalement dans cette rubrique

Grillsaison: Firwat schmaacht e gegrillte Bifdeck sou gutt?

25.05.17 E gudde Bifdeck vum Grill soll eng gëllebrong Krust hunn. Wéi entsteet déi? > Lire l'article complet

Wéi vill Fuerschung stécht am „Näischt“?

02.03.17 Geet dat datt iergendwou guer näischt ass, also den ideale Vakuum? > Lire l'article complet

Wéi vill Fuerschung stécht am Shampoing?

02.01.17 De Mr Science verréit, wat Shampoing mat Ketchup gemeinsam huet a firwat een sech d'Hoer net einfach mat Seef wäsche kann. > Lire l'article complet

Wéi vill Fuerschung stécht am däischteren Nuetshimmel?

05.05.16 Einfach Fro, iwwerraschend Äntwert: Wisou ass et nuets däischter? > Lire l'article complet

Wéi vill Fuerschung stécht am Sekundenkleber?

29.03.16 Wéi d’Substanz erfonnt gouf, war se en Échec. Se huet un alle Labosobjete gepecht. Réischt Jore méi spéit gouf se rëmendeckt a mat groussem Succès als Sekun...> Lire l'article complet

Infobox

Mr Science op RTL Radio

All 2 Wochen présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert engem Objet aus dem Alldag stécht. Dës Sendung koum de 30.03.2017 

 

Sur le même sujet