© depositphoto

Fuerscher hunn festgestallt, dass Beien op Kaffi flippen an dass mir éischter jo soen, wann mer e Kaffi gedronk hunn. Awer wisou moosse se de Koffeingehalt vum Mierwaasser?

Mr Science, hunn d’Fuerscher keng Besser ze dinn?

Naja, déi maachen dat jo net well et hinne Spaass mëscht, mee well se wëllen eraus fannen , wou d’Mierwaasser duerch mënschlech Ausscheedunge verknascht gëtt. Well vill Mënsche Kaffi drénken an sech de Koffein an der Natur nëmme lues ofbaut, versichen se, d’Verknaschtungen um Koffeingehalt ze erkennen.

A funktionéiert dat?

Jo, se hunn op muenche Platze bis zu 45 Billiounstel Gramm Koffein pro Liter Mierwaasser fonnt.

Dat klengt awer elo net no immens vill.

Effektiv. Fir sou vill Koffein ze consomméieren, wéi an enger normaler Taass Kaffi ass, misst een iwwer 2 Millioune Liter Mierwaasser drénken, dat wieren ongeféier 15.000 Buedbidde voll.

Ok, dann drénken ech léiwer eng eenzeg Taass mat richtegem Kaffi. Wisou mëscht deen eigentlech waakreg?

De Koffein blockéiert am Gehir en spezielle Rezeptor op den Nervenzellen, eng Aart Middegkeetsschalter. Dee kann dann net méi ëmgeluecht ginn, dofir bleift ee waakreg. D’Fuerscher entdecken awer och nach ganz aner Eegenschaften am Kaffi. Psychologen hunn festgestallt, dass een no enger Taass Kaffi éischter der Meenung vum géigeniwwer zoustëmmt, dass een also éischter “Jo” seet.

Kennt dohier och de Sproch “Ech géif dech gären op eng Taass Kaffi alueden”?

Villäicht. Mee ier een sou d’Jo-Wuert vun der Fra vum Liewe kritt, muss natierlech méi geschéie wéi eng Taass Kaffi ze spendéieren.... Mee dat féiert eis zu de Beien!

Zu de Beien?

Jo, d’Geschicht vun de Beien an de Blummen. Wëssenschaftler hunn nämlech erausfonnt , dass net nëmme mir, mee och Beien op Kaffi flippen. An de Bléie vu muenche Planzen, wei z.B. Orangen- oder Zitrounebeem, ass Koffein enthal. De Rekord hält de Bléiennektar vum Kaffisstrauch: an him ass d’Koffeinkonzentratioun bal sou héich wéi bei eis am Kaffi. D’Fuerscher hunn festgestallt, dass sech Beien un d’Plaz vu Planze mat koffeinhaltege Bléie besonnesch gutt erënneren. D’Beie besichen a bestëbsen dofir dës Bléie besonnesch intensiv. Dës Planze lackelen d’Beien also mat séissem Nektar a Koffein.

Schwaarz mat Zocker zouzesoen. Also, dass Beien op Kaffi flippen, hätt ech net geduecht!

Genau dofir bleift d’Fuerschung ëmmer spannend!

 

Auteur: Ingo Knopf
Editeur: Joseph Rodesch
Traducteur: Sophie Steinmetz
Photo: depositphoto

Infobox

Mr Science op RTL Radio

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d'Emissioune fënns du hei: https://www.rtl.lu/radio/science