© Pixabay

D’Fetter aus dem Schockela kenne 6 verschidde Kristallformen unhuelen.

Wann een sech e Stéck Schokela an de Mond stécht, ass engem net bewosst , wéi vill Gedanken sech Fuerscher schonns iwwert seng Hierstellung gemaach hunn. Se duerchliichten en souguer mat Röentgestrahlen!

Wisou maache Fuerscher dann sou eppes?

Klengt absurd, mee d’Fuerscher sinn dem gréisste Schokelasproblem op der Spuer. Wann de Schokela méi laang leie gelooss gëtt, entsteet en wäissleche Belag op der Surface. Vill Leit mengen dat wier Schimmel, oder dass de Schokela net méi gutt ass. Dëse Belag ass net geféierlech, mee trotzdem gëtt dowéinst all Joer Schokela am Wäert vu ville Milliounen Euro fortgeschmass.

Wourauser setzt sech dëse Belag eigentlech zesummen?

Dat ass Fett aus der Schokelasmass. Et wandert am Laf vun der Zäit un d’Uewerfläch. Do formt et winzeg Kristaller – dat ass déi wäiss Schicht.

Fett ka Kristaller formen?

Kléngt komesch, mee dat heescht nëmmen, dass sech d’Fettmoleküller unenee lageren a regelméisseg Strukture forméieren. Sou wéi wann een Zille stapele géif. Dat kenne vill Stoffer: Aus Kuelestoff kennen Diamantkristaller entstoen, a beim Fett sinn et ebe Fettkristaller.

Dat wier dach mol eppes: E Collier aus Fettkristaller.

Déi schmëlze leider ze liicht… D’Fetter aus dem Schockela kenne 6 verschidde Kristallformen unhuelen. So wei een aus Zille Pyramiden, Rechtecker oder Mauere baue kann, fir bei dësem Vergläich ze bleiwen. D’Liewensmëtteltechnologe setzen awer alles drun, fir bei der Produktioun vu Schokela just d’Kristallform 5 erauszekréien. Dofir stéieren si d’Erhëtzen an d’Ofkille vun der Schokelasmass bei der Produktioun ganz genee.

Wisou ass dat sou wichteg?

D’Kristallform 5 mëscht de Schokela ganz blénkeg a knackeg an en zergeet och méi liicht op der Zong. D’Fettmoleküller hunn awer vill léiwer d’Kristallform 6. Wa Schokela schmëlzt, zum Beispill wann e laang lagert, da verwandelen sech d’Schokelasfetter an dës onerwënschte Kristallform em. Dann blénkt de Schokela net méi an en schmëlzt och net sou liicht am Mond.

Stëmmt, Schokela, déi schonns eng Kéier geschmollt ass, schmaacht net méi sou gutt.

D’Fuerscher ënnersichen dofir d’Kristallstruktur vun de Schokelasfetter mat Röentgestrahlen, fir besser ze verstoen, wat genee am Schokela geschitt. Mat dësem Wësse wëllen se dann och d’Entstoe vun der wäisser Schicht verhënneren.

An niewebäi schneeken se och dat eent oder anert Stéck Schokela!

Kloer! Fuerschung dierf jo och Spaass maachen!

 

Auteur: Ingo Knopf
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Traducteur: Sophie Steinmetz
Photo: Pixabay

 

 

Infobox

Mr Science op RTL Radio

All 2 Wochen présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert engem Objet aus dem Alldag stécht.

Aussi dans cette rubrique

Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR
Den Toun mécht d’Musek Sinn eis Museksinstrumenter falsch gestëmmt?

Huet Musek mat engem Grondtoun vu 432 Hz e speziellen Afloss op Kierper a Geescht?

FNR