Wikimedia Commons

Réischt 1898 hunn sech dunn déi 5 gréisste Schreifmaschinne-Produzenten op déi sougenannte QWERTY-Tastatur gëeenegt.

Wéi kann ee Mënschen am Internet identifizéieren? Fuerscher sinn op eng iwwerraschend Prozedur komm: duerch hiert Tippverhalen!

Dat heescht also, et kann ee mech dorun erkennen, wéi ech op enger Tastatur tippen?

Jo ganz genee! All Mënsch huet eng aner Aart a Weis ze tippen, déi e Computer erkenne kann: Wéi laang léist een e Fanger op bestëmmte Buschtawe leien, wéi séier wiesselt ee vu Buschtaf zu Buschtaf, a wat fir engem Rhythmus schreift ee bestëmmte Buschtawefolgen oder Wieder? Banke benotzen dëse System schonn, fir sécher ze goen, dass d’Zougangsdaten zu dengem Online-Konto och wierklech vum Besëtzer an net vun engem Hacker-Programm agi ginn. 

Sou ka mech jo awer och all aner Internetsäit identifizéieren, wann ech op hier iergendeppes aginn?

Am Prinzip jo. Et kéint ee souguer sou duerch d’Netz verfollegt ginn.

Hmm, mat sou enger Uwennung hunn d’Erfanner vun der Tastatur bestëmmt net gerechent, oder?

Ganz sécher net. Mee se hunn sech schonns intensiv mat der Fro nom Schreifrhythmus beschäftegt. D'Tastatur vun der éischter Schreifmaschinn huet nach sou ausgesi wei eng Pianostastatur. Se gouf am Joer 1868 an den USA gebaut. D’Buschtawe waren nach dem Alphabet no gesënnert. 

Dat mëscht Sënn. Ech froe mech ëmmer, wisou dat net esou bliwwen ass!

Fir méi schnell tippen ze kennen. Déi éischt Schreifmaschinne goufen nämlech agesat, fir Mors-Telegrammer während dem Empfänken ofzeschreiwen. Anescht wéi eng haartnäckeg Legend behaapt, goung et nämlech net drëm, d’Tasten sou ze verdeelen, dass een net schnell schreiwe kann, well sech soss d’mechanesch Hiewelcher verkrämpe kéinten. Au Contraire! D’Erfanner hunn d’Tasten zimlech séier schonn op véier Reien iwwerenee verdeelt. Sou hunn d'Fanger net méi missen sou grouss Distanzen zeréckleeën. Ausserdeem hu se d'Buschtawen duerchernee gewierfelt. Déi am meeschte gebrauchten, wéi I, O, E,U,A koumen an eng Rei. Sou ass et lass gaang mam Buschtawe Kuddel Muddel. Jiddereen huet d’Tasten e bëssen anescht sortéiert. Réischt 1898 hunn sech dunn déi 5 gréisste Schreifmaschinne-Produzenten op déi sougenannte QWERTY-Tastatur gëeenegt. Si ass bis haut d’Grondlag fir déi meeschten Tastature bliwwen. Dat ännert sech villäicht réischt mat futuristesche Modellen, mat deenen een an der Loft schreiwe kann.

An der Loft?

Jo, an éischte Prototype gëtt hei d'Positioun vun de Fangere mat Radarwellen erfaasst. Dës gi vun engem Mikrochip generéiert deen zum Beispill am Handy kéint sinn.

Klengt wierklech futuristesch!

Tjo, souguer wann et nëmmen em d'Tastatur geet, bleift d'Fuerschung ëmmer spannend!

Auteur: Ingo Knopf
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Traducteur: Sophie Steinmetz
Photo: Wikimedia Commons 

Infobox

Mr Science op RTL Radio

All 2 Wochen présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert engem Objet aus dem Alldag stécht.

Des Emissioun gouf den 19. Mee 2016 opgeholl. 

Aussi dans cette rubrique

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR