shotshop.com

Wann den Zuch fiert, hunn ech, genau wéi alles ronderëm mech, déi selwecht Vitess wéi den Zuch.

Mr Science, wann een am Zuch spréngt, kënnt een dann rëm op där selwechter Plaatz un?

Als Kand hunn ech et oft ausprobéiert. Wann ech an engem Zuch, dee fiert, an d’Luucht sprangen, da kommen ech erëm op der selwechter Plaz un.

Et kéint ee jo awer mengen, datt den Zuch jo während där Zäit, wou’s du an der Luucht bass, weider fiert. An duerfir misst du vill méi wäit hannen am Zuch rëm opkommen.

Nee, allerdéngs nëmmen, wann den Zuch riicht aus a mat konstanter Vitess fiert. Soss kënnt een tatsächlech e bëssi méi vir oder méi hannen oder méi säitlech un.

Kanns de dat méi genau erklären ?

Wann den Zuch fiert, hunn ech, genau wéi alles ronderëm mech, déi selwecht Vitess wéi den Zuch. Während der Zäit, wou ech an der Luucht sinn, bleiwen ech a Bewegung. Et ass jo näischt do, wat mech bremst. Ech hunn also déi selwecht Vitess wéi den Zuch. Ech bleiwen also genau iwwer där Plaz, vun där ech ofgespronge sinn.

A kommen natierlech och erëm do un. Alles kloer !

Wann den Zuch allerdéngs schaarf bremst während ech an der Luucht sinn, dann gëtt hie méi lues. Ech behale meng Vitess ower bäi a kommen elo méi vir am Zuch op.

A wann s de um Dach vum Zuch stéings, esou wéi een dat an de Filmer mol gesäit ?

Do spieren ech elo d’Loft, déi mer em d’Ouere päift, an déi mech ganz kräfteg ofbremst, wann ech an der Luucht sinn. Ech géif also, vill méi hannen um Zuch opkommen.

Ok. Bannen am Zuch ass d’Loft jo mat a Bewegung a bremst dech duerfir net of !

Richteg ! Et ass eigentlech dat selwecht, wann ech hei am Studio an d’Luucht sprangen.

Wisou ?

Well mir a ganz grousser Bewegung sinn. Wéinst der Äerdemdréiung, wéinst der Bewegung vun der Äerd em d’Sonn, a wéinst der Bewegung vun eisem Sonnesystem em den Zentrum vun der Mëllechstrooss. An trotzdem kommen ech op der selwechter Plaz un, wou ech ofgespronge sinn !

Auteur:  André Mousset (Physiker)
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Photo © Shotshop.com

Infobox

Mister Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mister Science op Eldoradio är Froen.
Des Fro gouf den 08/07/2015 opgeholl.
Scheck och deng Fro op: mister.science_at_fnr.lu

 

 

Aussi dans cette rubrique

Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR
Den Toun mécht d’Musek Sinn eis Museksinstrumenter falsch gestëmmt?

Huet Musek mat engem Grondtoun vu 432 Hz e speziellen Afloss op Kierper a Geescht?

FNR